Infostänn
Sonndeg, de 26. Juni 2022
vun 10:00 bis 17:00
am Ellergronn zu Esch/Uelzecht
Gitt méi gewuer iwwert d’Natur an de Site vum Ellergronn.
Informéiert iech op engem vun dësen Infostänn, déi um Dag vun der Natur present sinn:
20 Expo Minett Ink
Kuckt d’Sensibiliséierungsbiller, déi vu Jonken, tësch 8 a 16 Joer, am Kader vum Projet MiNELL, dee vum FNR ënnerstëtzt gëtt, realiséiert goufen.
21 E roude Fuedem …
De Kënschtlerkollektiv Maskénada presentéiert säi grousse Projet am Kader vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad.
24 Valobois
Erlieft Virféierungen vun engem Schmatt an engem Schräiner, déi de ganzen Dag op der Plaz sinn.
27 Beien-Infostand
Loosst iech vun engem Imker an déi geheimnisvoll Welt vun de Beien entféieren.
28 D’Konscht vum Schmidden
Kuckt dem Schmadd no wéi hien Eisen a Form bréngt.
30 Mini-Entreprise Seven Teg
Entdeckt d’Minientreprise Seven Teg aus dem Lycée Mathias Adam an hir Tote Bags.
32 Feiersteen Demonstratioun
De Archäolog Florent Le Mené weist, wéi fréier mat Hëllef vu Feiersteng dat iwwerliewenswichtegt Feier konnt ugemaach ginn.
Klickt op de Plang hei ënnendrënner fir ze gesinn, wou wat um Site geschitt.