D’Roll vum Bongert a senge Beem
D’Bongerten am Laf vun der Zäit
D‘Bongerten an Europa hunn eng laang Geschicht, déi bis an d’Antikitéit zeréckgeet a bis haut virugeet. Am Laf vun de Joerhonnerte gouf et awer bedeitend Verännerungen an eise Bongerten.
Vum éischten Uebst bis an déi réimesch Gäert
Déi éischt Beweiser fir d’Notzung vu wëlle Friichte stamen aus dem Neolithikum, dëst waren awer warscheinlech Friichten, déi an de Bëscher gesammelt goufen.
Et waren d’Réimer, déi fir d’éischt Uebstzorten a -planzen aus Zentralasien importéiert hunn, notamment Riewen, Äppelbeem, Bierebeem a Quetschebeem, déi si ronderëm hir Villaen a Haiser geplanzt hunn.
Si haten och Technike fir d’Conservatioun entwéckelt.
Historesch Beweiser leeën no, datt déi éischt Biere scho 4000 Joer virun eiser Zäitrechnung a China, Ägypten a Mesopotamie konsuméiert goufen.
D’Verännerungen am 18. an 19. Joerhonnert
D’Uebstbeem ware laang haaptsächlech fir de perséinleche Konsum geduecht, mä am 18. an 19. Joerhonnert geet den Ubau vun Uebst an Europa bedeitend an d’Luucht. Grënn duerfir sinn d‘Industrialiséierung an eng Verbesserung vun den Zuucht- an Transporttechniken. D’Bevëlkerung, déi deen Ament och staark gewuess ass, kënnt duerch den Ubau vun Uebst, wat duerno verkaf gëtt, méi einfach un dës Liewensmëttel.
D’Uebstrevolution am 20. Joerhonnert
Am 20ten Joerhonnert hunn technologesch Innovatiounen d’Aarbecht an de Bongerte revolutionéiert an de Rendement wesentlech verbessert. Dat gëllent Zäitalter vun der Arborikultur gouf no dem Zweete Weltkrich erreecht. Kommerziell Uebstgäert hunn sech a groussem Mooss entwéckelt fir der wuessender Nofro no frëschen, awer och verschaffte Friichte gerecht ze ginn. D’Zil war et d’Nahrungsmëttelsécherheet vun der Bevëlkerung ze garantéieren.
An der zweeter Hallschent vum 20te Joerhonnert ass d’Unzuel vu Bongerten drastesch zeréckgaangen. Haaptursaachen waren d‘Intensivéierung vun der Landwirtschaft an d‘Urbaniséierung, mä och duerch gesellschaftlech Verännerungen, déi zu engem anere Konsumverhale gefouert hunn an den Abandon vu Bongerten, well hir Besëtzer sech net ëm se gekëmmert hunn, hunn dozou bäigedroen. D’Erweiderung vum Bauperimeter ronderëm d‘Uertschaften huet d’Gesamtfläch vun de Bongerten zousätzlech verréngert.
Haut: Frësche Wand fir d’Bongerten
Et ass evident, datt déi privat Bongerten, déi e Bestanddeel vum natierlechen a landschaftlechen Ierwe vu ville Gemenge waren, haut dacks verschwonne sinn. Trotz dësem Réckgang goufen an de leschte Joerzéngte wesentlech Efforte gemaach fir nei Beem ze planzen an déi al Bongerten ze schützen, notamment aus Grënn vum Ëmweltschutz.
Datt dës Plaze schützenswäert sinn, steet ausser Fro. D‘Bongerten, an deenen et eng grouss Biodiversitéit gëtt, spillen nach ëmmer eng Roll a Länner ewéi Spuenien, Italien, Polen, Griicheland, Frankräich a Rumänien, mä och zu Lëtzebuerg, an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz ginn ewell Efforten zu hirem Schutz gemaach. Dës Efforte gi vum Planze vun neie Beem an d’Erhale vun alen Uebstzorten, iwwert d‘Notze vun de Friichte fir d’Produktioun vu Gedrénks a Liewensmëttel op regionaler Basis, bis bei d’Sensibiliséierung géint Liewensmëttelverschwendung, d’Fleeg vun de Bongerten an den Erhalt vun traditionellem Wëssen.
Et kann een deemno soen, datt sech an de Bongerten zënter der Zäit vun den Ale Réimer vill gedoen huet, mä trotz all de Schwieregkeeten, déi mat hirem Erhalt verbonne sinn, si se nach ëmmer e wesentlechen Deel vun eisem natierlechen a kulturelle Patrimoine.
Bongerte si richteg Schatzkëschte
An engem Kontext, wou d’Klimakris, d’Biodiversitéitskris an ökologesch Krisen ëmmer wieder zouhuelen, ass et wichteg eis Stied als Biodiversitéitshäfen nei ze denken. Dës Transformatioun erfuerdert eng déifgräifend Reevaluatioun vun eisem Verhalen an de Stied, andeems de Fokus op Proximitéit, Biodiversitéit a lokal Landwirtschaft geluecht gëtt. Bongerte kënnen an dësem Prozess eng Schlësselroll spillen.
Nieft hirer Roll an der Liewensmëttelproduktioun, bidde si Raum fir Bildung, sozial a kulturell Aktivitéiten, déi et de Stadbewunner erlaben, sech nees mat der Natur ze verbannen a nei sozial Kontakter opzebauen. Hir Roll als gréng Korridoren, kill Plazen, am Schutz vun der Biodiversitéit a beim Ëmweltschutz maache Bongerten enorm wäertvoll bei Plange vu méi nohaltegen a resiliente Stied.
o Roll bei der Liewensmëttelsécherheet: Produktiounsplaz fir lokal a gesond Liewensmëttel
o Roll beim Schutz vun der Biodiversitéit: ideal Habitater fir eng eng grouss Unzuel un Déieren a Plaze fir al Uebstzorten z’erhalen…
o Klimatesch, ekologesch a urban Roll: Kill Oasen am Summer, CO2-Späicher, Verbesserung vun der Loft- a Buedemqualitéit, urban Ästhetik…
o Roll an der Bildung: sSensibiliséierung vun den Awunner fir eng ganz Rei Theemen ewéi d‘Bezéiung zur der Natur, Saisonalitéit an den Afloss vum Wieder, lokal Ernierung, Kampf géint Liewensmëttelverschwendung, Leiere vun hortikulturelle Fäegkeeten…
o Sozial a kulturell Roll: Natur-, Erhuelungs- a Treffpunkt, Plaze fir den Austausch tëscht den Awunner aus de Quartieren, wann d’Friichte gepléckt, gekacht oder konservéiert ginn … Uebstbeem sinn en aussergewéinlecht Mëttel fir de Bléck vun de Stadbewunner op hiert natierlecht Ëmfeld ze veränneren.
Dësen Text baséiert op enger Kompilatioun vun Informatiounen aus verschiddene Quellen.