Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Testen vun den Escape Game-Protoyppen

Ugangs Mäerz hunn déi véier Grondschoulklassen, déi schonn am Februar ënnerwee waren, virun un der gemeinsamer Entwécklung vun den Escape Games an eisem Biosphärereservat geschafft. Si hunn d’Prototyppe vun deenen zwee Spiller getest, déi mat den Iddie vun den anere Klassen entwéckelt goufen. Dës Kéier hunn en anere franséische Facilitateur, deen op Spilldesign ass an d’Ëmweltbildungskoordinatorin vun der Minett UNESCO Biosphere d’Klasse sur place begleet.

Een Escape Game besteet aus engem Rucksak, dee vum Grupp mat op de Wee geholl gëtt an an deem d’Geschicht, déi néideg Tools a verschidden zougespaarten Täschen ze fanne sinn. Fir déi zwee verschidde Spiller auszeprobéieren, sinn d’Schüler den definéierte Wee gaangen an op 7 verschiddene Statioune stoe bliwwen, wou se an d’Geschicht andauche konnten.

Rätsel léisen a Spiller maachen, fir weiderzekommen

D’Escape Games fuerderen d’Schoulklassen als Grupp eraus an hunn als Zil hiren Teamgeescht ze fërderen a hinne gläichzäiteg, op spilleresch Manéier, eppes iwwer hir Ëmwelt bäizebréngen. Well d’Spiller allebéid a Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere situéiert sinn, de fréieren Dagebaugebitter “Giele Botter” an “Haard“, geet et drëm Wëssen iwwer déi industriell Vergaangenheet, d’Geologie vum Minett an iwwer d’Biodiversitéit, déi zënter den 1970er Joren entstanen ass, ze vermëttelen.

Mam gesammelte Feedback vun de Schoulkanner an hiren Enseignanten, wäerten de Spilldesigner aus Frankräich an d’Ekipp vun der Minett UNESCO Biosphere aus de Prototyppen elo déi richteg Versioune vun de Spiller entwéckelen. Dës wäerten dann am Hierscht disponibel sinn.