🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Discover Luxembourg's geodiversity đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km premium hiking trail to discover our biosphere 🍒 Tutti Frutti - Free fruit from Minett's orchards
arrow
quote quote

KENNS DU DE MINETT?

E Gesellschaftsspill iwwert de Minett

 

fir Minetter a jidderee soss

 

Mat der Kulturhaaptstad Esch2022 an dem UNESCO BiosphĂ€rereservat „Minett UNESCO Biosphere“ bitt sech eng enorm Chance, dĂ©i grouss Erausfuerderunge vun eiser Zukunft nei ze denken an nohalteg Perspektiven ze schafen, fir eis Gesellschaft an dat an alle LiewensberĂ€icher. Den 2003 gegrĂ«nnte Gemengesyndikat PRO-SUD an Esch2022 vertrieden a liewen d’WĂ€erter, dĂ©i aus eiser Geschicht ervirginn an dĂ©i d’Awunner aus der Regioun prĂ€gen. Duerch d’Ziler, dĂ©i si gemeinsam verfollegen, entsti Synergien an e positiivt Klima wĂ€it iwwer 2022 eraus.

 

D’Gesellschaftsspill „Kenns du de Minett?“ setzt sech mat der Fro auserneen:

Kennt de Lëtzebuerger sech am Minett aus?

A wĂ©i gutt kennt de „Minettsdapp“  seng Regioun?

 

Jidderee war schonn eng KĂ©ier am Minett; sief et well en hei wunnt, well en hei an d’Schoul gaangen ass, well e Famill an der Regioun huet oder och aus ganz anere GrĂ«nn. Mee ewĂ©i gutt kennen d’LĂ«tzebuerger de Minett? A wĂ©i gutt mengt de Minetter seng Regioun ze kennen?

 

An dëser eenzegaarteg Regioun mat hiren 11 Gemengen, iwwert 150 Nationalitéiten, Naturschutzgebitter a Biotopen, kulturellen Institutiounen, touristesche Sitten an Villem méi gëtt et enorm vill ze entdecken. An virun allem ginn et eng Abberzuel Plazen a Geschichten, déi net emol den Awunner vum Minett bekannt sinn.

 

D’Zesummenaarbecht mat Magic Multimedia erlaabt et Esch2022 an dem PRO-SUD all dĂ«st op eng spilleresch Aart a Weis ze vermĂ«ttelen. Mam Spill „Kenns du de Minett?“ soll de Spiller aktiv dorunner Deel huelen de Minett z‘entdecken an sech dozou animĂ©iert fillen, dĂ©i verschidde Plazen ze besichen an sech wieder mat der Geschicht vun der Regioun auserneen ze setzen.

 

„Kenns du de Minett?“ drĂ©int sech am Contraire zu den Ă©ischte 4 Editioune vum Spill „Wou lĂ€it 
?“ net Ă«m ganz LĂ«tzebuerg, mee beschĂ€ftegt sech exklusiv mat den 11 PRO-SUD Gemengen (Beetebuerg, DĂ©ifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, KĂ€erjeng, KĂ€l-TĂ©iteng, Monnerech, PĂ©iteng, RĂ«meleng, SchĂ«ffleng a Suessem). De Spiller kann sech op e flotte Spillowend freeĂ« mat Quizfroen a Geo-Positiounskaarten, nom Muster, dat hie vun de Spiller vu Magic Multimedia kennt.

 

 

 

Eng InformatiounsbroschĂŒr iwwert de Minett an 100 Plazen, dĂ©i et ze entdecke gĂ«llt.

 

Am Spill fannen sech 100 Spillkaarte mat 3 SchwĂ©ierpunkten: Uertschafte mat Lieu-diten a Quartieren, Natur a Kultur. DĂ©i 50 Quizfroen drĂ©ine ronderĂ«m d’Themen BiosphĂ€rereservat, Geschicht, Natur, Sport, Kultur an interessant Fakten iwwert d’Regioun.

 

Eng InformatiounsbroschĂŒr liwwert dem Spiller weider Informatiounen iwwer d‘“Minett UNESCO Biosphere“, hir Gemengen an Uertschaften, dĂ©i europĂ€esch Kulturhaaptstad Esch2022 souwĂ©i spannend kulturell an touristesch Sitten an der Regioun.

 

D’Spill ass vun elo un am Handel.

 

D’Spill ass op LĂ«tzebuergesch an et ass en ideale Kaddo fir Niklos- oder ChrĂ«schtdag a kascht 29,90€.

 

Ze kafe kritt een d’Spill „Kenns du de Minett?“ op dĂ«se Plazen:

 

  • Visitor Centre vun Esch2022 (3, Avenue des Hauts-Fourneaux; L-4362 Esch-Uelzecht),
  • Annexe22 op der Place de la RĂ©sistance zu Esch-Uelzecht
  • Librairie Diderich zu Esch-Uelzecht
  • an alle Cactus SupermarchĂ©en,
  • beim Feidt zu PĂ©iteng,
  • an der „Eis Epicerie“ zu Zolwer,
  • am Domino an der Stad,
  • beim Rischette zu JonglĂ«nster,
  • an de Librairies Ernster
  • an der Foire-Fouille am Pommerlach
  • am Samkats zu Iechternach
  • an der Librairie Biba zu Maarnech.

 

Déi komplett an aktuell Lëscht vun de GeschÀfter fënnt een op www.magic.lu

 

Klickt hei fir d’Reglement vum GewĂ«nnspill, wat vum 10. bis de 17. Dezember op Facebook an Instagram leeft.