Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Etüd iwwer lokal Liewensmëttel

Lokal iessen am Süden!

Et gëtt eng Nofro

Resultater vun der Ëmfro iwwer d’Demande no lokale Liewensmëttelproduiten

Foto vum pasja1000 vu Pixabay 

Kontext

Nohalteg Liewensmëttel

Am Kader vun der Minett UNESCO Biosphere huet de Syndicat PRO-SUD d’Ernierung zu engem Sujet vun der territorialer Entwécklung gemaach. Zil ass et lokal a biologesch-lokal Liewensmëttelressourcë mat kuerzer Weeër ze developpéieren, fir esou op verschidde Probleemer kënnen ze reagéieren:

Eng Zukunft fir kuerz Produktiounsweeër?

Fir erauszefannen, ob et eng Demande vun de Konsumente gëtt, hunn d’Gemengen, mat der Ënnerstëtzung vum Landesplanungsministère am dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) am November 2020 a Februar 2021 eng Ëmfro bei engem representativen Echantillon vun der Populatioun an der Südregioun duerchgefouert.

Well 824 Stéit aus der Südregioun beim Sondage matgemaach hunn, konnt eng éischt Diagnos vun hire Gewunnechten an Erwaardungen erstallt ginn.

D’Ëmfro weist

Nofro no lokale Liewensmëttel besteet

D’Resultater vun der Ëmfro weisen, engersäits, datt d’Awunner aus dem Süde bereet si méi lokal Produiten ze konsuméieren, an, anerersäits, datt et nach e Spillraum gëtt fir dëse Konsum ze steigeren, wann eng konsequent Offer zur Verfügung gestallt ka ginn. Dat heescht:

  • 86 % vun de Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, soten, datt si an de leschten 3 Méint lokal Produite konsuméiert hunn.
  • 55 % kafe se all Woch
  • An der Moyenne sinn 38% vun de Leit, déi gefrot goufen, bereet hire Konsum vu Produiten aus hirer Regioun ze steigeren. Dës Moyenne klëmmt esouguer op 60% respektiv 65% bei Uebst a Geméis.
  • Aktuell soe bal 45% vun de Participanten, datt si op mannst 50 Euro an der Woch fir lokal Liewensmëttelproduiten ausginn.
  • Méi ewéi d’Hallschent vun de Leit, déi gefrot goufen (54%), ass bereet an Zukunft op mannst 5% méi fir lokal Liewensmëttel ze bezuelen.
  • Schlussendlech sinn d’Stéit och der Meenung, datt an éischter Linn déi lokal Produzenten duerch hir Akeef solle profitéieren. Bal 60% wiere prett méi ze kafen, wa si sécher wieren, datt si esou lokal Produzenten ënnerstëtzen.

 

 

D’Enquête weist och, datt bal all d’Leit, déi geäntwert hunn, a vun deenen der 41 als Employé oder Aarbechter schaffen, bereet sinn hire Menü ze ännere fir hiren ekologesche Foussofdrock méi kleng ze maachen a d’Saison vun de Produiten ze respektéieren.

Beim Plange vun hirer zukünfteger Consommatioun si 14% bereet hir Akeef an der „Vente directe“ ze maachen, par Rapport zu 7,5% aktuell. Dës Bereetschaft bezitt sech virun allem op d’Kafe vun Uebst a Geméis (19%), vun Eeër (18,5%) an Hunneg (17,5%). D’Clientèle vu Biobutteker schéngt iwwert d’Zäit ewech stabil ze bleiwen. Mä 20% vun de Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, par Rapport zu aktuell 12,5%, soen, datt si bereet si fir méi Produiten an traditionelle Butteker ze kafen. Dat gëllt virun allem fir Fleesch (29%) a Brout (35%).

Fakteuren, déi de Kaf vu lokale Produite bremsen:

Zwee Punkten, déi de Kaf vu méi lokale Produite bremsen, konnten identifizéiert ginn:

  • Op der enger Säit ass e Manktem u Kenntnisser iwwer lokal Produiten, déi et scho gëtt (Dëst Resultat deckt sech mat deem vun enger nationaler Etüd, déi de Landwirtschaftsministère am Juli publizéiert huet)
  • An, op der anerer Säit, de limitéierten Accès op eng grousse Gamme vu lokale Qualitéitsproduiten op enger eenzeger Plaz, wat et erlabe géif manner Zäit beim Akafen ze brauchen.

