Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Save the Date: “Vernetzt fetzt! Etre connecté, c’est cool!“

Du hues Loscht dech a Biosphärereservater z’engagéieren?

Da komm op den drëtten däitschsproochegen MAB-Jugendforum:

Du bass häerzlech invitéiert, dobäi ze sinn!

Wéini: 22. bis 25. September 2023

Wou: Am Biosphärereservat Pfälzerwald-Nordvogesen an Däitschland

Zilgrupp: Jonk Mënschen tëscht 18 a 25 Joer, déi a Biosphärereservater liewen, schaffen oder sech fir dës engagéieren.

Informatiounen iwwert d’Manifestatioun:

Wéi bei de Jugendforume virdrunner gëtt e Programm mat vill Ofwiesslung an engem Mix aus Diskussiounen, Atelieren, Ausflich, Lagerfeier a Musek gebueden.

D’Haaptsujete sinn “Vernetzung a Participatioun”. Hannergrond ass de Manktem u Kontakt tëscht de jonken Erwuessenen aus der Regioun an de Mataarbechter vun de Biosphärereservater. Mir brauchen iech! Wéi kënne mer iech erreechen? Wéi kënne sech Jonker bei Biosphärereservater abréngen? Wéi kann e reegelméissegen an oppene Kontakt entstoen? Zesumme mat Vertrieder vu Biosphärereservater an iech wëlle mer doriwwer diskutéieren.

Donieft invitéiere mer Jonker, déi Däitsch schwätzen, aus Frankräich, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg, fir zesummen ze diskutéieren a vuneneen ze léieren: Wat sinn erfollegräich Beispiller fir d’Participatioun vu Jonken? Wéi kann ee sech aus bausst esou engem Forum besser vernetzen? Wat gëtt duerfir gebraucht? Op dës an aner Froe siche mer, zesumme mat iech, Äntwerten.

D’Participatioun um Programm ass fir Participanten aus dem Ausland gratis. Et musse just d’Käschte fir den Hebergement, d’Verfleegung an den Trajet op de Forum an nees heem iwwerholl ginn. D’Iwwernuechtunge mat de Moolzechte kaschten aktuell 218,21 € pro Persoun fir dee ganze Jugendforum.

De Programm gëtt, op en Neits, vun engem Grupp vu jonken Erwuessene mat organiséiert, déi scho bei den zwee éischte Forumen dobäi waren. Konkret Informatiounen iwwert de Programm kommen am Laf vum Fréijoer no.

Den Hannergrond

Den éischten däitschsproochege MAB-Jugendforum 2019, ënnert dem Motto “Nachhaltig leben und wirtschaften” hat 27 Jonker aus Däitschland an Éisträich am UNESCO-Biosphärereservat Rhön zesummebruecht. Iwwer 4 Deeg hu se hir Erfarungen a Visiounen net just ënnerteneen, mä och mat erfollegräichen Entreprisen aus der Rhön ausgetosch a Projeten entwéckelt, mat deenen d’Iddie vun de Biosphärereservater gestäerkt kënne ginn.

Fir den zweete Forum 2021 sinn iwwer 40 Jonker aus Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg ënnert dem Motto “Lust auf Parti*zipation” am Biosphärereservat Schwäbische Alb zesummekomm. An engem intensiven Echange sinn hei Fuerderungen a Wënsch fir eng besser Bedeelegung vu Jonken erschafft ginn. Doraus ass e “Parti*fest” (= Partizipation + Manifest) entstanen, deen oip der Plazmat Decideuren diskutéiert gouf an duerno un all d’Biosphärereservater an Däitschland virugeleet gouf.

En éischten Androck vum geplangte Forum 2023 a Réckblécker op déi éischt zwou Editioune sinn hei ze fannen.

Lëtzebuergesch Participatioun bei Jugendforumen

An hei fannt dir d’Impressioune vum Hana Prosser, der Vertriederin vu Lëtzebuerg um Jugendforum 2021 am Biosphärereservat Schwäbische Alb.

 

No senger Participatioun um Forum an Däitschland hat d’Hana eis du gehollef den éischte Jugendforum “Beyouthsphere” an der Minett UNESCO Biosphere z’organiséieren. Am Abrëll 2022 sinn hei vu 15 Jonken aus ganz Europa zu Lasauvage 4 konkret Ëmweltprobleemer um Territoire vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat detektéiert ginn. U Léisunge fir dës Problemer gëtt dann am Juli 2023 geschafft, wann am Ellergronn déi zweeten Editioun vum “Beyouthsphere” Forum wäert sinn.

Méi Informatioune komme geschwënn.