De 4. Dezember ass Bärbelendag an deen Dag gëtt traditionell op ville Plazen am Minett der Patréinesch vun de Mineure geduecht. Déi helleg Bärbel ass jo d‘Schutzpatréinesch vun de Biergleit, gëtt awer och vun den Architekten, Geologen, Mathematiker, Pompjeeën an anere Beruffsstänn als Patréinesch veréiert.
Obschonns déi leschte Minière hei am Minett schonn 1981 hir Diere fir ëmmer zougemaach huet, ass d’Fest vun der helleger Bärbel, wat zënter Dezember 2022 um nationalen Inventaire vum immaterielle Patrimoine vun der UNESCO steet, nach ëmmer lieweg an eiser Regioun. A ville Gemengen aus dem Süde vu Lëtzebuerg gëtt déi helleg Bäerbel an den Deeg ronderëm de 4. Dezember geéiert.
© Commune de Pétange |
© Ville de Differdange / 4K Films Lux |
© Ville de Dudelange / Marc Lazzarini |
Haut an Uganks vun der nächster Woch liwwere mir Iech hei e klengen Iwwerbléck iwwert d’Festivitéiten an de Gemenge vun der Minett Biosphere. Ugefaange mat de Feierlechkeeten am Kordall an zu Diddeleng.
Rodange
Den Optakt vun der Feierlechkeete fir Bärbelendag 2024 ass dëse Samschdeg, den 30. November um 16:30 an der Gemeng Péiteng.
Lass geet d’Zeremonie bei der Kapell vun der helleger Bärbel am Park Hary Godefroy zu Rodange lass. Duerno geet de Cortège mat der Statue vun der Helleger bis an d’Kierch op Rodange, wou eng Mass gelies gëtt. Nom Gottesdéngscht invitéiert de Schäfferot vun der Gemeng Péiteng, deen dës Feier mat der „Amicale des pompiers du Centre d’Incendie et de Secours Pétange“ an dem „Aarbechter Ënnerstëtzungsveräin Rodange“ organiséiert, wéi all Joer nach op e Patt an de Centre Culturel zu Rodange.
Lasauvage
An der Gemeng Déifferdeng gëtt der helleger Bärbel traditionell an der Minière Doihl zu Lasauvage geduecht.
De Rendez-vous ass wéi all Joer bei der Brasserie de la Mine, wou, e Mëttwoch, de 4. Dezember, um 19:00 eng Gerbe beim Monument des Mineurs néiergeluecht gëtt. Duerno geet de Cortège mat der helleger Bärbel an de Festsall op Lasauvage, wou d’Mass ass. Den Éierewäi gëtt et ofschléissend an der Minière Doihl, wou ee mat der Minièresbunn higefouert gëtt.
Diddeleng
Zënter 2022 gëtt et och nees eng Bärbelefeier zu Diddeleng. Hei ass de Rendez-vous am fréien Owend. Den DKollektiv invitéiert um Mëttwoch, de 4. Dezember, vun 18:00 Auer u jiddereen sech bei „Porte d’Italie“ ze versammele vun do aus start de Cortège um 18.30. No engem Tëschestopp, géint 18:50 Tëschestopp, beim fréiere Portal vun der Minière mam Ofschéisse vun de Coups de mine (Schëss) geet et an de VEWA, wou den Owend da mat Rieden, engem Glieschen a Musek ausklénge gelooss gëtt.
Den DKollektiv organiséiert de Bärbelendag dëst Joer zesumme mat hire Kolleege vun der AHI Hussigny-Godbrange aus Loutrengen, dem FerroForum, der Amicale des pompiers an der Harmonie vun Diddeleng.