D’Kabaisercher um Minett Trail sinn duerch e Concours entstanen. De ganze Projet, vun der Iddi iwwert den Architekturconcours bis bei déi fäerdeg Gîten, ass elo an engem Buch zesummegefaasst ginn, wat a Präsenz vum Kultur- an delegéierten Tourismusminister Eric Thill elo presentéiert ginn ass.
Haut de Moien (7.Dezember) war an der Kabaischen op der Zowaasch eng méi lass. Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils (OAI) hat, zesumme mam Syndikat PRO-SUD an Esch2022, op d’Presentatioun vum Buch « Gîtes Minett Trail – Concours OAI/PRO-SUD » invitéiert.
D’Buch setzt e Schlusspunkt ënnert de Kreatiounsprozess vun den eelef Kabaisercher laanscht de Minett Trail. D’Iddi fir d’Konzeptioun vun de Gîten en Architekteconcours z’organiséiere war 2019, am Kader vun der UNESCO-Kandidatur vun de PRO-SUD-Gemenge fir e Biosphärereservat ze ginn entstanen.
91 Konzepter fir déi 11 Sitte goufen agereecht an en Expertejury hat Ugangs 2020 33 vun dëse Projeten ausgezeechent. Dës Konzepter, vun deenen an all Gemeng eent realiséiert gouf, fanne sech am Buch erëm. D’Buch „Gîtes Minett Trail – Concours OAI/PRO-SUD“ gëtt e kompletten Iwwerbléck iwwert de Concours, seng Receptioun an der nationaler an internationaler Press an d’Resultater, déi duerch den Asaz an d’Finanzement vun den eelef PRO-SUD-Gemengen entstane sinn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere
Bei der Presentatioun vum Buch huet den OAI-Direkter Pierre Hurt d’Envergure an d’Eenzegaartegkeet vun dësem architektonesche Concours ënnerstrach, déi et erméiglecht huet eelef Iwwernuechtungsméiglechkeeten an der Minett UNESCO Biosphere ze schafen, déi op eng innovativ a kreativ Manéier d’Schéinheet vun der Regioun ënnersträichen.
De Kultur an delegéierten Tourismusminister, Eric Thill, huet a senger Interventioun d’Wichtegkeet ënnerstrach Kultur an Tourismus mateneen ze verbannen. Dat wier mat dësem Projet exemplaresche gegléckt a géif dem Süden nei Méiglechkeeten a senger touristescher, mä och (industrie-)kultureller Entwécklung bidden.
Fir den Erny Muller, Vize-President vu PRO-SUD, ass de Geescht vun der Zesummenaarbecht tëscht de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, deen duerch dëse Projet zousätzlech gestäerkt gouf, nieft dem Fakt, datt eng touristesch wäertvoll Infrastruktur entstanen ass, eent vun de positive Resultater vum Concours an der Realisatioun vun den 11 Gitten.
No weideren Interventioune vun Zenia Charlé, Presidentin vum ORT-SUD an Nancy Braun, Direktesch vun Esch2022, kruten d’Éieregäscht d’Kabaische vu Lasauvage vun der Architektin Anouck Pesch nach am Detail presentéiert.
E virtuelle Bléck an d’Kabaisercher an an d’Buch
Déi eelef Kabaisercher vum Minett Trail kënnen hei virtuell besicht ginn an déi digital Versioun vum Buch iwwert de gemeinsame Concours vum OAI a PRO-SUD ass hei ze fannen. Wien eng gratis, gedréckte Kopie vum Buch wëll, dee kann dës op de Siège vum OAI um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad siche goen.