🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow LéierLabs fir Kanner a Jugendlecher
quote quote

Nature Explorer

Punktuell Atelieren, déi e Moien oder en Nomëtteg laang daueren,

fir Kanner a Jugendlecher tëscht 6 an 19 Joer

 

 

“Nature Explorer”-LĂ©ierLabs bidde jonke Participanten eng immersiv, praktesch Outdoor-Erfarung an invitĂ©ieren d’Kanner oder dĂ©i Jugendlech direkt an der Natur Saachen z’entdecken an ze lĂ©ieren. De VirwĂ«tz a kritescht Denke vun de Participante gĂ«tt duerch interaktiv (z.B. artistesch) an/oder spilleresch AktivitĂ©ite stimulĂ©iert.

 

DĂ«s Eenzel-Ateliere kĂ«nnen entweder ronderĂ«m ee spezifescht Thema organisĂ©iert ginn, oder a Form vun engem dynamesche Parcours, dee verschidden Ëmweltthemen ofdeckt.

 

Escape Game Minett

 

 

 

 

Mat zwee Escape Games entdecke Jonker vun 10 bis 14 Joer (oder mĂ©i) op eng spilleresch ManĂ©ier d’Geheimnisser vun der BiodiversitĂ©it, der Geologie an der Industriegeschicht vun den zwee eenzegaartegen Naturschutzgebitter „Giele Botter“ an „Haard“ souwĂ©i d’Bedeitung vun hirer Protektioun.

 

Op engem Tour duerch en frĂ©iert Dagebaugebitt lĂ©isen d’Equippen op siwe verschiddene Statioune RĂ€tselen a gi spannend Fakten iwwert d’Ëmwelt, an dĂ€r se sech grad ophalen, gewuer.

 

D’Spiller, dĂ©i op DĂ€itsch sinn, ginn a RucksĂ€ck transportĂ©iert dĂ©i spezifesch fir dĂ«s Escape Games entwĂ©ckelt goufen.

Public cible:

 

Kanner a Jonker

(10 bis 14 Joer)

 

Dauer:

 

± 4 Stonnen

Plaz:

 

Naturschutzgebitt “Giele Botter”

(Nidderkuer)

Naturschutzgebitt “Haard”

(Diddeleng)

Minett INK: eng graphesch Exploratioun vun der Biodiversitéit

 

 

 

WĂ©i kann een op eng Ă«mweltfrĂ«ndlech a kreativ ManĂ©ier Kommunikatiounsmaterial fir d’Promotioun vun der ËmwelterzĂ©iung entwĂ©ckelen?

 

Workshop mat Risografie, enger japanescher Drockprozedur, bei dÀr Tënt benotzt gëtt, déi just aus Soja, ouni Léisungsmëttel, besteet, fir eenzegaarteg an onerwaart Bichelcher, Flyeren a Posteren ze kreéieren.

 

Public cible:

 

Kanner aus der Grondschoul

a Jonker aus dem Lycée

(6 bis 19 Joer)

Dauer:

 

op Ufro

Dënschdes oder Mëttwochs

Plaz:

 

Naturschutzzentrum Ellergronn

(Esch-Uelzecht)

D’Minetter Schof entdecken

 

 

Schlësseldéiere beim Erhale vun der Biodiversitéit

 

Mir ginn op d’Sich nom “Minetter Schof”, dem rouden Ardennerschof, dat duerch eist BiosphĂ€rereservat zitt an esou der existenter Natur op verschidde ManĂ©ieren hĂ«lleft.

 

Andeems mir d’Behuele vun de Schof a hirer ËmgĂ©igend observĂ©ieren an analysĂ©ieren, gi mir mĂ©i gewuer iwwer seng essentiel Roll bei der Erhale vun der BiodiversitĂ©it an de Landschafte vun der Minett UNESCO Biosphere.

 

Datumer 2025:

 

D’Datumer fir d’RentrĂ©e 2025/26 stinn nach net fest.

Public cible:

 

Kanner aus der Grondschoul

(6 bis 12 Joer)

Dauer:

 

± 2,5 Stonnen

Plaz:

 

An den Natuschutzgebidder

vun der Minett UNESCO Biosphere