Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow MiNELL - MINETT NATUR AN ËMWELT LÉIERLAB
quote quote

LéierLabs fir Kanner a Jugendlecher

Innovativ Workshoppe fir d’Eegeninitiativ vu Kanner a

Jugendlechen am Beräich vum Ëmweltschutz ze fërderen

 

 

Am Kader vun eisem MiNELL – Minett Natur am Ëmwelt LéierLab bidde mir eng Rei vu wëssenschaftlech-pedagogesch Ateliere fir Kanner a Jugendlechen am Alter vu 6 bis 19 Joer un. Et geet drëm d’Onofhängegkeet an d’Initiativ vun de Participanten an der Sich no Léisunge fir Ëmweltschutz an nohalteg Entwécklung ze förderen. Duerch interaktiv Ateliere vu ënnerschiddlecher Durée ginn Kanner a Jugendlecher encouragéiert fir aktuell Ëmweltproblemer z’erfuerschen, z’experimentéieren an sech aktiv z’engagéieren.

 

D’Ateliere behandele verschidden Themen, wéi Biodiversitéit an Naturschutz, Industriegeschicht an hiren Impakt op d’Ëmwelt, Dekarboniséierung an erneierbar Energien, urban Erwiermung a lokal Léisungen, fir der just e puer ze nennen.

 

Duerch eng partizipativ Approche bei der Sich no Léisunge fir déi verschidde Problematiken, ass de But vun den Ateliere e kritescht Bewosstsinn bei de jonke Leit z’entwéckelen an hinnen d’Instrumenter ze ginn, déi se brauchen fir Acteure vun der Verännerung ze ginn.

 

 

D’MiNELL-Approche

 

De MiNELL-Projet proposéiert eng interaktiv an interdisziplinär pädagogesch Approche, déi d’aktiv Participatioun vu Kanner a Jugendlecher fërdert, duerch Zesummenaarbecht mat Experten aus verschiddene Beräicher, wéi Natur-, Geeschteswëssenschaften oder aus  dem Beräich vu Konscht a Kultur.

 

Klickt hei fir den Detail

 

Déi verschidden Natur an Ëmwelt LéierLabs

 

Am Kader vum MiNELL gi verschidden Zorte vun Ateliere fir Participante bis 19 Joer proposéiert. Dës Atelier ënnerscheeden sech duerch hir Längt a befaassen sech entweder mat enger Thematik oder eng bestëmmter Plaz. 

 

Déi punktuell Ateliere “Nature Explorer” riichten sech u Kanner a Jugendlecher tëscht 6 an 19 Joer an daueren tëscht zwou a véier Stonnen.

 

Déi aner MiNELL-Ateliere kënnen tëscht enger Woch an zwee Schouljoren daueren a kënne flexibel op spezifesch Besoinen oder Plazen ugepasst ginn. Dës Ateliere si fir Kanner a Jugendlecher tëscht 8 an 19 Joer geduecht.

 

NatureExplorer

 

 

Klickt hei fir den Detail

CreaFuture

 

 

Klickt hei fir den Detail

BeYouthSphere

 

 

Klickt hei fir den Detail

Aire Terrestre Educative

 

 

Klickt hei fir den Detail