Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Esch2022 gëtt den Zepter virun u PRO-SUD

D’Titeljoer vun der Europäescher Kulturhaaptstad ass fäerdeg, de Projet Esch2022 gëtt elo vun de Gemenge vum Syndicat PRO-SUD an de franséische Gemenge vun der CCPHVA (Communauté de Communes Pays Haut Val d`Alzette) viru gefouert.

Ee Mount nom offiziellen Enn vum éischte Kapitel vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, den 22. Dezember 2022, ass haut d’Fakel vun der Capitale européenne de la culture 2022 asbl un déi Lëtzebuergesch a franséisch Gemengen iwwerreecht ginn, déi zesummen den Titel vun der Europäescher Kulturhaaptstad 2022 gedroen hunn. D’Evenement an der “L’Arche” zu Villerupt, déi fir Esch2022 gebaut ginn ass, markéiert d’Suite vum nohalteg ausgeriichte Projet Esch2022, deen, ë.a., als But hat, d’Zesammenaarbecht tëscht de Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg an déi mat de franséische Grenzgemengen aus der Regioun Grand Est opzebauen a laangfristeg ze stäerken. 

D’Kultur war dobäi de Motor, de Projet hat awer och eng ekonomesch Dimensioun. Moies si Vertrieder aus de Gemenge fir déi an engem net-ëffentleche Workshop zesummekomm, fir gemeinsam Pisten zu de véier Haapt-Sujeten z’entwéckelen: gemeinsam Kommunikatioun, Tourismus a Mobilitéit, Kultur an och nohalteg Entwécklung. Dobäi goufen nach emol d’Erfarunge vun der Zesummenaarbecht aus de leschte Joren analyséiert an Iddie formuléiert, wéi an Zukunft an der grenziwwerschreidender Regioun virun zesummegeschafft ka ginn.

© Syndicat PRO-SUD

„Ech wënsche mir, datt d’Aarbecht, déi mir zesumme mat de Gemengen a villen Honnerte Projetspartner aus der Esch 2022-Regioun, gemeinsam mat Ministèren, Sponsoren, Veräiner a Fräiwëllegen iwwert d’Grenzen ewech, ugefaangen hunn, elo op eng effikass a konkret Manéier ka viru gefouert ginn”, sot d’Nancy Braun, Directrice vun Esch2022. „Eis Aarbecht, dat éischt Kapitel vum Projet Esch2022 ze schreiwen, ass gemaach. Dat zweet Kapitel muss elo vun anere mat Liewe gefëllt ginn a jidderee muss seng Verantwortung dobäi iwwerhuelen, och d’Biergerinnen a Bierger, well et geet och an Zukunft just zesummen.”

Zënter 2019 huet d’Equipe vun Esch2022 mat Partner aus Lëtzebuerg an dem Ausland dorunner geschafft, d’Titeljoer 2022 kooperativ an nohalteg ze gestalten. Et war den éischt Schratt vun der Missioun esou d’Esch2022-Regioun virun z’entwéckelen an ze stäerken. Den zweete Schratt war elo d’Verantwortung vun dëser Missioun un déi 19 Gemengen, déi dobäi waren, virun ze ginn. 

Stellvertriedend fir d’Gemeng hunn déi zwee Presidente vun de Gemengenzesummeschlëss – Georges Mischo fir de Syndicat PRO-SUD a Patrick Risser fir d’CCPHVA – zougesot, d’Ierwe vun Esch2022 virun ze féieren. Och d’Regioun Grand Est war bei dëser Manifestatioun vertrueden an huet hire Support zougeséchert. Symbolesch huet si den zwou Gemengestrukturen eng Skulptur vun der loutrengescher Kënschtlerin Marie Flambard iwwerreecht.

D’Stad Esch-Uelzecht an all d’Gemenge vun der Regioun Esch2022 hu vill investéiert, fir an den nächste Joren en nohaltege Succès vum Projet, de Critère vun der europäescher Kommissioun no, garantéieren ze kënnen. Eent vun de groussen Ziler war et, eis Regioun, hir Acteuren an hir kulturell Offer op déi national, awer och international Landkaart ze setzen, an ech denken, dat ass eis gegléckt.”, erkläert de Georges Mischo, President vu PRO-SUD. “Dës Energie, dëse Geescht musse mer elo viru benotzen, fir eis Regioun nohalteg ze stäerken – op regionalem Niveau an iwwert d’Grenzen eraus; dat ass mir als President enorm wichteg, an ech schwätzen am Numm vun alle Lëtzebuergesche Gemengen. Wéi wëlle mer dat realiséieren? Zesummen!”

Et ass evident, datt Esch2022 fir eis eng Geleeënheet war, ze weisen, datt e klengen Territoire mat ongeféier 30.000 Awunner och an engem méi komplexen Ëmfeld kann existéieren. Mir hunn hei Mënschen, déi esouwuel u kulturellen ewéi grenziwwerschreidende Sujeten interesséiert sinn a sech engagéieren. Esch2022 ass fir mech aktuell dee wichtegste Projet, deen iwwert d’Grenzen erausgeet. A wann mer et Domaine vun der Kultur gepackt ginn, da kënne mer och an anere Beräicher zesummeschaffen. Dovunner sinn ech iwwerzeegt.”, seet de Patrick Risser, President vun der CCPHVA.

Déi nei kulturell Plazen, déi am Kader vun Esch2022 geschaf goufen, déi a restauréierten oder ëmstrukturéierte Gebaier ënnerbruecht sinn, wäerten och an Zukunft dacks fir eng kulturell Offer zur Verfügung stoen. Dës “Tiers lieux culturels” si Plazen, déi déi klassesch Kulturariichtungen ewéi Muséeën oder Theateren ergänze kënnen an d’Kultur méi no un de Bierger brénge kënnen – e But, deen Esch2022 duerch d’Kreatioun oder eng nei Notzung vun existente Gebaier a ville Gemenge vun deenen zwee Länner erreecht huet. Traditionell Fester a Bräich goufen am Kader vun Esch2022 nei opgestallt a sollen och an Zukunft vum europäesche Gedanke vum Kulturhaaptstadprojet profitéieren. Geschicht(en) gouf(en) nei erzielt an nees accessibel gemaach – mat digitalen Technologien, engem innovative Storytelling oder an Zesummenaarbecht mat neie Partner a lokale Kënschtler. Dës sollen accessibel bleiwen a virun entwéckelt ginn.

© Syndicat PRO-SUD

Dat lescht Joer stoungen all Mount e puer Gemenge vun der Regioun, déi sech op zwee Länner verdeelt, am Fokus vum Programm. Am Kader vu symbolesche Fakeliwwerreechungen, dem „Passage de flambeau“, hunn dobäi all Kéier d’Gemenge vun engem Mount, de Gemenge vum Mount duerno den Titel als “Gemeng vum Mount” viruginn. De Passage de flambeau haut zu Villerupt huet dës Serie op en Enn bruecht. Symbolesch krut all Gemeng en Deel vun engem Konschtwierk iwwerreecht, dat bei der Ofschlosszeremonie vun Esch2022, den 22.12.2022, entstanen ass. Esou wéi all eenzelen Deel eenzegaarteg ass, esou sinn et och déi 19 Gemengen. Zesummen si se awer en neit “Ganzt”.