Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Optakt vun den Deeg vun der Biodiversitéit

Dëse Mëttwoch, 22. Juni, sinn d’Deeg vun der Biosdiversitéit am Ellergronn lassgaangen. An Zesummenaarbecht mat wëssenschaftleche Kollaborateure vum ‘naturmusée‘ an IMS Luxembourg, hat d’Minett UNESCO Biosphere Employéë vun 10 verschiddenen Entreprisen, déi bei Member bei IMS Luxembourg sinn, d’Geleeënheet gebueden en Abléck an d’Biodiversitéit vun enger vun de Kärzone vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat ze kréien.

D’Kärzon Ellergronn, déi och eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Groussherzogtum ass, bitt a punkto Biodiversitéit villes, wat een entdecke kann. Sief et an de Bëscher vum 110 Hektar grousse Gebitt, op den Dréchewisen, déi hei ze fanne sinn oder an den Dëmpelen a Weieren, déi duerch d’Zesummebrieche vun alen ënnerierdesche Minettesgalerien entstane sinn.

Den Thierry Helminger an de Guy Colling vum ‘naturmusée’ hunn de Participante vun der éischter Manifestatioun vun den Deeg vun der Biodiversitéit gewisen, wéi eng Bestandsopnam vun der Biodiversitéit wëssenschaftlech duerchgefouert gëtt.

No dëser Bestandsopnam vun der Biodiversitéit hunn d’Participanten nach e kuerzen Tour duerch d’Naturschutzgebitt Ellergronn gemaach, bei se Informatiounen iwwert déi verschidde Liewensraim an och den nei amenagéierte Minett Trail kruten.

No deem ronn zwee Stonne laangen Entdeckungs- an Erkläerungstour duerch d’Kärzon Ellergronn vun der Minett UNESCO Biosphere gouf den éischten Dag vun der Biodiversitéit mat engem Networkinglunch ofgeschloss.

Fotogallerie vun Dag vun de Betriber

   

D’Deeg vun der Biodiversitéit gi virun

E Freideg wäerten 8 Schoulklassen aus Membergemenge vum Syndicat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere administréiert, d‘Naturschätz vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat iwwert de Wee vu verschiddenen Atelieren entdecken. E Sonndeg dann, invitéieren d’Naturverwaltung, zesumme mat der Stad Esch an der Minett UNESCO Biosphere op den traditionelle „En Dag an der Natur“, e Familljefest fir Grouss a Kleng, wou jiddereen, bei gratis Entrée, d’Diversitéit vun der Natur an eiser Südregioun entdecke kann.