Sech am Bongert begéinen
De Bongert ass eng Plaz Natur. Hei kann ee sech erhuelen an e puer flott Momenter mat Frënn, Kolleegen an der Famill verbréngen. De Bongert kann och eng Plaz sinn, fir Leit aus dem Quartier ze begéinen a sech mat hinnen auszetauschen.
Besonnesch wann d’Friichten zeideg sinn, gepléckt ginn an duerno eventuell esouguer op der Plaz weiderverschafft ginn, kann de Bongert eng geselleg Plaz fir d’Liewen an engem urbane Raum ginn. Dobäi kënnt de Punkt, datt d’Uebstbeem eis e Bléck op dat natierlecht Ëmfeld vun eiser Regioun erméiglechen.
Op dëser Säit droe mir Aktiounen, Manifestatiounen an aner Rendez-vousen zesummen, déi an de Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere organiséiert ginn a bei deenen Dir d’Bongerten aus den 11 PRO-SUD-Gemengen entdecke kënnt.
25.09.: Vun Äppel a Bieren
Entdeckt de gréisste Bongert vum Land, deen als Naturschutzgebitt en Deel vun der Minett Biosphere ass.
De Pomolog Richard Dahlem verréit hëlt Iech mat an d’Uebstbaugeschicht vum Bongert Altenhoven a weist Iech déi verschidden lokal an traditionnel Uebstzorten, déi hei wuessen.
Am Laf vum Tour degustéiert Dir en plus déi histroesch Äppel a Bieren, déi Dir virdrunner gepléckt hutt.
Sprooch vum Atelier: Däitsch
Wou:
Bongert Altenhoven
58, rue J.F. Kennedy
L-3249 Bettembourg
Wéini:
Mëttwoch, den 25. September 2024
um 17:30
27.09.: Äppelfest
Fest ronderëm den Apel mat:
- • Verkaf vun Taarten, Äppelchips an Äppeljus
- • Produktioun vun Äppeljus
- • Bastel- a Spillatelieren
Bréngt Är eegen Äppel an eidel Fläsche mat, fir mat frësch gepresstem Äppeljus heem ze goen.
Wou:
place du Marché
L-4621 Differdange
Wéini:
Samschdeg, den 28. September 2024
vun 11:00 bis 18:00
05.10.: En Dag am Bongert Altenhoven
Wou:
Entrée bei der Foussgängerbréck
iwwer d’Autobunn
Waassertuerm, rue J.F. Kennedy
L-3249 Beetebuerg
Wéini:
Samschdeg, den 5. Oktober 2024
vun 10:00 bis 15:00
12.10.: Äppel pléckem am Bongert Altenhoven
De Jugendgrupp vun natur&ëmwelt invitéiert an de gréisste Bongert vum Land.
Umeldung bis de 4. Oktober 2024.
Dat Besonnescht um Bongert Altenhoven ass seng grouss Diversitéit a punkto al Uebstzorten, esou wéi säi Wäert fir d’Planzen- an d’Déierewelt.
Bei dëser gemeinsamer Pléckaktioun am Bongert Altenhoven gi mir méi iwwert d’Bedeitung vun de Bongerte gewuer a mir maache selwer Viz, deen och direkt ka probéiert ginn.
Jiddereen dee matmécht kritt och e Kuerf mat Äppel a Biere mat Heem.
Wou:
Bongert Altenhoven
rue John F. Kennedy
L-3249 Beetebuerg
Wéini:
Samschdeg, den 12. Oktober 2024
vun 10:00 bis 14:00