🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow You Are The Biosphere
quote quote

Vun der Iddi bei de Label

Fënnef Joer tëscht der Iddi an dem UNESCO-Label

FĂ«nnef Joer si vergaangen tĂ«scht dem 4. Weltkongress vum World Network of Biosphere Reserves vum MAB-Programm (Man and the Biosphere vun der UNESCO), bei deem dĂ©i – deemools komplett utopesch – Iddi vun engem BiosphĂ€rereservat zu LĂ«tzebuerg gebuer ginn ass a senger GrĂ«nnung.

 

2016 : D’Iddi fir e LĂ«tzebuerger BiosphĂ€rereservat ze schafen entsteet

 

DĂ«s Iddi huet ganz sĂ©ier de Wee an d‘KĂ€pp – an an d’HĂ€erzer, ouni dĂ©i esou e Projet net funktionĂ©iere kann – vun engem klenge Grupp vu Leit, dĂ©i dovunner begeeschtert waren an deen no an no gewuess ass, fonnt. Lieweg Diskussiounen, fruchtbar Renconteren, eng Abberzuel u Reunioune vun Aarbechtsgruppen, Consultatioune vun den Awunner, Echange mat Kanner a Jugendlechen, a GesprĂ©icher mat diversen Interessegruppen hu schlussendlech dozou gefouert, datt dĂ©i eelef Gemenge vum Syndicat PRO-SUD eng gemeinsam Kandidatur fir den UNESCO Programm „Man and the Biosphere“ deposĂ©iert hunn.

 

DĂ«s fĂ«nnef Joer Aarbecht an dĂ©i vill Rencontere wieren ouni dĂ©i onermiddlech ËnnerstĂ«tzung vun den nationalen a lokalen AutoritĂ©iten net mĂ©iglech gewiescht. D’Iddi gouf vun Ufank u vun de MinistĂšre fir Kultur, Ëmwelt, Landesplanung an Tourismus Ă«nnerstĂ«tzt, dĂ©i d’Kompetenzen an den Engagement vun hire Mataarbechter an den DĂ©ngscht vun dĂ«ser Kandidatur gestallt hunn. D’Kandidatur ass richteg a Gang komm, wĂ©i de Gemengesyndikat PRO-SUD eestĂ«mmeg decidĂ©iert huet sech z’engagĂ©ieren, fir dat Ă©ischt LĂ«tzebuerger BiosphĂ€renreservat um Territoire vun sengen eelef Membergemengen ze grĂ«nnen.

 

Den Engagement an den Interessi vun den AutoritĂ©iten an den Awunner vun de bedeelegte Gemengen hunn d’Wichtegkeet an d’AttraktivitĂ©it vum MAB-Programm bewisen, deem sĂ€i SĂ«nn an Zweck eis permanent duerch dĂ©i dramatesch klimatesch an ökologesch EntwĂ©cklungen op eisem PlanĂ©it an ErĂ«nnerung geruff ginn. DĂ©i verschidden Aarbechtsgruppen – dĂ©i grĂ©isstendeels aus FrĂ€iwĂ«llegen zesummegesat waren – hunn am Virfeld vun der Kandidatur eng Dynamik an der Regioun ausgelĂ©ist, dĂ©i matgerappt huet.

 

2017 & 2018: Aarbechtsgruppe beschĂ€ftegen sech mat der Ëmsetzung vun der Iddi

 

© Marc Weis

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

 

Vu MĂ€erz bis Dezember 2017 huet en Ă©ischten Aarbechtsgrupp, deen aus zwee Vertrieder vun der UNESCO-Kommissioun (Catherine Decker a Simone Beck), dem Kulturberoder Robert Garcia an dem Jean Goedert bestoung, sech reegelmĂ©isseg informell informĂ©iert iwwer dĂ©i verschidden Aspekter vum MAB-Programm an d’Potenzial vun der SĂŒdregioun. Et gouf sĂ©ier kloer, datt de MAB-Grupp misst erweidert ginn, fir Experten aus esou Ă«nnerschiddleche BerĂ€icher wĂ©i Geologie, Landesplanung, Gestioun vum Schutzgebitter, BiodiversitĂ©it, Soziologie, Geschicht, Tourismus a Kultur mat anzebannen. Vun Ufank u gouf et eng enk a fruchtbar Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat PRO-SUD a senge Mataarbechter, ouni dĂ©i d’Koordinatioun vun der Kandidatur an d’KonkretisĂ©iere vum Projet net mĂ©iglech gewiescht wieren.

