Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Eng gemeinsam territorial Visioun fir d’Südregioun

De 5. a 6. Oktober 2022 hu sech déi politesch Responsabel vum Gemengesyndikat PRO-SUD getraff, fir zesummen un der Definitioun an der Ëmsetzung vun enger gemeinsamer regionaler Entwécklungsstrategie fir den Territoire vun der “Minett UNESCO Biosphere” ze schaffen.

D’Syndikat vun de Gemenge fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun, dat 2003 gegrënnt gouf, an an deem  d’Gemenge Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl-Téiteng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem Member sinn, gouf am Oktober 2020 mam Label vun engem UNESCO Biosphärenreservat ausgezeechent.

D‘Gemengepolitiker aus der Regioun hunn d’lescht Woch hire Wëllen ausgedréckt, fir eng koherent Entwécklungsstrategie ëmzesetzen an esou den Awunner an der lokaler Ekonomie konkret Weeër a Projete fir eng nohalteg Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere proposéieren ze kënnen. Dës Entwécklung ënnerstëtzt d’Ziler a Strategien, déi mam neien “Plan directeur de l’Aménagement du Territoire” (PDAT) festgeluecht ginn, deen de Moment an der Consultatiounsphas ass, a se steet am Aklang mat de Wäerter vum weltwäiten Netzwierk vu Biosphärereserven.

Grouss Reunioun vun de PRO-SUD Gemenge mam Minister fir Landesplanung

E Mëttwoch, de 5. Oktober, hunn de Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, Membere vun de Schäffen- a Gemengeréit an den technesche Servicer vun de PRO-SUD Gemengen am Centre culturel Artikuss zu Zolwer gesinn, fir mat den Aarbechten zu der Ëmsetzung vun enger regionaler Entwécklungsstrategie fir déi 11 Gemengen aus der Regioun, déi den Territoire vun der “Minett UNESCO Biosphär” ausmaachen, unzefänken.

De Rapport iwwert eng territorial Visioun fir d‘Südregioun vum Grand-Duché, dee vum Bureau d’études ECAU opgestallt an am Laf vum Joer finaliséiert gouf, gouf de Leit, déi bei der Reunioun dobäi waren, virgestallt. Op méi wéi 150 Säiten hält dëse Rapport méiglech Orientéierungen a Pisten, fir déi zukünfteg Entwécklung vun der Regioun als Ganzt, a Form vun engem kompletten an detailléierten Inventar fest.

D‘Liewensqualitéit vun de Bierger an d‘Erhaale vun natierleche Ressourcen am Zentrum vun der Approche

Am Ufank vun der Versammlung huet de Claude Turmes d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vum Land ugeschwat, andeems hien de PDAT-Projet presentéiert huet, deen d’Ziler a Moossname fir eng nohalteg Entwécklung vum ganze Land bis 2050 setzt. „Et geet drëms, déi ekonomesch Entwécklung mam Schutz vun der Ëmwelt ze verbannen, fir d’Liewensqualitéit vun de Mënschen z’erhalen. Duerfir ass indispensabel aneschters ze plangen an eng nei Kultur vun der territorialer Entwécklung z’entwéckelen”, huet de Minister ënnerstrach, deen och d’Approche vum PDAT2023-Projet, deen déi intersektoriell Approche vu Planung an territoriale Projeten tëscht ëffentlechen Acteure favoriséiert, wou d‘Gemengen natierlech e wesentleche Partner sinn, ervirgehuewen huet.

Am Kader vun der Consultatiounsprozedur, déi amgaangen ass, goufen déi gewielte Gemengevertrieder invitéiert, hiren Avis zum PDAT2023-Projet ofzeginn an dësen, viru senger definitiver Adoptioun, mat konkrete Remarken ze komplettéieren. No den Explikatioune vum Minister huet de PRO-SUD-President, Georges Mischo, d’Propositioune vum Bureau d’études ECAU zesummegefaasst, an dobäi net nëmmen op déi gemeinsam Stolvergaangenheet, en Element vun der regionaler Identitéit, verwisen, mee och op déi gemeinsam Erausfuerderungen an déi gemeinsam Zukunft vun der Regioun als UNESCO Biosphärereservat. Hie sot: „Déi gemeinsam regional Strategie, déi entwéckelt soll ginn, muss sech op d’Wuelbefanne vun de Bierger an hir Liewensqualitéit fokusséieren.” Fir dës Strategie ëmzesetzen, an dobäi déi kontinuéierlech Buedemversigelung vu Gréngflächen an Naturraim ze reduzéieren, bei engem konstant héijen demographeschen Drock, duerch eng kontinuéierlech Immigratioun a Richtung Lëtzebuerg, huet hien eng gewëssen Unzuel u Pisten opgezeechent, déi beim Ausschaffe vun engem regionalen Aktiounsplang berécksiichtegt solle ginn.

De Georges Mischo huet hei “déi ekonomesch Diversifikatioun vun der Regioun, d’Schafe vun neie grenziwwerschreidend Transportkonzepter, d’Stäerkung vun der regionaler Liewensmëttelproduktioun, d’Schafe vu bezuelbaren an integréierte Quartiere (“d’Stad vun der Véierelsstonn”) mat engem héije Liewensstandard, souwéi de Schutz an d’Erhale vun der eenzegaarteger Biodiversitéit vun der Regioun als méiglech Achse vun enger gemeinsamer Visioun” genannt. Ausserdeem huet hien d’Wichtegkeet ënnerstrach, natierlech an urban Liewensraim méi resistent géint de Klimawandel an extrem Wiederevenementer ze maachen.

Eelef Projete virgestallt

No der Presentatioun vun de méiglechen Handlungsberäicher fir d’Opstelle vun enger gemeinsamer regionaler Entwécklungsstrategie, hunn déi eelef Membergemenge vum Syndicat PRO-SUD all Kéiers ee Projet virgestallt, deen si als Gemeng realiséieren oder plangen an vun deem, hirer Meenung no, déi ganz Regioun profitéiere kéint. Dës Projete gounge vun der CO2 Sanéierung vun existente Gebaier bis zur Entwécklung vun engem grenziwwerschreidend Netzwierk vu Vëlosweeër, vun der Schafung vu Strukture fir déi lokal Landwirtschaft an den nohaltegen Tourismus ze fërderen, bis bei Projeten, déi mëttel- bis laangfristeg, eng Selbstversuergung vun der Regioun mat erneierbarer Energie kéinte garantéieren. Aner lokal Projeten, déi vun de Gemenge virgestallt goufen, hu sech op d’Konsequenze vum Klimawandel konzentréiert a sech domat befaasst, wéi een d’Iwwerhëtze vum urbane Raum verhënnere kann, andeems e gréng Plazen um Niveau vun den Agglomeratioune schaaft an natierlech Raim erhält, an deene sech kal Loft ka bilden.

Éischt konkret Schrëtt decidéiert

No der Reunioun vun e Mëttwoch huet sech de Comité vum PRO-SUD den Donneschdeg, 6. Oktober, am Ellergronn gesinn, fir déi éischt konkret Schrëtt a Richtung Definitioun an Ëmsetzung vun enger gemeinsamer Entwécklungsstrategie z’ënnerhuelen.

No konstruktiven Diskussiounen tëscht de Vertrieder vun den 11 Gemenge gouf e sech eens, déi 11 Projeten, déi den Dag virdru virgestallt goufen, par Rapport zu de Besoine vun der Regioun ze analyséieren an zesummen d’Prioritéite vun enger gemeinsamer territorialer Visioun ze definéieren, déi vun 2023 u soll ëmgesat ginn.

Dës Definitioun vu Prioritéiten, wéi och de Choix vu konkrete Projeten, déi een als Regioun gemeinsam realiséiere kann, wäerten, nodeems d’Avise vun den eelef Schäfferéit gefrot goufen, an den nächste Comitéssëtzunge festgehale ginn.