Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

RTL Kannaniuuss an der Aire Terrestre Educative

Um Méindeg, de 24. Juni, war eng Ekipp vun den RTL Kannaniuuss op Besuch bei eisem Pilotprohet vun enger Aire Terrestre Educative zu Rëmeleng.

Déi éischt Opnamen huet RTL am Spektrum gemaach. Hei hunn d’Grafikerin Lisa Keiffer an déi zwou Schoulklassen, déi zënter Uganks 2023 bei dësem naturpedagogesche Projet am Arboretum “An Aenzelen” dobäi sinn, un der neier Beschëlderung geschafft. Dës wäert an de Summerméint produzéiert an installéiert ginn. D’Kanner hunn déi eenzel Elementer vun den neie Schëlder gemoolt. Duerno hu si zesummen iwwert d’Verdeelung vun dësen Elementer op de Karten, déi op déi nei Schëlder kommen, ofgestëmmt.

Um Schluss vum Moien sinn déi zwou Klassen dunn an den Arboretum gaangen, fir der RTL-Ekipp op der Plaz ze weisen, wat sie an den 18 Méint, déi de Projet vun der Aire Terrestre Educative elo schonn dauert, alles am Arboretum realiséiere konnten. 

De Reportage iwwert de Projet vun de Rëmelenger Schoulklassen fänkt bei 1:47 un.

All d’Epsiode vun den  RTL Kannaniuuss kann een hei kucken.