 

Am Laf vum Prozess si méi spezifesch Aarbechtsgruppen entstanen, mat geziilten Aufgaben:

 

  • Den Aarbechtsgrupp „Zoningâ€œÂ Ă«nner der Presidence vum Myriam Bentz, Ă«nnerstĂ«tzt vum Ann-Kathrin Wirth (DĂ©partement de l’AmĂ©nagement du Territoire), huet dĂ©i verschidden Zonen, dĂ©i vun der UNESCO fir all BiosphĂ€rereservat gefuerdert ginn, definĂ©iert an ofgegrenzt. Et sinn dĂ«st:
    • – KĂ€rzonen, dĂ©i komplett Ă«nner Naturschutz stoe mussen
    • – Pufferzonen, dĂ©i duerfir do sinn den Impakt vu mĂ«nschlechen AktivitĂ©iten op d‘KĂ€rzonen ze reduzĂ©ieren, an
    • – Transitiounszonen, dĂ©i all dĂ©i Surfacen zesummefaassen, wou mĂ«nschlech AktivitĂ©ite stattfannen.

 

  • Den Aarbechtsgrupp „Eise Stol“, Ă«nner der Leedung vum Robert Garcia, huet d’Infrastrukturen an den industrielle Patrimoine an den eelef Gemenge vum PRO-SUD analysĂ©iert. D’Zil war hiert Verschwanne fir Immobiliezwecker ze verhĂ«nneren an e kohĂ€rent Notzungskonzept fir dĂ«se Patrimoine z’entwĂ©ckelen. DĂ«sen Aarbechtsgrupp huet och fir d’Iddi vum “Centre national de la culture de l’industrie” nei belieft, e Projet, deen 2004 lancĂ©iert gouf, awer der Finanzkris vun 2008 zum Affer gefall war. Fir mĂ©i kohĂ€rent schaffen ze kĂ«nnen, hunn d’Membere vun dĂ«sem Aarbechtsgrupp am Juli 2019 den Asbl „Industriekultur – Centre National de la Culture industrielle“ gegrĂ«nnt, deen eng Konventioun mam KulturministĂšre krut a mat dĂ«sen drĂ€i Aufgabe betraut gouf:
    • – D’Vernetzung vun allen Acteuren, Associatiounen an Initiativen, dĂ©i sech mat de verschiddenen Aspekter vun der Industriekultur beschĂ€ftegen (fir dâ€˜Ă©ischt am SĂŒde vum Land, duerno och an den anere Regioune vu LĂ«tzebuerg);
    • – D’Ausschaffe vun Iddien, fir dĂ©i zukĂŒnfteg Notzung vun der GeblĂ©ishal um Belval;
    • – D‘EntwĂ©cklung vun engem Konzept fir en nationalen Zentrum vun der Industriekultur.

 

  • Den Aarbechtsgrupp „Red Rock Trail“, Ă«nner der Presidence vum Lynn Reiter (Office RĂ©gional de Tourisme), huet un der Vernetzung vu Wander- a VĂ«losweeĂ«r geschafft fir e „Minett Trail“ ze schafen, e Wanderwee deen aktuell eng 90 Kilometer laang ass, dĂ©i eelef Gemenge vun der Minett Unesco Biosphere matenee verbĂ«nnt an deen all Naturschutzgebidder, d‘Stied an d’Uertschafte vun der Regioun verbĂ«nnt.

 

  • Deen anere grousse Projet, dee vun dĂ«sem Aarbechtsgrupp initiĂ©iert gouf a vum OAI (Ordre des Architectes et des IngĂ©nieurs-Conseils) mat der ËnnerstĂ«tzung vun de Gemenge realisĂ©iert gouf, war en Architekturconcours mam Zil fir an all Gemeng eng originell touristesch IwwernuechtungsmĂ©iglechkeet (Kabaischen) ze kreĂ©ieren, entweder an engem alen Industriegebai, an engem Haus am DuerfkĂ€r oder an enger Eisebunnswaggon.

