MiNELL an der Press
De Bësch schmaachen
Artikel Luxemburger Wort
Den 23. Februar war d’Fréijoerseditioun vum “De Bësch schmaachen” mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures. E Reporter an e Fotograf vum Luxemburger Wort ware mat an de Bësch.
Artikel am Luxemburger Wort
MiNELL gewënnt FNR Award
Artikel Luxemburger Wort
Den 17. Oktober 2024 ass de MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab mat engem FNR-Award ausgezeechent ginn. Hei fannt Dir den Artikel iwwert d’FNR-Awards 2024 aus dem Luxemburger Wort:
Artikel am Luxemburger Wort
Zeitungsartikele vum Lancement
vun de Minett Escape Games
Den 2. Oktober 2024 sinn d’Minett Escape Games zu Diddeleng presentéiert ginn. An deem Deeg duerno waren Artikelen iwwert dës Presentatioun an den Zeitungen:
Artikel am Tageblatt
Artikel am L’Essentiel
Reportage Magazin
RTL Télé Lëtzebuerg
De 17. Juli 2024 war d’Aire Terrestre Educative vu Rëmeleng Sujet an engem Reportage vum Magazin vun RTL Télé Lëtzebuerg. Am bal 5 Minutte laange Bäitrag huet RTL d‘Konzept vun eisem Pilotprojet virgestallt.
Kuckt de Reportage hei
RTL KannaNiuuss
zu Rëmeleng
E Méindeg, de 24. Juni war RTL Télé zu Rëmeleng fir d’Kanner vun der Aire Terrestre Educative e ganze Moien ze begleeden. Fir d’éischt ass am Kulturzentrum Spektrum an duerno am Arboretum “An Aenzelen” gefilmt ginn. De fäerdege Reportage ass den 30. Juni diffuséiert ginn.
Kuckt d’KannaNiuuss hei
Aire Terrestre Educative
um Radio 100,7
En Dënschdeg den 23. Abrëll huet de Radio 100,7 e Reportage vun 20 Minutten aus dem Arboretum “An Aenzelen” vu Rëmeleng gesent, bei deem de Pilotprjet vun der Aire Terrestre Educative vu Rëmeleng presentéiert gouf.
Lauschtert de Reportage hei
Beyouthsphere 2023
am Youthmag vum SNJ
Déi zweet Editioun vum Beyouthsphere Jugendforum gouf am Youtmag vum SNJ thematiséiert. De Beyouthsphere Jugendforum war en Deel vun eisen MiNELL-Aktivitéiten 2023.
Link bei den Artikel
Beyouthsphere 2022
am Luxemburger Wort
Déi éischt Editioun vum Beyouthsphere Jugendforum gouf, ënnert anerem, am Luxemburger Wort, thematiséiert. De Beyouthsphere Jugendforum war en Deel vun eisen MiNELL-Aktivitéiten 2022.
Link bei den Artikel
Den RTL Reporter
am Biosphärereservat
Uganks Abrëll war den RTL Reporter op Besuch an der Minett UNESCO Biosphere an huet mat der deemolger Präsidentin vum Syndikat PRO-SUD, Anouk Boever-Thill, och iwwert de MiNELL geschwat.
Link bei de Reportage
KONSORTIUM: