Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow Tutti Frutti
quote quote

Sech am Bongert begéinen

De Bongert ass eng Plaz Natur. Hei kann ee sech erhuelen an e puer flott Momenter mat Frënn, Kolleegen an der Famill verbréngen. De Bongert kann och eng Plaz sinn, fir Leit aus dem Quartier ze begéinen a sech mat hinnen auszetauschen.

 

Besonnesch wann d’Friichten zeideg sinn, gepléckt ginn an duerno eventuell esouguer op der Plaz weiderverschafft ginn, kann de Bongert eng geselleg Plaz fir d’Liewen an engem urbane Raum ginn. Dobäi kënnt de Punkt, datt d’Uebstbeem eis e Bléck op dat natierlecht Ëmfeld vun eiser Regioun erméiglechen.

 

Op dëser Säit droe mir Aktiounen, Manifestatiounen an aner Rendez-vousen zesummen, déi an de Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere organiséiert ginn a bei deenen Dir d’Bongerten aus den 11 PRO-SUD-Gemengen entdecke kënnt.

 

 

25.09.: Vun Äppel a Bieren

 

 

Entdeckt de gréisste Bongert vum Land, deen als Naturschutzgebitt en Deel vun der Minett Biosphere ass.

 

De Pomolog Richard Dahlem verréit hëlt Iech mat an d’Uebstbaugeschicht vum Bongert Altenhoven a weist Iech déi verschidden lokal an traditionnel Uebstzorten, déi hei wuessen.

 

Am Laf vum Tour degustéiert Dir en plus déi histroesch Äppel a Bieren, déi Dir virdrunner gepléckt hutt.

 

Sprooch vum Atelier: Däitsch

 

Hei klicke fir sech unzemellen.

Wou: 

 

Bongert Altenhoven

58, rue J.F. Kennedy

L-3249 Bettembourg

Wéini: 

 

Mëttwoch, den 25. September 2024

um 17:30

Méi Info: 

 

Web: www.minett-biosphere.com

Mail: minell@minett-biosphere.com

Telefon: 26 17  97 1

 

27.09.: Äppelfest

 

 

 

 

Fest ronderëm den Apel mat:

 

  • • Verkaf vun Taarten, Äppelchips an Äppeljus

 

  • • Produktioun vun Äppeljus

 

  • • Bastel- a Spillatelieren

 

Bréngt Är eegen Äppel an eidel Fläsche mat, fir mat frësch gepresstem Äppeljus heem ze goen.

 

 

Wou: 

 

place du Marché

L-4621 Differdange

Wéini: 

 

Samschdeg, den 28. September 2024

vun 11:00 bis 18:00

Méi Info: 

 

Web: www.differdange.lu

 

 

 

05.10.: En Dag am Bongert Altenhoven

 

 

Erliefnisdag fir Grouss a Kleng
 
 
Am gréisste Bongert vu Lëtzebuerg kennt dir e flotten Dag verbréngen a vill Interessantes iwwert dëse Liewensraum gewuer ginn.
 
• Récolte vun Äppel fir Viz ze maachen
 
• Viz-Vëlo fir d’Kanner
 
 
D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene Leit e Mëttegiessen (Zopp, Dessert a Gedrénks), déi eis deen Dag eng Hand mat upaken.
 
 

Wou: 

 

Entrée bei der Foussgängerbréck

iwwer d’Autobunn

Waassertuerm, rue J.F. Kennedy

L-3249 Beetebuerg

Wéini: 

 

Samschdeg, den 5. Oktober 2024

vun 10:00 bis 15:00

Méi Info: 

 

Web: www.bettembourg.lu

Tel: 51 80 80 2848

 

 

12.10.: Äppel pléckem am  Bongert Altenhoven

 

 

De Jugendgrupp vun natur&ëmwelt invitéiert an de gréisste Bongert vum Land.

 

Umeldung bis de 4. Oktober 2024.

 

Dat Besonnescht um Bongert Altenhoven ass seng grouss Diversitéit a punkto al Uebstzorten, esou wéi säi Wäert fir d’Planzen- an d’Déierewelt. 

 

Bei dëser gemeinsamer Pléckaktioun am Bongert Altenhoven gi mir méi iwwert d’Bedeitung vun de Bongerte gewuer a mir maache selwer Viz, deen och direkt ka probéiert ginn.

 

Jiddereen dee matmécht kritt och e Kuerf mat Äppel a Biere mat Heem.

 

Wou: 

 

Bongert Altenhoven

rue John F. Kennedy

L-3249 Beetebuerg

Wéini: 

 

Samschdeg, den 12. Oktober 2024

vun 10:00 bis 14:00

Méi Info: 

 

Web: www.naturemwelt.lu

Mail: jugend@naturemwelt.lu

Tel: 29 04 04 316