11 Kabaisercher an e Wee vun 90 Kilometer duerch all d’Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere sinn aktuell amgaangen amenagéiert ze ginn. Esou kënnen d’Visiteure vum Biosphärereservat esouwuel d’Schéinheet vun der Natur ewéi och déi historesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet op kuerzen oder laange Wanderungen entdecken.
Fir de komplette Projet ze presentéieren, si fir d’Joer 2022 e Katalog, eng audiovisuell Dokumentatioun an eng Wanderausstellung geplangt.
Wéi ass de Projet entstanen?
Am Ufank stoung d’Iddi vum ORT-Süden (Visit Minett), e Wanderwee, mat nationalem Charakter an engem Usproch op Renommee, duerch déi onbekannten, awer dacks spektakulär Landschaften an zemools duerch déi fréier Dagebaugebitter, ze schafen.
Ëmmerhi soll déi europäesch Kulturhaaptstad am Joer 2022, engem wichtege Joer fir Image vun der Regioun, eng ganz Rei Visiteuren an d’Regioun lackelen. Fir dës Visiteuren kënnen ze logéieren ass d’Konzept vum Minett Trail erweidert ginn an et ass d’Iddi entstanen, de Leit, déi fir Esch2022 an eis Géigend kommen, och d’Iwwernuechtungsméiglechkeeten ze bidden. Hebergementer, déi iwwer 2022 eraus, solle Bestand hunn.
Fir méi ewéi just einfach hëlzen Häipe laanscht de Minett Trail z’installéieren, gouf den OAI gebiede sech um Projet vun de Kabaisercher ze bedeelegen. Entstanen ass en éiergäizegen an innovativen Architekturconcours, dee bei eng europäesch Kulturhaaptstad passt. Zousätzlech zu den Iwwernuechtungsméiglechkeete soll d’Attraktivitéit vum Minett Trail nach duerch en artisteschen a kulturelle Programm gesteigert ginn.
Déi eenzel Sitte si vun de Gemengen erausgesicht ginn. D’Krittäre fir de Choix waren de Respekt vum Ëmwelt- an Denkmalschutz, ouni dobäi awer Originalitéit, Realiséierbarkeet a Funktionalitéit fir zukünfteg Gäscht ze vergiessen.
Dës eelef Sitte sinn zeréckbehale ginn:











De Minett Trail um Geoportail (einfach hei klicken)
Kontaktpersoun: Robert GARCIA : r.garcia@pt.lu
Fir dëse Projet schaffen d’Gemenge vum PRO-SUD zesumme mat Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, dem Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) an dem ORT-Süden (Visit Minett).