Aire Terrestre Educative
Workshoppe fir een Naturraum z’entdecken
ongeféier 15 Sessiounen wärend engem oder zwee Joer
fir Jonker vun 8 bis 19 Joer
D’”Aire Terrestre Educative”-LéierLabs spillen sech an engem predefinéierten natierleche Raum of, wéi zum Beispill an engem Bësch, engem Park oder engem Quartier. Esou kënnen d’Kanner oder déi Jugendlech dëst Gebitt “a Besëtz huelen”, fir et an der Déift z’entdecken.
Am Laf vum Joer léieren si verschidden Theme mat Bezuch zu Natur an Ökologie kennen, a kënnen och hir eege Projeten am Zesummenhang mat hirer “Aire Terrestre Educative” (ATE) entwéckelen. D’Kanner oder déi Jugendlech stëmmen demokratesch driwwer of, wéi eng Sujeten si méi verdéiwe wëllen; si ginn Acteuren an hirem Léierprozess.
Dëse LéierLab bitt eng immersiv, dynamesch a partizipativ pädagogesch Outdoor-Erfarung, déi de Virwëtz, d’Zesummenaarbecht a d’Kreativitéit bei Kanner a Jugendlecher stimuléiert.
D’ATE vu Rëmeleng
Den Arboretum “An Aenzelen”
Zwou Rëmelenger Grondschoulklassen, aus dem Cycle 3 a 4, waren Deel vun der éischter “Aire Terrestre Educative” am Land. No enger éischter Visite am Arboretum “An Aenzelen” zu Rëmeleng hunn d’Schüler ugefaang Iddien ze sammele fir Sujeten, déi se gären op der Plaz verdéiwe wollten. Bei reegelméissegen Ausflich duerno hunn se an Atelieren, déi um Site duerchgefouert goufen, déi Sujeten, déi se interesséiert hunn, verdéift. Dat ass mat der Hëllef vu Spezialisten a verschiddenen Techniken, wéi zum Beispill Land-Art oder d’Opriichte vu Sonnenaueren. Dës Visitten hunn et de Schüler erlaabt Wëssen iwwer d’Geschicht an d’Ökologie vum Arboretum ze sammelen, esouwéi méi iwwert de Schutz vun den Natura-2000-Zonen an Naturschutzgebidder ronderëm den Arboretum gewuer ze ginn.
No dësen Entdeckungen hunn d’Schüler driwwer ofgestëmmt wéi eng konkret Aktiounen se zugonschte vum Ëmweltschutz ëmzesetze wéilten. Zwee Beispiller waren d’Installatioun vu Vullenhaisercher an eng Botzaktioun.
Schlussendlech hunn d’Schüler decidéiert fir nei Schëlter fir den Arboretum ze designen, déi de Visiteuren en séieren Iwwerbléck iwwer d’Natur an d’Geschicht vun dësen Site bidden. D’Informatioun, d’Grafiken an aner kreativ Bäiträg op de Schëlder komme vun de Schüler a resuméieren hir Erkenntnisser an Iddien, déi wärend dem ganze Projet entwéckelt goufen. Dës Initiativ huet et de Schüler erlaabt aktiv am Schutz vun hirer Ëmwelt agebonnen ze ginn, an hir Kompetenzen an de Beräicher Soziales an Ëmweltwëssenschaften entwéckelt.
Den Detail vum Konzept
Wat ass eng “Aire Terrestre Educative”? Wien huet d’Konzept erstallt? Op de Säite vum Office Français de la Biodiversité fannt Dir all déi néideg Informatiounen:
Klickt hei fir den Detail
Chronologie vun der ATE Rëmeleng
Hei hu mir d’Entstoe vun der éischter “Aire Terrestre Educative” an der Minett UNESCO Biosphere, an domat och zu Lëtzebuerg, Schratt fir Schratt dokumentéiert.
Klickt hei fir d’Chronologie