Januar
Am Januar huet d’ASBL Esch2022 der CCPHVA (Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette) an dem Syndicat PRO-SUD, esou wéi och den 19 Gemengen, déi Deel vum europäesche Kulturjoer waren, den Zepter iwwerginn. Zesumme mat der CCPHVA si mer amgaangen e Projet auszeschaffen, fir d’Ierwe vun Esch2022 z’erhalen. |
Februar
D’Optioun Urbanismus aus dem Lycée Josy Barthel vu Mamer huet am Fréijoer de Belval entdeckt a sech hir Gedanke gemaach, wéi d’Natur an Naturraim besser an deen neie Quartier kéinten integréiert ginn. No enger Visitt um Terrain ass an der Optioun theoretesch geschafft ginn. D’Konklusioune vun de Schüler gëtt et hei.
|
![]() |
Mäerz
![]() |
Am Mäerz hu mir d’Biosphärereservat Moselle Sud besicht, fir méi iwwert hiert Konzept vun der „Aire terrestre éducative“ gewuer ze ginn an eis fir eisen ATE Pilotprojet zu Rëmeleng z‘inspiréieren. Hei fannt Dir d’Detailer zu der „Aire terrestre éducative“ vu Rëmeleng. |
Abrëll
Enn Abrëll huet de Syndicat PRO-SUD am Ariston zu Esch seng 20 Joer gefeiert. Hei hunn déi 11 Gemengen, zesumme mam Landesplanungsminister an dem Ëmweltministère eng Deklaratioun ënnerschriwwen d’Minett UNESCO Biosphere an den nächste Joren zu engem klimaneutrale Biosphärereservat ze maachen. |
![]() |
Mee
![]() |
Fir eis Deeg vun der Biodiversitéit hate mer am Mee Entreprisen, Schoulkanner an, um Familljendag, jiddereen an den Ellergronn invitéiert. Um „Dag an der Natur an um Minett Trail“ ass de 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 PRO-SUD-Gemengen ageweit ginn an um traditionelle Familljefest, wat mer zesumme mam Naturschutzzentrum Ellergronn, der ANF, Visit Minett an der Stad Esch organiséieren, hate mer eng éischte Kéier e Maart mat lokale Liewensmëttel proposéiert, dee gutt bei Produzenten a Konsumenten ukomm ass. |
Juni
Méi ewéi 10 Schoulklasse sinn, iwwert eise MiNELL – Naturlab, am Fréijoer alles iwwert d’Minetter Schof an d’Roll vun der Wanderschéiferei an eisem Biosphärereservat gewuer ginn. Méi Info iwwert dës Aktivitéit fir Schoulklasse fannt Dir hei. |
![]() |
Juli
![]() |
16 Jonker aus ganz Europa waren am Juli bei eisem zweetem Jugendforum BeYouthSphere am Ellergronn dobäi an hunn hei eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Minett UNESCO Biosphere entwéckelt. |
August
Am August huet eise Wanderpodcast Minett Mash-Up Statioun am Fond-de-Gras gemaach. Dat ganzt Joer duerch ware mer mat interessante Gäscht an de Kabaisercher vum Minett Trail ënnerwee. Hei kann een all d’Episode vum Podcast lauschteren. |
![]() |
September
![]() |
Eng vun de MiNELL-Hierschtaktivitéiten war eng Visitt am gréisste Bongert vu Lëtzebuerg. E Pomolog huet de Participanten am Bongert Altenhoven alles iwwert traditionell Lëtzebuerger Äppel a Bierenzorte verroden. |
Oktober
Zesumme mam ‘naturmusée’, dem UNESCO Global Geopark Mëllerdall, dem Musée de l’Ardoise vu Maartel an der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun hu mer fir de internationalen Dag vun der Geodiversitéit eng Visitt an der Minière Doihl organiséiert, fir esou de Participanten ënnert dem Buedem d’Eenzegaartegkeet vun eisem Minett z’erklären. |
![]() |
November
![]() |
Wat een am Hierscht fir z’iessen an eise Bëscher fënnt, dat huet de MiNELL-Atelier „De Bësch schmaachen“ Schoulklassen an Erwuessenen am Oktober an November gewisen. |
Dezember
Am Dezember war d’Presentatioun vum Buch iwwert den Architekturconcours fir d’Realiséiere vun de Kabaisercher um Minett Trail. Entdeckt d’Buch, wat vum Ordre des Architectes et Ingénieurs-conseils (OAI) realiséiert gouf, hei. |
![]() |