Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow DAG AN DER NATUR 2024
quote quote

Infostänn

Sonndeg, de 26. Juni 2022

 

vun 10:00 bis 17:00

 

am Ellergronn zu Esch/Uelzecht

 

Gitt méi gewuer iwwert d’Natur an de Site vum Ellergronn.

 

Informéiert iech op engem vun dësen Infostänn, déi um Dag vun der Natur present sinn:

 

20 Expo Minett Ink

 

 

Kuckt d’Sensibiliséierungsbiller, déi vu Jonken, tësch 8 a 16 Joer, am Kader vum Projet MiNELL, dee vum FNR ënnerstëtzt gëtt, realiséiert goufen.

21 E roude Fuedem …

 

 

De Kënschtlerkollektiv Maskénada presentéiert säi grousse Projet am Kader vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad.

 

22 L’Heure Bleue

 

 

D’Porteurs de projet erklären hire Musée matten an der Natur.

 

 

 

23 Naturschutzzentrum Ellergronn

 

 

Gitt alles gewuer iwwert den Naturschutzzentrum am Ellergronn.

 

24 Valobois

 

 

Erlieft Virféierungen vun engem Schmatt an engem Schräiner, déi de ganzen Dag op der Plaz sinn.

 

25 Vël’OK

 

 

Gitt alles iwwert de Projet vum CIGL Esch gewuer.

 

 

 

26 Entente Mine Cockerill

 

 

D’Entente Mine Cockerill invitéiert iech an de Minnemusée am Ellergronn.

 

27 Beien-Infostand

 

 

Loosst iech vun engem Imker an déi geheimnisvoll Welt vun de Beien entféieren.

 

28 D’Konscht vum Schmidden

 

 

Kuckt dem Schmadd no wéi hien Eisen a Form bréngt.

 

 

 

29 Fairtrade Lëtzebuerg

 

 

Fannt alles eraus iwwer 30 Joer Fairtrade Lëtzebuerg.

 

 30 Mini-Entreprise Seven Teg

 

 

Entdeckt d’Minientreprise Seven Teg aus dem Lycée Mathias Adam an hir Tote Bags.

 

31 Expo Wouter van der Vlugt

 

 

De Sculpteur Wouter van der Vlugt stellt e puer vu senge Konschtwierker um Dag an der Natur aus.

 

 

 

32 Feiersteen Demonstratioun

 

 

De Archäolog Florent Le Mené weist, wéi fréier mat Hëllef vu Feiersteng dat iwwerliewenswichtegt Feier konnt ugemaach ginn.

33 Naturschutz a Landwirtschaft

 

 

Entdeckt wéi Naturschutz a Landwirtschaft kënnen Hand an Hand goen.

 

 

Klickt op de Plang hei ënnendrënner fir ze gesinn, wou wat um Site geschitt.