Definitioun Geopoetik
Definitioun vun der Geopoetik
âWat ass Geopoetik? De Projet Geopoetik ass net just eng weider kulturell “Spillwiss”, et ass och eng literaresch Schoul, an et ass keng Poesie als intim Konscht.
Et ass eng grouss Beweegung, dĂ©i d’Grondlage vun der Existenz vum MĂ«nsch op der Ăerd mat abezitt (âŠ).
De Lien tĂ«scht Geopoetik an der Geographie ass offensichtlech, et gĂ«tt esou e Lienen, dĂ©i gutt entwĂ©ckelt sinn, awer och mat der Geologie, der Biologie an der Ăkologie (y compris d’Ăkologie vum Geescht).
TatsĂ€chlech bitt d’Geopoetik e Point de Renconter an eng gĂ©igesĂ€iteg Befruchtung tĂ«scht, awer net nĂ«mmen, der Dichtung, dem Denken an der WĂ«ssenschaft, mĂ€ och mat aneren Disziplinnen (âŠ), andeem se dĂ©i grondleeĂ«nd Fro stellt:
Wat ass mam Liewen op der Ăerd, wat mat der Welt?â
Kenneth White.
E geopoetesche Recit fir d’Land vun de roude Fielsen
De Minett, wĂ©i mer e kennen, ass d’Land vun de roude Fielsen. Seng Geographie ass dĂ©i vun engem Land, an dem d’Faarf Rout dominĂ©iert. D’Faarf vum EisenĂ€erz ass omnipresent an duerchdrĂ©ngt d’Landschaft vun dĂ«ser Regioun am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg. An der Virstellung vun de MĂ«nschen steet de Minett schonn Ă«mmer fir de Biergbau, deen dĂ©i national an international industriell “Stollandschaft” vum 20. Joerhonnert geprÀÀgt hunn. MĂ€ de Minett ass, ewĂ©i all d’Geographien, vun engem Geescht vun der Plaz, dem “Genius Loci” vun de LatĂ©nger, beseelt, deen ni verschwonnen ass.
Â
Vun der Miere aus dem Jura bis bei d’Moundlandschaften, dĂ©i de Biergbau hannerlooss hat, schĂ©ngt dĂ©i intim Geographie vum Minett a groussen Deeler net erfuerscht ze sinn.
D’Gelogie ass de verstoppten Deel vun der Geographie, mĂ€ d’Geographie ass dĂ©i Ă©ierlechst vun alle WĂ«ssenschaften: Mer kucken op eng Landschaft an d’Geographie verrĂ©it eis all hir Detailer. Et ass eis Aufgab, dĂ«s z’interpretĂ©ieren a se dann a Sprooch, mĂ«nschlech Handlungen an an d’Praxis ‘iwwersetzen. An dĂ©i Praxis, dĂ©i dĂ©i europĂ€esch Geographie haut brauch, muss eng kreativ sinn: wĂ©ineg Theorie, vill Praxis.
Â
Virun 180 Millioune Joer huet alles mat engem flaache Mier ugefaangen, um Bord vun enger grousser Insel, an engem Delta, wat Flutwellen an engem tropesche Klima ausgeliwwert war.
Haut sinn d’Iwwerrechter vun dĂ«ser “Jurassic World” nees opgedaucht, am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg, um Bord vum ParĂ€iser BasĂ©ng, un der Grenz tĂ«scht LĂ«tzebuerg a FrankrĂ€ich. Eisen, wat zu Stol ginn ass, huet dĂ«s Landschaft an d’Geschicht vun de MĂ«nschen hei, am HĂ€erz vun Europa, verĂ€nnert. Haut sinn dĂ«s Iwwerrechter d’Geschicht vun der Landschaft – dĂ©i nei al Landschaft, dĂ©i d’MĂ«nschen inspirĂ©iert huet, sech hiert Liewe virzestellen. WĂ©i stelle mir eis eist Liewen an dĂ«ser neier Landschaft vir – geographesch a mĂ«nschlech?
Et gëtt just ee Wee, fir dat erauszefannen. Mir sollten nees ufÀnken ze trëppelen, zu fuerschen, wéi wa mir grad op neie Plage vun dësem urale Baséng geland wieren: Eis virstellen, e Bléck op de poetesche Fonken ze kréien, deen aus dem Eidel kënnt, deen dës industriell Vergaangenheet hannerlooss huet, an ufÀnken, en neit Buch ze schreiwen: Minett, Land vun de roude Fielsen.