D’Fréijoer ass déi ideal Zäit fir Villercher ze beobachten a méi iwwert déi divers Vullenzorten, déi et an der Minett UNESCO Biosphere gëtt, gewuer ze ginn.
Ville Vullenzorten zu Lëtzebuerg geet et net gutt. De rezenten Update vun der rouder Lëscht schwätzt vu 14 Vullenzorten, déi hei zu Lëtzebuerg ausgestuerwe sinn a weist eng ganz Rei aner Zorten, déi a Gefor sinn. Grënn fir de Réckgang vun der Vullepopulatioune sinn den Habitatverloscht an d’Konsequenze vum Klimachangement, déi och an eiser Géigend ëmmer méi däitlech ze spiere sinn.
Et gëtt awer och Liichtblécker: De wäisse Stuerk (Weißstorch) bréit, no der Renaturéierung vun der Uelzecht, ewell all Joer um Territoire vun der Minett Biosphere an och der Bëschléierche geet et besser. Duerch konkret Schutzmesuren huet sech de Bestand vum emblemateschste Vull aus eisem Biosphärereservat stabiliséiert. D’Bëschléierche gëllt ewell net méi als “endangered”, mä just nach als “vulnerable”.
D’Welt vun de Vullen entdecken
An dësem Fréijoer leet eise Minett Natur- an Ëmwelt LéierLab (MiNELL) e Schwéierpunkt op d’Welt vun der Villercher a proposéiert direkt dräi verschidden Atelieren an deem Kontext. Dës Atelieren si gratis an op fir jiddereen. Hei ënnendrënner fannt déi eenzel Rendez-vousen an e Link fir Iech nach unzemellen.
Mellt Iech hei un
Entdeckt d’Eenzegaartegkeet vum Fiichtgebitt am Schëfflenger Brill a gitt méi gewuer iwwert eng Plaz voller Biodiversitéit matten am urbane Raum tëscht Esch, Schëffleng a Féiz.
Datum: Samschdeg, den 29. Mäerz 2025
Auerzäit: 09:00 – 12:00 Auer
Plaz: Naturschutzgebitt Schëfflenger Brill
Mellt Iech hei un
Léiert an den emblematesche Vull aus den alen Dagebaugebidder kennen a gitt méi gewuer iwwert déi konkret Schutzmesuren, déi säi Bestand séchere sollen.
Datum: Sonndeg, den 30. Mäerz 2025
Auerzäit: 09:00 – 12:00 Auer
Plaz: Naturschutzgebitt Lallengerbierg
Mellt Iech hei un
Praktesch Tipps fir aus Ärem Gaart eng Biodiversitéitsinsel ze maachen an där duerno och eng Rei verschidde Vullenzorten en neit Doheem kënne fannen.
Datum: Samschdeg, de 5. Abrëll 2025
Auerzäit: 10:00 – 12:30 Auer
Plaz: Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld (Bieles)
Weideren Atelier den 12. Abrëll
Am Uschloss un déi dräi Ateliere vun der Minett UNESCO Biosphere proposéiert och den Naturschutzzentrum Ellergronn e weideren ornithologesche Workshop. De Samschdeg, 12. Abrëll, huelen si Iech mat op eng Entdeckungsrees duerch d’Vullewelt vum Naturschutzgebitt Ellergronn. Den Detail fannt dir hei: