En Theater, e „Geheimnis” an eng Reprise
No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.
Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu Esch
An de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet.
Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. Fir d’Iwwerliewe vum Escher Kino an den 1980er z’erméiglechen, waren erotesch Filmer en Haaptbestanddeel vu senger Programmatioun an dat obschonn en dem Parverband vun der Kierch direkt niewendrun gehéiert huet.
No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert.
Fir d’Opnam vun dësem Episod vum Minett Mash-Up hate mer am Bistro am Keller Plaz geholl. Hei kann een haut nach déi eenzeg Skulptur vun der Esch2022-Expo „Nothing is permanent“ gesinn, déi nach ëmmer an Esch ze fannen ass. Et ass dëst d’Wierk „Eeesch!“ vum Wiener Kënschtler Christoph Meier.
© Minett UNESCO Biosphere
Eise Gaascht: Carole Lorang
No hirem Studium vun der Theaterregie zu Bréissel an enger Rei Joren als Regisseurin ass d’Carole Lorang 2018 Direktesch vum Escher Theater ginn. Nieft hirer éischter administrativer Aufgab inzenéiert d’Carole awer virun Theaterstécker. Seng Creatioun „Leurs enfants après eux“, déi am Kader vun Esch2022 entstanen ass, an elo nach ze gesinn ass, ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich.
Aner Theemen, iwwert déi mer mam Carole Lorang geschwat hunn, sinn de Stellewäert vum Theater an eiser Zäit, d’Roll vum Escher Theater als kulturell Institutioun fir eis Regioun an natierlech och den Ariston, deen zënter 2022 en Deel vum Escher Theater ass.
Eise Quiz:
Wat bedeit d’Wuert „Ariston“?
Ariston kënnt vum griichesche Wuert „aristos“ a ka mat „dee Beschten“ iwwersat ginn.
Wéi eng amerikanesch Band spillt eng wichteg Roll am Roman „Leurs enfants après eux“ vum Nicolas Mathieu?
Nirvana
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Escher Theater: Theater vun der Stad Esch, deen zënter den 1960er besteet
- Radio ARA: alternativ Radiostatioun, déi e Fokus op Pluralismus a Kultur leet
- Festival vun Avignon: Renomméierten Theaterfestival a Frankräich
- INSAS: Héichschoul fir Theaterwëssenschaften zu Bréissel
- Compagnie du Grand Boube: Theatercompagnie, déi vum Carole Lorang gegrënnt gouf
- Frank Feitler: Fréieren Direkter vum Stater Theater
- Theatres de la Ville de Luxembourg: Den Theater vun der Stad Lëtzebuerg
- Les frontalières: Theaterstéck iwwer Grenzgängerinnen, dat vum Escher Theater inzenéiert gouf
- Ciné Ariston: E klengen Abléck an d’Geschicht vum Ariston bis 2006
- Leurs enfants après eux: Roman vum loutrengeschen Auteur Nicolas Mathieu
- Leurs enfants après eux: Theaterstéck, wat am Kader vun Esch2022 uropgefouert gouf
- Festival au carré: Theaterfestival zu Mons an der Belsch
- Gaalgebierg: Escher Stadpark um Hiwwel iwwert der Stad
- Ödön von Horváth: ungareschen Auteur, deen op Däitsch geschriwwen huet a vun deem, ë.a., de Roman „Jugend ohne Gott“ geschriwwen huet
- Retour dans les années 90‘: Ofschlossparty vun der Saison vum Escher Theater op der Brillplaz
Kontaktéiert eis: