Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

D’Celula zu Beetebuerg mécht den Optakt vun den Industrie-Fossilien

Déi al Mëllechfabrick zu Beetebuerg gouf am Joer 1930 gegrënnt. Hiren Numm, CELULA, stoung fir “Centrale Luxembourgeoise du Lait”.

D’Mëllechindustrie war eng bedeitend zu Lëtzebuerg. Um Enn vum zweete Weltkrich gouf et nach 180 lokal Mëllechproduzenten! D’CELULA war een dovunner. An den 1960er ass d’Unzuel vu Mëllechfirme séier op just nach 5 zeréckgaangen, dorënner d’CELULA, déi ekonomesch erfollegräich bliwwen ass.

Nieft Fläschemëllech an anere Mëllechproduiten huet de Mëllechfabrikant sech och op d‘Kéisproduktioun spezialiséiert, dorënner de wäisse Kéis an och ‘Kachkéis’!

D’CELULA ass bis 1978 eegestänneg bliwwen, éier se mat zwee anere grousse Mëllechproduzenten, LADUNO a LUXLAIT, fusionéiert huet.

D’Fabrick zu Beetebuerg selwer huet hir Dieren 1980 zougemaach. En Haaptdeel vun der Mëllechfabrick gouf 1999 a modern Wunnengen ëmgebaut an och e Restaurant huet hei Plaz fonnt.