Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Biosphere Youth Forum 2023

BEYOUTHSPHERE23

 

 

16 Jonker tëscht 18 an 28 Joer ware bei dëser aussergewéinlecher Erfarung dobäi.

 

D’Participante koumen aus Frankräich  🇫🇷 (3 Jonker), Däitschland 🇩🇪 (1 Jonken), dem Libanon 🇱🇧 (1 Jonken), Schweeden 🇸🇪 (4 Jonker), Polen 🇵🇱 (2 Jonker) a Lëtzebuerg 🇱🇺 (5 Jonker).

 

Nom Succès vun éischte Jugendforum, dee mir am Abrëll 2022 organiséiert haten, goung et an dësem Joer drëms eng konkret Solutioun fir e Ëmweltprobleem an der Minett UNESCO Biosphere ze schaffen, deen am leschte Joer identifizéiert gi war. Fir d’Editioun vun dësem Joer hu mir mam MAB France, dem Biosphärenreservat Bliesgau an der Biosfärområde Kristianstads Vattenrike zesummegeschafft.

 

Wärend dem Forum 2023 hunn déi Jonk eng Campagne ausgeschafft, déi gutt Behuelen an eisen Naturschutzgebitter fërdere soll. Zesumme mam Kënschtlerkollektiv “La Bonneterie” hunn d’Participante Messagen entwéckelt an d’Prototyppe vun enger Beschëlderung entwéckelt, déi de politesch Responsabelen aus der Géigend presentéiert goufen. Op der Basis vun dësen Iddien entwéckele mir elo eng Kommunikatiounsstrategie fir dat eenzegt Biosphärereservat zu Lëtzebuerg.

 

De Forum – Dag fir Dag

 

 

D’Resultat vum Forum

 

De kreative Prozess