An de leschte Woche stoung déi geschmaachlech Entdeckung vum Fréijoersbësch ganz uewen op der Affiche vum MiNELL-Programm fir Schoulklassen. Iwwer 70 Kanner aus fënnef verschiddene Grondschoulklasse sinn tëscht der Ouschter- an der Päischtvakanz an den Ellergronn komm fir de Bësch ze schmaachen.
D‘Kraiderpedagogin Christiane Laures huet mat all de Klassen net just en Ausfluch an de Bësch vun engem eelsten Naturschutzgebitter vu ganz Lëtzebuerg gemaach, mä de Kanner och Wëssen iwwert Planzen, déi een hei fënnt an déi een iesse kann, vermëttelt.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Theorie a Praxis
Bei der schoulescher Aktivitéit gouf et all Kéiers e puer Erklärungen am Ufank. Hei sinn d’Kanner gewuer ginn, datt ee vill verschidde Planzen am Bësch fënnt, déi een iesse kann. Se kruten dës Planzen erkläert a gewisen.
Duerno ass et eraus an de Bësch gaangen, fir déi eenzel Planzen ze sichen, ze fannen an natierlech och ze plécken. Mat de gesammelte Planze goung et duerno zeréck an den Naturschutzzentrum Ellergronn, wou da gekacht ginn ass.
D’Brennnessel – de Star am Fréijoersbësch
Am Fokus vum Kache mat de Planzen aus dem Fréijoersbësch stounge wëll Kraider an natierlech och d’Brennnessel. Dës Planz, déi een an all Lëtzebuerger Bësch fanne kann, ass enorm gesond. E puer vun den Inhaltsstoffer vun der Brennnessel sinn Eisen, Eewäiss, Kalzium, Magnesium an d’Vitaminnen A, B, C a K. Eng Brennnessel besteet bal zu 30% aus Eewäiss an huet méi Vitaminn C ewéi eng Orange.
Mat de Brennnesselen ass eng lecker Zopp gekacht a mat anere wëlle Kraider konnten d’Kanner Gromperekichelcher maachen, déi se sech duerno gutt schmaache gelooss hunn.
Och 2025 gëtt de Bësch nees geschmaacht
Och am Joer 2025 wäerten nei Ateliere mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures organsiéiert ginn. Déi Ateliere riichte sech dann awer un Erwuessener, déi esou och léiere kënnen, wat een alles am Bësch fanne kann, fir duerno lecker Platen draus ze zauberen. Déi genee Datumer verrode mer geschwënn.