Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow LéierLabs fir Kanner a Jugendlecher
quote quote

D’MiNELL-Approche

Innovativ Workshoppe fir d’Eegeninitiativ vu Kanner a

Jugendlechen am Beräich vum Ëmweltschutz ze fërderen

 

 

De MiNELL-Projet proposéiert eng interaktiv an interdisziplinär pädagogesch Approche, déi d’aktiv Participatioun vu Kanner a Jugendlecher fërdert, duerch Zesummenaarbecht mat Experten aus verschiddene Beräicher, wéi Natur-, Geeschteswëssenschaften oder aus  dem Beräich vu Konscht a Kultur.

 

Interaktiv pedagogesch Outilen

 

 

 

An eisen Ateliere ginn innovativ Outile genotzt, wéi Citizen Science a Konschttechniken (Risografie, Serigrafie,…) a Spiller fir de Kanner a Jugendlechen eng interaktiv Erfarung z’erméiglechen.

Dobausse léieren

 

 

 

Eis Aktivitéite gi prinzipiell dobaussen organiséiert, an engem ländlechen oder urbane Kontext, fir et de Kanner a Jugendlechen z’erméiglechen hir Ëmwelt op eng immersiv Manéier z’entdecken an ze verstoen.

Participatioun an demokratesch Prozesser

 

 

Eis Atelieren ënnerstëtzen d’Kanner an déi Jugendlech gemeinsam Decisiounen ze huelen a sech a konkret Naturschutzmoossnamen anzebréngen, fir esou hire kritesche Geescht an hiert demokratescht Engagement ze fërderen.

 

Déi verschidden Léier-Etappen

 

Léieren

 

 

Interaktiv Aktivitéiten dobaussen, fir Ëmweltprobleemer z’erkennen.

Handelen

 

 

Erstellen an ëmsetze vu konkrete Léisunge fir eis Ëmwelt.

Deelen

 

 

Kommunikatioun vun der Resultater duerch kreativ Methoden, déi kënschtleresch oder gemeinsam ëmgesat ginn.

 

D’Avantage vum MiNELL-Konzept

 

Koordinatioun duerch de MiNELL

 

Eng zentraliséiert Koordinatioun duerch de MiNELL vereinfacht d’Planung an d’Gestioun. Dir gitt de ganze Prozess iwwer begleet, sidd awer Schlësselacteuren vum „LéierLab“, a kënnt Är  professionell Expertis an Äert Wësse mat abréngen.

 

 

Transversaalt Léieren duerch variéiert Experten an Outilen

 

Eis interdisziplinär Approche erlaabt et just Kompetenzen an den Ëmweltwëssenschaften z’erschaffen, mä ënnerstëtzt och d’Entwécklung vu soziale Kompetenzen (duerch Gruppenaarbechten a konkret Aktiounen), schaaft e Bewosstsi fir eis natierlech Ëmwelt a fërdert demokratescht Engagement a kritesche Geescht. Esou ginn d’Kanner an déi Jugendlech preparéiert fir verantwortungsbewosst an engagéiert Acteure vun eiser Gesellschaft ze ginn.

Einfachen Accès duerch de PRO-SUD

 

De Gemengesyndikat PRO-SUD besteet aus 11 Gemengen, déi sech fir eng nohalteg Entwécklung vun hirer Regioun asetzen. Dësen zolitte regionale Reseau erméiglecht en einfachen Zougang zu ville Léiersitten an eng konkret Ëmsetzung vu Projeten op lokalem Plang.

 

 

Ëmsetze vun Ëmweltschutzprojeten

 

Konkret Ëmweltschutzprojete kënnen ëmgesat ginn, déi net just hëllefen eis Biodiversitéit z’erhalen, mä och de Participanten hiert Vertrauen an hir Kapazitéiten eegen Aktioune kënnen ze realiséiere stäerken. Dëst geschitt an der Hoffnung, datt se duerno aner Kanner a Jugendlecher inspiréieren dat selwecht ze maachen.

 

Är Roll als Enseignant oder Educateur

 

Iwwert de MiNELL gëtt d’Organisatioun an d’Ausféierung vun all “LéierLab” koordinéiert. De Projet bitt eng wëssenschaftlech Ënnerstëtzung an eng methodologesch Ergänzung zu de pedagogesche Programmer. Är aktiv Participatioun ass allerdéngs entscheedend: Är Expertise, Är Connaissance vum Grupp, an Är Fäegkeet eng Verbindung zu pedagogesche Léierinhalter ze knäppe si Schlësselfacteure fir de Succès vun all eenzelem Projet.

 

Fir Atelieren, déi sech iwwert e puer Sessiounen erstrecken, gëtt eng initial Planningsreunioun organiséiert, déi hëlleft Är Besoinen ze definéieren an d’Aarbechtsëmfeld vun de Kanner oder Jugendlechen festzeleeën. Reegelméissegen Echange an eng kontinuéierlech Zesummenaarbecht sinn essentiel fir optimal Resultater ze garantéieren an déi pedagogesch Ziler z’erreechen.

 

 

Déi verschidden Natur an Ëmwelt LéierLabs

 

Am Kader vum MiNELL gi verschidden Zorte vun Ateliere fir Participante bis 19 Joer proposéiert. Dës Atelier ënnerscheeden sech duerch hir Längt a befaassen sech entweder mat enger Thematik oder eng bestëmmter Plaz. 

 

Déi punktuell Ateliere “Nature Explorer” riichten sech u Kanner a Jugendlecher tëscht 6 an 19 Joer an daueren tëscht zwou a véier Stonnen.

 

Déi aner MiNELL-Ateliere kënnen tëscht enger Woch an zwee Schouljoren daueren a kënne flexibel op spezifesch Besoinen oder Plazen ugepasst ginn. Dës Ateliere si fir Kanner a Jugendlecher tëscht 8 an 19 Joer geduecht.

 

Nature Explorer

 

 

Klickt hei fir den Detail

CreaFuture

 

 

Klickt hei fir den Detail

BeYouthSphere

 

 

Klickt hei fir den Detail

Aire Terrestre Educative

 

 

Klickt hei fir den Detail