Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

MAB Jugendforum 2021

© Hana Prosser/Pro-Sud

Wärend dem Weekend vum 24. bis de 27. September hu sech knapp iwwer 50 jonk Participante fir déi 2. Editioun vum MAB Jugendforum vun den däitschsproochege Länner zesumme fonnt. D’Participanten, alleguer aus oder aktiv an de Biosphäre vun Däitschland, Lëtzebuerg, der Schwäiz an Éisträich, hu véier schéin a sonneg Deeg genoss um Site vum Hofgut Hopfenburg, an der UNESCO Biosphärenreservat Schwäbische Alb, dee fir dëse Forum zeréckbehale gi war.

D’Plaz vum Jugendforum

© Hana Prosser/Pro-Sud

D’Schwäbische Alb Biosphärreservat, gegrënnt 2008, ass eng markant natierlech Regioun mat räichhaltegen urbane Raim an enger laanger Geschicht vu Landwirtschaft a militärescher Ausbildung. Déi landwirtschaftlech Exploitatioun gouf an de leschte Jore limitéiert an an den 3 Joer virun der Grënnung vun der Biosphäreregioun huet all militäresch Aktivitéit um Territoire vun der Biosphär opgehalen. D’Landschaften, déi viru fir dës Aktivitéite benotzt goufen, sinn zu de Schlësselberäicher vun der Biosphär ginn a bilden elo wäertvoll Wisen, déi räich a Biodiversitéit sinn. Si ergänzen d’Bëschgebidder, déi et och an der Reserve gëtt.

Dat aktuellt Zil vun der Biosphär ass et elo nohaltegen Entretien vun den natierleche Beräicher a vu mënschlechen Aktivitéiten ze fërderen. Déi schéin a beandrockend Terraine vum MAB-fokusséierten „Hofgut Hopfenburg“ sinn e perfekt Beispill fir harmonescht Engagement a fir mat der Natur zesummen ze liewen. D’Grënner hunn d‘Plusvalue, déi hir Projeten der Regioun bruecht hunn, ënnerstrach. Dat geet vun der Ënnerstëtzung vu regionale Produkter, iwwer eng kulinaresch Offer , d‘Wiederverwendung vun Holz an hirem Haaptversammlungsraum bis bei d’Intentioun grot Waasser an hire sanitären Anlagen ze recycléieren. Wéi och ëmmer, d’Hoffgut Hopfenburg Team wéi och aner Acteure vun der UNESCO-Biosphär Schwäbische Alb ware ganz transparent iwwer de Mangel u Participatioun vu Jonke fir de Developpement vum Reservat. Esou ass d‘Schwäbische Alb déi ideal Plaz gewiescht fir jonk Leit zesummenzebréngen an iwwer Strategien nozedenke fir dëse Mangel un Engagement ze behiewen.

© Hana Prosser/Pro-Sud

De Programm vum Jugendforum

Den Agenda vum Jugendforum war voller Aktivitéiten, mat engem besonnesche Schwéierpunkt um „Engagement“ vu jonke Leit an de Biosphären. Den éischten Owend gouf benotzt fir all d‘Participanten ze begréissen an huet et hinnen erlaabt sech bei engem Iessen an engem uschléissende Lagerfeier kennenzeléieren.

Um zweeten Dag hunn d’Participanten un enger interaktiv Debatt mat Vertrieder vu verschiddene Jugend- an Ëmweltorganisatiounen deelgeholl. D’Zil war et Strategien ze presentéieren an ze diskutéieren an en Interessi fir Synergien tëscht Gruppe vu komplementare jonke Leit ze kreéieren. Nom Mëttegiesse war et en Ausfluch op de lokale Schofshaff vun der Famill Mackensen, déi an enger bekannter MAB-Firma aktiv sinn. Hir Entreprise ‚Albgemacht‘, produzéiert lokale Kéis, Äppeljus an nohalteg Produkter. Ier den zweeten Dag mat engem Concert vun der lokaler Band „Daily Journal“ op en Enn gaangen ass, hunn d’Participanten eng wichteg Brainstormaarbecht ugefaangen, iwwer dat wat se als entscheedend Elementer gesinn, déi nach erstallt musse ginn, fir de Manktem un Engagement vu jonke Leit a Biosphärereservater ze reduzéieren.

