Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Retro 2022

Entdeckt nach eng Kéier d’Héichpunkte vum Joer 2022 an der Minett UNESCO Biosphere.

Klickt einfach op de kuerzen Text fir all d’Detailler iwwert de Sujet vum Mount erauszefannen.

Januar

 

MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

Start vun eisem grousse Programm, zesumme mam FNR an dem LISER fir Ëmweltedukatioun an der Minett UNESCO Biosphere.

 

Februar

 

Minett Mash-Up – De Podcast

De Wanderpodcast vun der Minett UNESCO Biosphere zesumme mam ik-CNCI an dem MUAR.

Déi zweet Saison kënnt 2023!

 

Mäerz

 

De Gesang vun der Bëschléierchen

Den heemleche Star vun eisem Biosphärereservat stoung am Mäerz am Fokus. Zesumme mam Jan Herr, vun der ANF, waren Interesséierter op der Sich nom rare Villchen.

 

Abrëll

 

Minett Beyouthsphere Youth Forum

Am Abrëll hunn eng 15 Jonker um éischte Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere deelgeholl, Ëmweltproblemer identifizéieren a Solutioune proposéiert.

 

Mee

 

Tutti Frutti

Eng Kaart mat 74 fräi zougängleche Bongerten, wou een, um Gebitt vun der Minett UNESCO Biosphere,  gratis ka plécken, ass online gaangen.

 

Juni

 

D’Deeg vun der Biodiversitéit

3 Deeg laang stoung den Ellergronn am Zeeche vun der Biodiversitéit. Een Dag war fir d’Entreprisen, ee fir Schoulkanner an ee fir Familljen.

 

Juli

 

Rocklines – Publikatioun vum Reescarnet

Mat „Rocklines“ ass deen éischte geopoetsche Reescarnet vum Minett, geschriwwe vun Davide Sapienza a Robert Weis, am ‘naturmusée‘ presentéiert ginn.

 

August

 

Mmmh… Minett!

D’Minetter Schof, eis Biodiversitéitsgaranten am Biosphärereservat, goufen deen éischte Produit vun der neier Mark „Mmmh… Minett!“.

 

September

 

Au Goût du Terroir

Iwwer 50 lokal Produzenten hunn de Konsumenten, ee Weekend laang, hir Produiten op der „Au Goût du Terroir“-Foire zu Käerjeng presentéiert.

 

Oktober

 

Kenns du de Minett?

Publikatioun vun engem Gesellschaftsspill, wat zesumme mat Esch2022 a magicmultimedia entstanen ass. E Geoquiz fir Minettsdäpp an déi, déi eis Region wëlle kenneléieren.

 

November

 

Discover the Minett

Release, um éischte Weltdag vun de Biosphärereservater, vun engem Promo-Video vun der Minett UNESCO Biosphere.

 

Dezember

 

Streesalz-Alternativen

Grouss Online-Campagne fir den Awunner vun der Minett UNESCO Biosphere Alternativen zum Gebrauch vum Streesalz ze weisen.