EN DAG AN DER NATUR 2024
En Dag am Fräie fir déi ganz Famill mat Wanderungen, Aktivitéiten, Demonstratiounen, Atelieren, Handwierksprodukter, Déieren, Iessen a Gedrénks.
🚌 🚲 Decidéiert Iech wgl. fir déi aktiv Mobilitéit oder den ëffentlechen Transport fir ze kommen! 🚌 🚲
Zu Fouss, mam Bus (Linn 12 vun der Escher Gare) oder mam Vëlo (Vël’OK Statioun am Ufank vum Site) … an esouguer mat der Päerdskutsch vum Parking bausst dem Site.
🌎🌱♻️ Zesumme fir eise Planéit organiséiere mir eng ekologesch responsabel Manifestatioun! 🌎🌱♻️
Minett Trail
© Pulsa Pictures / Visit Minett
4 Wanderungen
Entdeckt de Minett Trail an Äerem Rythmus oder a Begleedung vun engem Guide.
Mir proposéieren Iech Wanderunge vu 4 verschiddene Punkten mat ënnerschiddlechem Schwieregkeetsgrad.
Bei all Depart besteet d’Méiglechkeet den eegenen Auto ze parken.
1. Bieles – Ellergronn (10 km)
🕘 8:00-12:00 – FR
📍 Parking Kierfecht, Matgeswee, Bieles
Accessibilitéit: 🦽 👶🏽
Schwieregkeet: liicht
2. Schëffleng – Ellergronn (9 km)
🕘 8:00-12:00 – FR
🕘 8:30-12:30 – LU
📍 Parking Kierfecht, Montée du cimetière, Schëffleng
Schwieregkeet: mëttel
3. Téiteng – Ellergronn (9 km)
🕘 8:00-11:30 – FR
📍 Parking Schungfabrik, rue Pierre Schiltz, Téiteng
Schwieregkeet: mëttel
4. Diddeleng – Ellergronn (23 km)
🕘 7:00-16:00 – LU
📍 Parking Boulodrome, rue Reiteschkopp, Diddeleng
Schwieregkeet: haard
4 guidéiert Wanderungen
Reservéiert Äer guidéiert Wanderung am Viraus.
De Start ass zum Zäitpunkt an op deene Plazen, déi hei uewendriwwer ugi sinn.
Gratis Navetten
Navetten, déi Iech op der Startpunkt zeréckbréngen, fueren um 14:00, 16:00 an 18:00 Auer.
De Programm am Ellergronn
💡 Aktivitéiten
🕘 De ganzen Dag iwwer:
- Bastelatelieren (Keramik, Molen, wëllt Holz, Fackele basten, Seeler knäppen)
- Päerdskutsch
- Naturspiller
- Alles ronderëm d’Bei
- Segway-Touren duerch de Bësch
- Outdoor cooking
- Aaxt- a Bouschéissen
- Schmadd
- Staangebrout baken
- Miniatur Bauerenhaff
👷 Demonstratioune vun der Bëschaarbecht
🕘 10:00 – 18:00
“Esou wéi een an de Bësch rifft, sou seet et zréck”
🌳 Waldwerkstatt (8-12 Joer)
🕘 10:30 – 12:30 | 13:00 – 15:00 | 15:30 – 17:30
Entdeckt déi nohalteg Entwécklung an der Praxis.
E Bam ëmseeën an aus sengem Holz praktesch Objete fir doheem maachen.
🧚 Erzieltheater: D’Tata Magréitchen an d’Planzen aus dem Bësch
🕘 15:00 – 15:30 | 16:00 – 16:30 | 17:00 – 17:30
D’Tata Magréitchen verzielt Geschichten iwwer déi wëll Planzen aus dem Ellergronn. Si hëllt Iech mat op hir geheim Liiblingsplazen matten am Bësch, wou Dir Iech sëtzen an nolauschtere kënnt. Verpasst d’Geleeënheet net mat Spaass méi iwwert dës fantastesch Welt gewuer ze ginn.
© Eric De Villet / Visit Minett
© Minett UNESCO Biosphere
🔎 D’Gestengs aus der Géigend a seng Eegeschaften
🕘 10:00 – 18:00 | Randonnée & Atelier
Entdeckt d’Fielsen an hir Mineralien zesumme mam FerroForum an dem Robert Maquil.
Wou kënne mir se fannen a mat wéi engen einfachen Technike kënne mir d’Steng identifizéieren?
🎷 Musekaleschen Encadrement
🕘 11:45 – 13:00 | Réidener Juegdbléiser
🕘 11:30 – 14:30 | Louisiana Dixie Band
🕘 14:30 – 17:00 | Leoin Rua
🧺 Presentatioun a Verkaf
🕘 de ganzen Dag iwwer
- Produite vum Imker
- Geméis
- Béier, Wäin & Jus
- Liqueuren, Siropen & Spirituosen
- Ueleger & Kären
- Food trucks
- Projet « Bois de chauffage »
- Projet « Escher Geméisguart »
- Projet « Vël’OK »
Lokale Produzentemaart
🕘 de ganzen Dag iwwer
🐝 Produite vum Imker
Kordaller Hunneg – Apizoller (Déifferdeng)
🥕 Uebst & Geméis
🌾 Ueleger & Kären
🥂 Béier, Wäin & Jus
Minettsdapp Brauerei (Diddeleng)
Domaine Krier-Welbes (Elleng-Gare)
🍸 Liqueur, Sirop & Spirituosen
Gilbert Barone (Garnech)
📚 Luxemburgensia
© Eric De Villet / Visit Minett
Plang vum Dag an der Natur