 

62.5% wëssen net wëssen net wéi si lokal Produiten erkenne sollen, esou datt schlussendlech Produiten, déi vun engem zolitte Marketing profitéiere kënnen, besser erkannt ginn. Ausserdeem wënsche sech 45% respektiv 40% méi Informatiounen iwwert d’Originnen an d’Produktiounsmethode vun de Produiten.

Méi ewéi 58% vun de Leit, déi beim Sondage matgemaach hunn, kafen hir lokal Produiten am Supermarché. Dës hu sech dëser neier Demande schonn ugepasst a sinn esou an der Südregioun verdeelt, datt eng grouss Majoritéit vu de Leit hir Akeef an der Gemeng, an där se och wunnen, maache kënnen. D’Ëmfro weist awer och, datt et eng grouss Nofro u Geschäfter gëtt, déi méi e grousst Sortiment vu lokale Produiten ubidden, wa méiglech op där Plaz, wou d’Leit souwisou schonn akafe ginn (75% vun de Residenten). An dësem Zesummenhang fanne 50% vun de Leit Kollektivbutteker interessant: d’Visibilitéit vun de Produite kéint esou klammen an de Konsument géif beim Akafen Zäit spueren.

Grafik : Erwaardunge vun de Stéit

Dräi Qualitéite gi gesicht: Traçabilitéit – Ëmwelt – Gesondheet

Fir dräivéierel vun de Befrote kann e lokale Produit esou wuel aus dem ganze Land ewéi och aus der eegener Gemeng kommen. Dat weist, datt de Konsument opgeschloss ass, weist awer och datt et keng spezifesch Liewensmëttelidentitéit fir de Minett gëtt.

D’Participante wëllen och, datt e lokale Produit d’Ëmwelt an den Déiereschutz respektéiert (fir 38% ass dat eng kloer Prioritéit) a besser fir d’Gesondheet ass (Prioritéit fir 32%). Allerdéngs ass e Bio-Label just fir 23% eng Motivatioun de Produit ze kafen. De Begrëff vum Ëmweltschutz gëtt awer deels verschidden analyséiert: d’Traçabilitéit an de Verzicht op Plastik als Emballage si fir 56% respektiv 50% vun de Leit, déi gefrot goufen, e wichtegt Kafargument. Et sief drun erënnert, datt e lokale Produit net mat engem Bio-Produit sollt verwiesselt ginn.

Dëst Zesummespill vun Traçabilitéit – Ëmwelt – Gesondheet erkläert eventuell firwat 40% vun de Participanten un der Ëmfro selwer produzéieren. Dës Produktioun geschitt virun allem a private Gäert awer och a Gemeinschaftsgäert. Vun den Autoproduzenten ass e Véierel tëscht 20 an 39 Joer al, wat en neien Interessi heiranner weist a lokale Verkafsstrukture gutt Perspektiven erméiglechen dierft.

Nächst Schrëtt:

An de Konklusioune vun der Etüd ginn eng Rei Entwécklungspisten opgezeechent, déi elo zesumme mat den Decideuren an den Experten analyséiert musse ginn, fir e gemeinsamen Aktiounsplang opzestellen. E puer Projete kënne séier realiséiert ginn, esou wéi, zum Beispill, den Developpement vun enger regionaler Publicitéitscampagne, déi de Bekanntheetsgrad vu lokale Produite steigere soll. Anerer brauchen awer zousätzlech Demarchen, un deenen 2022 geschafft soll ginn.

Informatiounsvideoen iwwert d’Etüd:

Methodologie vum Sondage

Definitioun vu lokale Produiten

Autoproduktioun

Lokal Produiten aus dem Minett

Akafsgewunnechten

Fir erofzelueden:

D’Resultater vun der Etüd (op franséisch):