Mission Zéro Carbone Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Missioun: Klimaneutralitéit

PRO-SUD Gemengen ënnerschreiwen eng Déclaration d’intention fir d’Minett UNESCO Bisophere gemeinsam ze dekarboniséieren

Am Kader vun der offizieller Feier fir den 20. Joresdag vun der Grënnung vum Syndicat PRO-SUD, déi e Freideg, den 21. Abrëll zu Esch-Uelzecht am Ariston organiséiert gouf, hunn d’Kommiteesmembere vum Gemengesyndikat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun, a Präsenz vum Landesplanungminister Claude Turmes an der Ëmweltministesch Joëlle Welfring, eng Déclaration d’intention ënnerschriwwen. Dës Deklaratioun proposéiert gemeinsam a koordinéiert Ustrengungen am Kader vun der Minett UNESCO Biosphere z’ënnerhuelen, fir eng komplett Dekarbonisatioun vun der ganzer Regioun z‘erreechen.

D‘PRO-SUD-Gemengen erklären domat hir Intentioun, zesummen un der Definitioun vun enger „klimaneutraler“ regionaler Approche ze schaffen. Déi 11 Gemenge vun der Südregioun (Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl-Téiteng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem) wäerte mat alle (privaten an ëffentlechen) Acteuren zesummeschaffen an dobäi op Instrumenter, Programmer an Initiativen, déi ewell lancéiert goufen zeréckgräifen, an an engems d’Liewensqualitéit vun hiren Awunner ze verbesseren.

„Fir d’Energietransitioun z’erreechen, kann ee weder eleng nach ouni Support schaffen. De gréissten Undeel vun den CO2-Emissiounen, nämlech 40%, kënnt aus Mobilitéitsprobleemer, an dës Zort vu Probleemer kann een net als Gemeng léisen. Et ass op mannst e regionalen, wann net esouguer en nationalen oder grenziwwerschreidende Probleem“, sot de Georges Mischo, President vum Syndicat PRO-SUD bei der Zeremonie e Freideg den Owend.

De Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung, huet betount, datt „eng enk an ofgestëmmten Zesummenaarbecht tëscht verschiddene Verwaltungsniveauen, am Sënn vun enger plurisektorieller Verwaltung op multipellen Niveaue vum Territoire, de Garant ass vun enger effikasser a kompletter Ëmsetzung vun den Ziler déi d’Regierung sech fir d’Klima- an Energiepolitik ginn huet, esou wéi fir d’Ëmsetze vun den Ziler vun enger nohalteger Landesplanung.“

D’Gemenge wëllen hir strategesch Zesummenaarbecht intensivéieren, andeems de sech och lokalem a regionalem Niveau engagéieren, dem Syndicat PRO-SUD déi néideg Moyene zur Verfügung ze stellen, fir déi 11 Gemengen an hiren Efforten z’ënnerstëtzen an dat am Kader de Beräicher, déi fir déi eenzel Gemenge Prioritär sinn.

Den Text vun der Déclaration d’intention vun den 11 PRO-SUD-Gemengen

De Pressedossier fir den 20. Gebuertsdag vum Syndicat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun, PRO-SUD

© Jessica Theis