Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Industrie-Fossilien: Minn Heintzebierg

Direkt nieft den Trainingsterraine vum Rekordchampion am Lëtzebuerger Futtball, der Escher Jeunesse, an dem Escrime Sud ass dëst Industrie-Fossil an der Entrée fir an den Ellergronn ze fannen: d’Mine Heintzenberg.

Hir Entrée gouf Mëtt vun den 2010er renovéiert. Deen Ament krut d’Plaz virun der Minn och den Numm Pierre Ponath. De Pierre Ponath war en Escher Resistenzler, dee kuerz virun der Liberatioun 1944 säi Liewe gelooss huet, well hien zwee Refractaire verstoppt hat.

1884 huet d’Exploitatioun vun der Minett op dëser Plaz ugefaangen. Bis nom éischte Weltkrich ass d’Minn Heintzebierg vun der “Gelsenkirchener Bergwerks Aktien Gesellschaft” bedriwwe ginn, nom Enn vum Deutschen Zollveräin ass d’Konzessioun du vun der Société Métallurgique des Terres-Rouges virun exploitéiert ginn, bis dës vun der ARBED iwwerholl gouf.

Vum luesem Declin vun der Minett-Produktioun an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ass och d’Mine Heintzenberg net verschount bliwwen. An den 1960er Jore gouf d’Produktioun agestallt.

Haut erënneren nach d’Entrée an d’Galerie an déi al elektresch Zentral an där zënter 2005 och e Restaurant ze fannen ass un déi industriell Vergaangenheet vun dëser Minn.