ROCKLINES TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: De Podcast

E Wanderpodcast, presentéiert vun der Minett UNESCO Biosphere an Zesummenaarbecht mam IK-CNCI an dem MUAR.

 

 

All Mount hëlt de Minett Mash-Up Podcast seng Nolauschterer mat op eng Rees. Als Referenz un den UNESCO-Label vun der Minett Biosphär reesen d’Moderatore vum Podcast op verschidden a spannend, natierlech oder historesch Sitten an der Regioun, verroden hir Hannergrënn a schwätzen iwwer aktuell oder zukünfteg Initiative sur place.


Dobäi ginn eis Podcaster vun interessanten, jonke Gäscht begleet, déi e Bezuch zum Minett oder dem Groussraum Lëtzebuerg hunn. Dës Gäscht kommen aus alle Beräicher (Kultur, Sport, Musek, …) a stelle sech an hir Erfarungen, mä och hir aktuell Projete vir. Et geet drëms jonke Leit eng Inspiratioun ze ginn, sech selwer ze verwierklechen an déi grouss Offer u Méiglechkeeten an Opportunitéiten, déi de Minett bitt, z’entdecken. Wann der Loscht op Abenteuer hutt, dann entdeckt mat eisem Podcast deen eenzegaartege Minett!

 

 

Episod 7: Lynn Theisen X Bremshaischen Téiteng

 

 

D’Lynn Theisen ass Fotografin. Hir Inspiratioun zitt si aus hire Reesen an den Impressiounen, déi si do sammelt. Wieder Inspiratiounsquelle si Leit, Kläng, Faarwen a kulturell Aflëss. Fir d’Lynn ass en Zesummespill tëscht Luucht a Faarf an all Bild immens wichteg. Hire Studio huet d’Kënschtlerin am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng, wo si sech nom Retour vun hirem Studium zu Berlin néiergelooss huet.

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen zu dësem Episod ze kréien

 

Episod 6: Sören Salvatore X Schëfflenger Brill

 

 

De Sören Salvatore, e jonken Ornitholog a Wëssenschaftspedagog, dee fir d’Asbl natur&ëmwelt schafft. Hien ass och „Wildlife Fotograf“ an huet säin eegene Podcast mam Titel “Un der Grenz”.

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.

 

Episod 5: Sven Fielitz X Ellergronn

 

 

Engersäits als Freestyle-Futtballer ënnerwee an anersäits als Filmmaker, de Sven Fielitz setzt säin Häerz a seng Séil a seng Karriär. Seng Wuerzelen als jonke Fussballspiller si séier duerch den Afloss vun aneren talentéierte Sportler an de Freestyle Football iwwergaangen. Säitdeem ass hien op villen internationale Competitioune mat dobäi gewiescht, huet Ateliere fir Kanner gehalen an huet an diverse Kënschtlerkollaboratioune matgewierkt. Niewebäi huet de Sven oft säi Freestyling mat der Kamera opgeholl an doduerch ass seng Karriär als Filmmaker ganz organesch op der Uni dobäikomm. Och hei setzt hie sech keng Grenzen an dréint a schneit all méiglech Videoen, vun Hochzäiten, Events, Danzspectaclë bis bei Firmepromo an doriwwer eraus!

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.

 

Episod 4: Lynn Jung X Belval

 

 

An dësem éischte Mount vum Joer léiert dir déi mega cool a sportlech Freerunnerin Lynn Jung kennen. Mir hu mam Lynn eng agreabel Zäit am Café Dalmat verbruecht an eis mat him iwwert seng Kandheet um Belval a säi Wee an d’Welt vum professionelle Freerunning ënnerhalen. An och ouni eppes iwwer Parkour oder Freerunning ze wëssen, kënnt dir dëse Podcast genéissen: Dir wäert alles gewuer ginn, wat dir wësse musst.

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.

 

Episod 3: Daniel Migliosi X Pomhouse

 

Eis Rees féiert eis dëse Mount op Diddeleng an dat flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir begéinen dem Jazz-Trompettist, Daniel Migliosi.

 

Mir diskutéiere mat him iwwert seng Wuerzelen a seng Verbindunge mam Minett – Schlësselwierder Italien, Russland a vill Caféen! Kleng Bijouen iwwer d’Jazz-Zeen, Diddeleng an d‘Haard gitt der och gewuer!

 

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.

 

Episod 2: Lisa Junius X Gaalgebierg

 

An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!  

 

D’Lisa Junius ass eng fräiberufflech Kënschtlerin, am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng. D’Lisa engagéiert sech a verschidde Konschtmedien, dorënner Wandmolerei, Printen, Keramik, Stationery, Bijouen, Accessoiren, Pins a souguer Tarotkaarten!

 

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.

 

Episod 1: Mir stellen eis vir

 

Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up – de Podcast! An dëser éischter  Teaser-Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart. Wat awer schonn esou wäert sinn ewéi an all den Episoden, déi nach nokommen, ass de Fait, datt mir eise Podcast „on location“, also dobaussen, opgeholl hunn.

 

 

 

Klickt hei fir zousätzlech Informatiounen iwwert dësen Episod ze kréien.