Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

3.11. Weltdag vun de Biosphärereservater

Haut ass den éischten Internationalen Dag vun de Biosphärereservater. An Zesummenaarbecht mam weltwäite Reseau vun de Biosphärereservater ass dowéinst haut och eng Zeremonie um Haaptsëtz vun der UNESCO, déi den Apport vun de Biosphärereservater bei der nohalteger Entwécklung ënnersträicht. Den Dag vun haut ass dann och den Ofschloss vun de Festivitéite fir de 50. Anniversaire vun der Existenz vum Programm Man and the biosphere (MAB).

De Programm Man and the biosphere (MAB) ass 1971 an d’Liewe geruff ginn an ass deen eelsten tëschestaatleche wëssenschaftleche Programm vun der UNESCO. De MAB-Programm an de Modell vum Biosphärereservat sinn an de leschte 50 Joer zu engem internationale Beispill fir nohalteg territorial Entwécklung ginn an ënnersträichen den Engagement vun der UNESCO an dem MAB fir déi global Biodiversitéitsagenda an d’Ziler fir nohalteg Entwécklung.

No der Decisioun vun der 41. Sëtzung vun der Generalkonferenz vun der UNESCO ass den 3. November elo den Internationalen Dag vun de Biosphärereservater. Zil vun dësem Dag ass et all Joer un de Usaz vun der nohalteger Entwécklung am moderne Liewen an un déi exzeptionnel an remarkabel Roll z’erënneren, déi d’Weltnetz vun de Biosphärereservater (WNBR) dobäi ka spillen.

E globaalt Netzwierk

D’WNBR, an deem een all Zorte vun Ökosystemer an deels och urban Raim erëmfënnt, ass op der ganzer Welt ze fannen a besteet aus 738 Sitten, dorënner 21 Biosphärereservater, déi iwwer national Grenzen erausginn, an 134 verschiddene Länner. Méi ewéi 270 Millioune Mënsche liewen an engem Biosphärereservat. Am Ganze protegéieren dës Gebitter ronn 5% vun der Surface vun eisem Planéit, dat heescht, méi ewéi 7 Millioune km2. Dat ass eng Surface, déi ongeféier esou grouss ass ewéi de Kontinent Australien. All Joer ginn nei Géigende Member am WNBR an d’Ziler a Grondsätz vum MAB-Programm ginn an ëmmer méi Länner respektéiert.

Lëtzebuerg ass zënter dem 28. Oktober 2020 en Deel vun dësem Reseau. Op deem Dag ass d’Minett UNESCO Biosphere, déi 200 km2 am Südweste vum Groussherzogtum ausmécht, offiziell deklaréiert ginn. D’Kärzone vun eisem Biosphärereservat si fréier Dagebaugebitter, déi nom Enn vum Minettofbau vun der Natur zeréckeruewert goufen. Dës Gebitter hunn eng aussergewéinlech Biodiversitéit opweises a bidde ville bedréite Planzen- an Déierenzorten e Refuge.