 

  • De Lucien Hoffmann (Luxembourg Institute of Science and Technology – LIST) huet d’Aarbecht vum Aarbechtsgrupp „BiodiversitĂ©it“ koordinĂ©iert, deen sech mat de verschiddenen Zorte vu Flora a Fauna, dĂ©i typesch fir de Minett sinn, beschĂ€ftegt huet.

 

  • Den Aarbechtsgrupp „Regional Produitenâ€œÂ Ă«nnert der Leedung vum Isabelle Renoir (PRO-SUD) huet sech mat der Analys vun der lokaler LiewensmĂ«ttelproduktioun a kuerze Liwwerketten beschĂ€ftegt. E wichtege Bestanddeel vun der Aarbecht waren d‘Vernetzung vun den Acteuren an Informatiounscampagnen, dĂ©i an Zesummenaarbecht mam LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) entwĂ©ckelt gi sinn.

 

© Ville de Dudelange

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

© Marc Weis

2019 & 2020: Depot vun der Kandidatur an Unerkennung als BiosphÀrereservat

 

 

De 27. September 2019 hunn d‘Presidentin vun der LĂ«tzebuerger UNESCO-Kommissioun an de President vum PRO-SUD d’Kandidatur vun der “Minett UNESCO Biosphere” dem MAB-Sekretariat iwwerreecht.

 

Den d’Reunioun vum ICC (International Coordinating Council of the MAB Program), dĂ©i Enn  Juni 2020 am Nigeria sollt sinn, a wou iwwert d’Kandidatur sollt decidĂ©iert ginn, gouf wĂ©inst der Covid-19-Pandemie zu enger virtueller Konferenz, dĂ©i de 27. an 28. Oktober 2020 war.

 

Den 28. Oktober 2020 huet den International Coordinating Council of the MAB Program d’Recommandatioun vum Conseil Consultatif ugeholl an d’Regioun als Minett UNESCO Biosphere am globalen Netzwierk vun der BiosphĂ€rereservater opgeholl. Fir LĂ«tzebuerg war dat dĂ©i Ă©ischt Participatioun an engem vun de wĂ«ssenschaftleche Programmer vun der UNESCO.

 

© Syndicat PRO-SUD

Hei ass d’Argumentatioun vum International Coordinating Council:

 

 

D’UNESCO begrĂ©isst dĂ«s Ă©ischt Propositioun vu LĂ«tzebuerg. Dat proposĂ©iert BiosphĂ€rereservat enthĂ€lt eng Rei frĂ©ier Dagebaugebidder an huet eng FlĂ€ch vun 200 kmÂČ (een ZĂ©ngtel vun der GesamtflĂ€ch vum Land).

 

Et besteet aus eelef Gemengen am SĂŒde vum Grand-DuchĂ© (an deenen en DrĂ«ttel vun der LĂ«tzebuerger Populatioun lieft). De Projet fir e BiosphĂ€rereservat opzebaue gĂ«tt vum Gemengesyndikat PRO-SUD gedroen. D’Zil ass et de postindustriellen Image vun der Regioun z’erneieren, duerch de Schutz an den Erhalt vum lokalen historeschen a kulturelle Patrimoine, an iwwerdeems a punkto EntwĂ©cklung op d’Schafe vun ekonomesche Strukturen ze setzen, dĂ©i op der WĂ«ssenschaft basĂ©ieren. (
)

 

De ComitĂ© Consultatif begrĂ©isst d’SpezifizitĂ©it vun dĂ«ser Propose, dĂ©i eng staark UrbanisĂ©ierung an der direkter Noperschaft vun de Naturschutzgebidder opweises huet, wĂ©i och d’Existenz vun effektiven Aspekter vun der postindustrieller biologescher Rekonversioun, dĂ©i e Modellcharakter kĂ«nnen hunn.