Zu der Geschicht vum Biergbau gehéiert hei am Minett och de Bärbelendag. Scho fréi ass an de Minière vun eiser Géigend um 4. Dezember der Schutzpatréinesch vun de Biergleit geduecht ginn. Et sollt awer eng Zäitchen daueren, éier dësen Dag och offiziell e Feierdag an de Minière gouf an d’Mineuren deen Dag net hu musse schaffen.
Haut gëtt an de Minière vum Süde schonn iwwer 40 Joer laang net méi geschafft. Bärbelendag ass awer nach ëmmer en Dag an deem a ville Südgemenge gefeiert gëtt. An dësem Artikel geet et ëm d’Feierlechkeeten zu Esch-Uelzecht an am Käldall, wou d’Traditioun ronderëm d’Boarbel, wéi se an deem Deel vum Minett genannt gëtt, eng ganz lieweg bleift.
© Ville de Rumelange |
© Administration communale de Kayl |
© Kulturfabrik |
Rëmeleng
Zu Rëmeleng gëtt Boarbelendag traditionell an a ronderëm de „Musée des Mines“ begaangen. De Cortège start hei, de Mëttwoch, 4. Dezember um 9:30 an der rue du Parc a geet bei de Musée, wou eng Gedenkzeremonie ass. Uschléissend ass nach eng Mass an der Galerie vum Musée des Mines, déi dëst Joer vum Paschtouer Léon Weber gehalen. Duerno feieren d’Rëmelenger nach bei engem gudde Patt an engem Maufel am Centre Culturel André Zirves.
Käl-Téiteng
Och an där anerer Gemeng aus dem Käldall gëtt d’Boarbel um Dag selwer gefeiert. D’Gemeng Käl an de Comité Sainte Barbe, deen dës Festivitéiten zënter genee 70 Joer schonn organiséiert, invitéieren all hir Matbierger, un dëser, fir de Minett wichteger Traditioun, deelzehuelen a mat ze feieren. Zum Gedenken un déi verstuerwe Mineure ginn deen Ament um Hesselsbierg och Knupperten (Gaskanounen) ofgeschoss.
Den offizielle Programm geet de 4. Dezember um 9:45 an der Schungfabrik zu Téiteng un. Vun eis aus geet de Cortège fort. Um Graf vun engem verstuerwene Mineur gi Blummen néiergeluecht, éier eng Mass gefeiert gëtt an d’Gemeng um 11:15 en Éierewäin am Téitenger Centre Culturel offréiert.
Owes invitéiert d’Gemeng dann an d’Schungfabrik, wou um 18:30 eng Konferenz mat den Historiker Sam Klein an Denis Scuto ass. Hei geet et ëm de „Monument National des Mineurs“ an d’Léiffrächen. No der Konferenz ass e Volleksfest am Festsall vun der Schungfabrik, wou et net just e kale Plat gëtt, mä en plus och nach e Concert vun de „Paltongszéier“, déi hei hire gutt gelaunte Programm vun traditionelle Lëtzebuerger Lidder zum Beschte ginn.
Esch-Uelzecht
D’Entente vun der Minn Cockerill huet Bärbelendag schonn de leschte Samschdeg am Ellergronn gefeiert. De Veräin, dem ze verdanken ass, datt de Carreau Minier am Ellergronn als ee vun de ganz wéinegen an der Groussregioun komplett erhale konnt ginn, huet seng Bärbelefeier um 15:00 mat enger Pressessioun vun der Galerie Heintzebierg bis bei de Musée am Ellergronn lancéiert. No der Gerbe, déi zu Éiere vun der Helleger Bärbel néiergeluecht gouf, ass d’Feier mat den offiziellen Usproochen, enger gudder Kuuscht an engem Éierewäin op en Enn gaangen.
An der Stad Esch start de Programm zu Éiere vun der helleger Bärbel de 4. Dezember och um 9:45. Optakt mécht hei eng Mass an der Eglise Sacré-Coeur, déi vun der Harmonie des Mineurs musikalesch begleet gëtt. No der Mass ginn dann zwou Gerben deponéiert, déi éischt um 11:00 beim Momunent aux Morts op der Place de la Résistance. Da geet de Cortège mat der Statu vun der Schutzpatréinesch vun de Mineure bei de Monument du Mineur um Eck vun der Origerstrooss an der Grand-rue, wou e weidere Kranz néiergeluecht gëtt. Wéi d‘Traditioun et wëllt ginn zu dësen Amenter och Knupperte geschoss, fir esou de speziellen Dag am Häerz vun der Minettmetropol ze markéieren. Den Ofschloss vun der Bärbelefeier ass dann um 11:30 en Éierewäin, dee vun der Stad Esch proposéiert gëtt.
Mä och owes kann een zu Esch nach d’Bärbel feieren. D’Kulturfabrik an den CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) invitéieren an dat aalt Schluechthaus. Tëscht 18:00 an 22:00 Auer kënnt Dir iech iwwerzeege wéi déi zwee Partner dem Fest vun der helleger Bärbel eng modern Dynamik wëlle ginn.
Um Programm stinn:
- Eng Pressessioun mat enger Statu, déi vun der Kënschtlerin Trixi Weis geschaf gouf
- Demonstratioune vun engem Schmëtt
- E Serigrafies-Tattoo-Atelier
- Den Atelier „Boarbelzockerséiss“
- E Concert mat der Band „Hunneg-Strëpp“
Dobäi gëtt et e spezielle Béier, deen extra fir Bärbelendag gebraut ginn ass an den CNCI proposéiert Schmieren a seng Mini Buttek mat Gadgete vun all hire Partner.
D’Aktivitéite fir Bärbelendag am Kordall an zu Diddeleng fannt Dir hei.