© Hana Prosser/Pro-Sud

Den drëtten Dag stoung ganz am Zeeche vun engem Trëppeltour an eng vun de Kärzone vun der UNESCO Biosphär Schwäbische Alb. Den Ausfluch, geleet vun engem vun de Rangeren, déi responsabel fir d’Reserv sinn, huet de Participanten um Forum e faszinéierenden Abléck an d’Gestioun vun engem Gebitt ginn, wat fréier als militärescht Trainingsterrain genotzt gouf. Et war e gutt Beispill, wéi en natierlecht Gebitt staark vu mënschlecher Aktivitéit beaflosst ka ginn, awer och vun der Tatsaach datt d’Biodiversitéit a mënschlech Aktivitéit sech net géigesäiteg ausschléissen. Tatsächlech ginn d’Wisen, wou d’Zaldote fréier ausgebilt goufen, elo aktiv geréiert an se ginn esou erhalen, wéi se virun 100 Joer waren, wou d‘militäresch Aktivitéit um Site omnipresent war. Dës Wise betsiechen haut duerch hir grouss Diversitéit un Insekten. E Liewensraum, deen awer verschwanne géif wann hei nees Beem a Bëscher géife wuessen an d’Landschaft verännere géifen. Dës Situatioun ass vergläichbar mat den Dréchewisen, déi am Minett nom Enn vum Dagebau entstane sinn an déi elo als Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere konservéiert ginn. Nom Ausfluch hunn d’Participanten um Forum sech nach eng Kéier mat der Fro befaasst, wéi een den Engagement vu Jonken an enger Biosphär ka stimuléieren.

© Hana Prosser/Pro-Sud

Um 4. a leschten Dag war et un der Zäit dës Iddien a Revendicatiounen de politesch Responsabelen an der Press, déi invitéiert waren, ze presentéieren. Eng Partie vun de Participanten um Jugendforum hunn hir Konklusiounen en Vue vun enger verbesserter Jugendparticipatioun presentéiert, eng Presentatioun, déi mat vill Interessi vun de Politiker opgeholl ginn ass. Dat war an engems den Ofschloss vum 2. MAB-Jugendforum vun den däitschsproochege Länner, bei deem sech elo weise wäert, wéi erfollegräich e war. An den Ae vun deene Jonken, déi um Forum deelgeholl hunn, an d’Geleeënheet haten sech mat aneren interesséierten an engagéierte Jonken auszetauschen, war dëse Forum eng grouss Reussite an d’Participante freeë sech elo schonn op déi nächst Geleeënheet fir sech nees ze gesinn an d’Campagne fir eng weider Fërderung vun den UNESCO-Biosphärenreservater virun ze féieren.

Déi 15 Fuerderunge fir e bessert Engagement vu Jonken

Hei fannt dir déi 15 Fuerderungen, déi am Kader MAB Jugendforum 2021 ausgeschafft goufen am Däitschen Original:

  • Wir fordern, an Schulen mehr Möglichkeit zur Eigeninitiative zu schaffen, wie beispielsweise AGs und Praxiseinsätze. Die Besonderheit des Bis soll jedem Kind vermittelt werden. Dazu braucht es Angebote in und außerhalb der Schule (zB Schülerkalender mit konkreten Infos und Veranstaltungen.) Wir fordern die Auseinandersetzung mit Natur-/Umweltschutz und Biosphärenreservaten in institutionellen Bildungseinrichtungen sowie die Einbindung in den Schullehrplan.
  • Wir fordern Verbindlichkeit, sodass Ideen junger Menschen umgesetzt werden.
  • Wir machten unabhängigere Jugend- und Erwachsenengruppen und dafür brauchen wir eine Verbesserung vorhandener Strukturen und Transparenz.
  • Wir wollen nationale und internationale Jugendnetzwerke aufbauen. In diesem Rahmen sollen Austauschprogramme und Jugendcamps entstehen.
  • Wir fordern Unterstützung für junge Menschen beim Berufseinstieg in Naturschutzsektor, zB durch Förderungen von Praktika und Ausbau von Stellen.
  • Wir wollen einen Ausbau und Vergünstigungen des ÖPNV in BR für Engagierte zB am Wochenende, Abends.
  • Wir fordern Begegnung auf Augenhöhe und dass wir ernst genommen werden.
  • Wir fordern, dass in entscheidungstragenden Gremien mindestens ein*e Vertreter*in der Jugend sitzt und dazu brauchen wir zusätzlich Jugendgremien in Biosphärengebieten.
  • Wir brauchen für Jugendliche attraktive Aktionen (zB Konzerte, Filmfestivals), feste Gruppen und Ferienprogramme (Camps). Dabei ist es wichtig, dass auch niedrigschwellige Angebote existieren.
  • Wir wünschen uns junge und leicht zu erreichende Ansprechpartnerinnen für Jugendbeteiligung.
  • Wir fordern eine starke Öffentlichkeitsarbeit und Social Media Präsenz der Biosphärenreservat, um auf Möglichkeiten des Ehrenamtes und auf die BR allgemein aufmerksam zu machen.
  • Dazu bietet es sich an, Stellvertreter*innen zu ernennen, die in der Öffentlichkeit stehen und als Ansprechpartner*innen fungieren.
  • Wir brauchen Begegnungsräume in BR für junge Menschen und fordern, dass diese gut erreichbar sind und dass Jugendgruppen finanzielle organisatorische Unterstützung erhalten.
  • Wir fordern die Initiierung von Ideenwerkstätten mit jungen Menschen.
  • Wir wollen die Möglichkeit, einmalige und regelmäßige Aufgaben bzw Ämter und damit Verantwortung in Biosphärenreservaten zu übernehmen.
  • Wir fordern/brauchen finanzielle Unterstützung für die Umsetzung konkreter Projekte von und mit jungen Menschen.