Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow Aire Terrestre Educative
quote quote

D’Konzept vun der “Aire Terrestre Educative”

 

 

Eng “Aire terrestre éducative” ass eng Naturzon, déi duerch eng participativ Aart a Weis vu Schoulkanner geréiert gëtt. Guidéiert duerch hier Enseignanten a verschidden Intervenanten, studéieren d’Schoulkanner dës Plaz an decidéieren demokratesch Aktiounen, déi den natierleche Patrimoine erhale sollen.

 

Duerch dëse Projet entwéckelen si Kompetenzen aus dem Schoulprogramm an entdecken hiren Territoire an seng Acteuren. D’Objektiver si fir d’Schoulkanner erëm mat der Natur ze verbannen an d’fërdere vun dësem Wëssen an de Schutz vun der Biodiversitéit um gewielte Site.

 

Duerch eng participativ Approche sollen déi Jonk verstoen, datt eis Äerd e komplexe System ass, deen sech aus verschiddene Komponenten, déi matenee verbonne sinn, zesummesetzt. Dës Bestanddeeler sinn d’Atmosphär, d’Biosphär, d’Lithosphär, d’Hydrosphär an d’Geosphär. 

 

Ausserdeem solle Synergien tëschent de Schoulkanner, Benotzer, Enseignanten op dëser Plaz entstoen.

 

Déi pedagogesch Virdeeler vum konkreten Enseignement um Terrain ergi sech aus engem bessere Verständnis vun der Ëmwelt. Kanner kréien e Bewosstsinn fir aktuell Ëmweltproblemer a kënne sech bewosst ginn, datt jiddereen eng perséinlecher Verantwortung huet, fir eis Äerd ze schützen. Dës Approche kann och hëllefen interdisziplinär Fäegkeeten z’entwéckelen, wéi kritescht Denken, Zesummenaarbecht a d’Léise vu Probleemer. Schlussendlech kann eng “Aire terrestre éducative” de Schoulkanner hëllefen eng emotional Verbindung mat der Natur z’entwéckelen a méi bewosst an aktiv Bierger ze ginn.

 

 

 

Newsletter

Abonnéiert Iech op den Newsletter vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab

Är Mail gëtt just benotzt fir iech den Newsletter ze schécken

an Dir kënnt Iech iwwert en einfache Link zu all Ablack nees ofmellen.

 

 

KONSORTIUM:

 

 

FINANZÉIERT DUERCH: