Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

D’Deeg vun der Biodiversitéit 2023

Réckbléck op dräi Deeg vun der Biodiversitéit an der Minett UNESCO Biosphere

Lescht Woch hu mir als Minett UNESCO Biosphere déi drëtt Editioun vun den Deeg vun der Biodiversitéit organiséiert. No zwee Joer, déi deels vu sanitäre Mesure gepräägt waren, konnte mer dës Kéier komplett vum Naturschutzgebitt Ellergronn a senge Méiglechkeete profitéieren. Den Ellergronn, eng vun de Kärzone vun eisem Biosphärereservat, ass eent vun den eelsten Naturschutzgebitter vum Land a bitt eng Abberzuel Méiglechkeete fir Aktivitéiten.

11.05.: Den Dag fir d’Entreprisen

Donneschdes war den Dag fir d’Entreprisen. Zesumme mam IMS Luxembourg hate mir Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Betriber, déi Member bei IMS sinn, invitéiert. D’Participante kruten e Workshop proposéiert an deene si gewise kruten, wéi en Herbarium ugeluecht gëtt. D’Malika Palies vu Sound Ecology huet dëse Workshop geleet.

Wärend dem Workshop sinn d’Participante gewuer gi wat en Herbarium ass. Si kruten och erzielt firwat et wichteg ass, datt Herbarien ugeluecht a konservéiert ginn a wéi ee virgoe muss, fir en Herbarium op eng korrekt Manéier z’erstellen.

Duerno goung et eraus op den Terrain, also an d’Bëscher an Dréchewise vum Ellergronn, fir Planzen ze bestëmmen an ze sammelen. Dës Planze sinn duerno zesummen zu engem Herbarium zesummegesat ginn an eenzele Participant krut säi perséinlechen Herbarium als Undenken un hiren Dag vun der Biodiversitéit mat.

© Minett UNESCO Biosphere

12.05.: Den Dag fir d’Schoulen

An der laanger Traditioun vun Atelieren, déi de PRO-SUD zënter 2008 fir d’Schoulklassen organiséiert, war et um Freideg un de Schoulklassen aus de Membergemenge vum Gemengesyndikat, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert.

Néng Klassen aus de Gemenge Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch, Käerjeng, Käl-Téiteng, Monnerech, Péiteng a Suessem haten de Wee an den Ellergronn fonnt a konnten u siwe verschiddenen Atelieren deelhuelen an esou dat natierlecht an dat industriellt Ierwe vum Minett entdecken.

Am Atelier “Waldbaden”, dee vum “Haus vun der Natur” geleet gouf, goung et drëms, datt d’Kanner de Bësch mat all senge Facetten entdecke konnten. De Musée Ferrum huet de Kanner d’Archeologie méi no bruecht an erkläert firwat een am Minett vill Fossilië ka fannen. Beim Workshop vum Escher Déierepark konnten d’Schülerinnen a Schüler den “Nagerführerschäin” maachen, den “naturmusée” huet hinnen iwwerdeems alles iwwert Lurchen an Amphibie verroden, déi an de Fiichtgebitter vun der Minett UNESCO Biosphere doheem sinn.

Déi wichteg Roll vun de Beien als Bestëbser am Kreeslaf vun der Natur war de Sujet vun engem Atelier vun der ANF, am zweeten ANF-Atelier goung et ëm d’Minnen aus der Regioun an hir aktuell Wichtegkeet fir d’Iwwerliewe vun de Fliedermais. A schlussendlech kruten d’Schoulkanner aus der Regioun och erkläert, firwat ee Päerd ganz gutt fir Aarbechten am Bësch kann asetzen. Duerfir war d’”Robbesscheier” extra mat zwee vun hiren Ardennerpäerd vu Munzen an den Ellergronn komm.

© Minett UNESCO Biosphere

13.05.: Den Dag an der Natur an um Minett Trail

Um Samschdeg stoung dann nees alles am Zeeche vun de Famillen. Fir déi 19. Kéier scho war den Dag an der Natur vun der Stad Esch an der Naturverwaltung, bei deem d’Minett UNESCO Biosphere zënter 2021 bei der Organisatioun hëlleft. Dës Joer war mat Visit Minett, den regionalen Tourismusbüro, en neie Co-Organisateur dobäi.

Um Programm stoungen eng Rei Ateliere fir Grouss a Kleng an deenen ee méi iwwert d’Natur an Handwierk léiere konnt. Et gouf Demonstratioune vu de verschiddenen Aarbechten, déi am Bësch gemaach ginn, Informatiounsstänn a kreativ Ateliere mam “Grénge Mann” oder dem “Aqua-Wass”. Dobäi koume guidéiert Wanderungen, Iess- a Gedrénksstänn a musikalesch Begleedung vu verschiddene Bands, déi iwwert de ganzen Dag um Site gespillt hunn.

Nei war dëst Joer e lokale Maart op deem eelef Produzenten aus der Regioun hir frësch Produiten ugebueden a verkaf hunn. Hei war frëscht Uebst a Geméis genee esou an der Offer, ewéi Eeër, Ueleger oder Gedrénks.

Aweiung vum Minett Trail

Den Highlight vum Dag war awer ouni Zweiwel d’Aweiung vum Minett Trail an der Escher Kabaischen um Trail “Pump It Up“. D’Iddi fir e Wanderwee vun enge 90 Kilometer Längt duerch déi eelef Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere unzeleeën ass mat der Kandidatur vun der Südregioun fir de Label als UNESCO-Biosphärereservat entstanen. Visit Minett huet duerno existent Wanderweeër erfaasst an dës zu engem Premium-Trail kombinéiert, deen duerch déi eelef Gemengen, 8 Naturschutzgebitter, 7 Stied a 6 Dierfer vum Süde féiert.

Bei der offizieller Aweiung vum Minett Trail hunn den Tourismusminister Lex Delles an der President vum ORT-Süden, Henri Haine, d’Bedeitung vun dëser neier Infrastruktur fir d’Entwécklung vun engem nohaltegem Tourismus am Süde vu Lëtzebuerg ënnerstrach a betount, datt och déi 11 Kabaisercher, déi laanscht de Minett Trail entstane sinn, dozou bäidroe kënnen de Minett op déi touristesch Landkaart ze setzen.

Den Escher Buergermeeschter a President vum Gemengesyndikat PRO-SUD huet fir d’Aweiung vun der Escher Kabaischen „Pump It Up“ betount, datt d’Minett UNESCO Biosphere e wichtege Bestanddeel fir déi zukünfteg Positionéierung vun der Südregioun ass an d’Kollaboratioun tëscht den eelef Südgemenge gelueft, déi de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher zesumme mam OAI realiséiert hunn.

© Eric Devillet / ORT-Sud