Orchideeë sinn, mat iwwer 30000 Aarten, eng vun de gréisste Planzefamillje weltwäit a faszinéieren d‘Mënschen zanter Joerhonnerte mat hirer Bléiepruecht. Vill Leit kennen Orchideeën als tropesch Planzen, déi een an hirer Zuuchtform heiheem och kafe kann.
D’Orchidee ass awer och eng Planz, déi an eiser Natur virkënnt. Zu Lëtzebuerg si 45 Aarten eenheemesch, wouvun 9 ausgestuerwe sinn. Vun dëse 36 Aarten, déi nach hei am Land wuessen, fënnt een der net manner ewéi 30 um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere.
Orchideeë sinn Indicateure vu biologesch intakte Liewensraim a fannen sech an ënnerschiddleche Milieuen, dat geet vun donkele Bëscher bis bei Dréchewisen, déi een dacks an de fréieren Dagebaugebitter hei am Süde begéint a wou sech an de 50 Joer zënter dem Enn vum Eisenäerzofbau eng faszinant Biodiversitéit usidele konnt. Dës nährstoffaarm Liewensraim sinn optimal gëeegent fir d’Iwwerliewe vun den Orchideeën.
All d’Orchideeë stinn ënner Naturschutz
All heemesch Orchideeënzorten zu Lëtzebuerg si streng geschützt. Fir hiren Erhalt sinn och passend Liewensraim relevant, déi dacks an Naturschutzgebidder leien a reegelméisseg Fleeg erfuerderen. Et gëtt Punkten, déi de Fortbestand vun Orchideeëpopulatioune menacéieren: feelend Notzung vun hirem Liewensraum, exzessiivt Düngen an intensiv landwirtschaftlech Exploitatioun.
Vill Orchideeën hunn hir Urspréng am Mëttelmierraum a sinn un de Liewensraum vun der Dréchewise beschtens ugepasst. Zu Lëtzebuerg bléien Orchideeën dacks op kallekräiche Biedem, wéi een se och an den alen Dagebaugebidder vum Minett fënnt.
Aktuell bléien eis Orchideeën an et ass sécher der Wäert en Trëppeltour duerch d’Haard, d’Léiffrächen, de Lalléngerbierg, de Giele Botter, den Ellergronn oder de Kiemerchen ze maache fir eis eenheemesch Orchideeën z’entdecken an ze bewonneren. Bleift bei Ären Ausflich awer wgl.. op den Trëppelweeër, haalt Är Hënn an der Léngt an denkt drun d’Orchideeë weder ze plécken, nach soss iergendwéi ze beschiedegen.