Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow DAG AN DER NATUR 2024
quote quote

Atelieren

Sonndeg, de 26. Juni 2022

 

vun 10:00 bis 17:00

 

am Ellergronn zu Esch/Uelzecht

 

Sport, Spill a Spaass fir Grouss a Kleng!

 

Bei den Atelieren um Dag an der Natur ass fir jiddereen eppes dobäi. Dir kënnt sportlech ginn, eppes mat Déieren ënnerhuelen, bastelen oder äert handwierklecht Talent testen.

 

Hei fannt dir den Detail vun all den Atelieren, déi iech um Dag an der Natur proposéiert ginn.

 

1 Rendez-vous mat de Schof

 

 

D’Mataarbechter vum Escher Déierpark bidden iech d’Geleeënheet hir Schof kennen ze léieren.

 

2 Stackbrout backen

 

 

Maacht mat den Educateuren an Educatricen aus der Escher Bëschrèche Brout a baakt et iwwert dem oppene Feier.

 

3 Apicool

 

 

Apicool proposéiert en Atelier fir aus Pärele Beien a Libellen ze bastelen an dës da mat Naturfaarwen ze bemolen. 

 

4 Segwaytours

 

 

Léiert Segway fueren a maacht mat bei engem Concours fir e flotte Segway-Ausfluch ze gewannen.

 

5 Biodiversitéit am Bësch

 

 

De Bësch, seng Planzen an Déieren ertaaschten, kenneléieren a verstoen. Dat ass d’Zil vum Atelier deen de Panda Club vum ‘naturmusée’ proposéiert.

 

6 Klima Puzzle

 

 

Verstitt spilleresch déi grouss Zesummenhäng a wëssenschaftlech Grondlage vu Weltklima a Klimawandel, fir de Phenomen besser ze verstoen.

 

 

 

7 D’Geologie vum Minett

 

 

D’Ekipp aus dem Musée Ferrum gëtt iech en Abléck an déi eenzegaarteg Geologie vum Minett.

 

8 Bouschéissen

 

 

D’Escher Bouschéisser ginn jidderengem eng Aféierung an d’Konscht vum Schéisse mam Bou.

 

9 Hummeren aus Holz

 

 

De Lothar Wilhelm fabrizéiert mat iech kleng a grouss Hummeren aus Holz.

 

 

 

10 Poterie

 

 

Realiséiert zesumme mam Ute Wons eege Kreatiounen aus Leem.

 

11 Escher Geméisguart

 

 

Den Escher Geméisguart stellt sech vir, verkeeft a bastelt mat de Kanner aus Blumme Bijouen.

 

12 Carnets de la nature

 

 

Léiert den Naturmoler Alan Johnston kennen a moolt mat him d’Natur.

 

 

 

13 APHEM

 

 

Animatioun an Informatioun ronderëm Insektenhoteller a Vullenhaisercher.

14 Mär schnëtzen

 

 

D’ANF mécht mat de Kanner aus Holz Konscht, andeems se mat Schnëtzmesser eege Skulpture maachen.

15 Buerféiss duerch de Bësch

 

 

Trëppelt mat den Expäre vun der ANF ouni Schong, also buerféiss, duerch de Bësch am Ellergronn.

 

 

16 Mir maache Miwwelen

 

 

Atelier fir aus natierleche Materialen an ouni Pesch a Koll eege Miwwel oder Kierf ze maachen.

 

17 Spill mol / See mol

 

 

Grouss gemeinschaftlech Spiller aus Holz zesumme spillen, oder mat historesche Seeë selwer eppes erschafen.

 

18 Bastele mat Naturmaterialien

 

 

An dësem Atelier kann ee senger Kreativitéit mat lauter Naturmaterialie fräie Laf loossen.

 

 

 

19 Holzbrennatelier

 

 

Zesumme mat Moniteure vun der ANF kann een an dësem Atelier Nimm a Formen an d’Holz brennen.

 

 

Klickt op de Plang hei ënnendrënner fir ze gesinn, wou wat um Site geschitt.