Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow MINETT MASH-UP: DE PODCAST
quote quote

D’Konzept

 

All Mount hëlt de Minett Mash-Up Podcast Iech mat op eng Rees. Fir d’Unerkennung vun der Regioun als UNESCO Biosphärereservat ass d’Konzept vum Minett Trail entstanen. Dëse 90 Kilometer laange Wanderwee queesch duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere verbënnt d’Stied an d’Dierfer vun der Regioun mateneen a bréngt de Visiteur op nohalteg Aart a Weis an eenzegaarteg Naturlandschaften a bei exzeptionell Sitte vun der Industriekultur. Nodeems mer 2023 e ganzt Joer laang an de Kabaisercher vum Minett Trails op Besuch waren, fir hei déi eenzel Episode vum Podcast opzehuelen, stinn an dësem Joer d’Partnerorganisatioune vum IK-CNCI am Mëttelpunkt vun eiser Rees. All Mount besiche mer ee Partner a stellen Iech seng Aktivitéite vir. Doriwwer eraus entdecke mer am Laf vun 2024 och d’Groussregioun, mat Episoden déi am Saarland, Loutrengen an der Wallonie opgeholl ginn.

 

All Mount begéinen eis Podcaster interessante Perséinlechkeeten, déi e Bezuch zum Minett oder dem Groussraum Lëtzebuerg hunn an déi eppes z’erzielen hunn. Dës Gäscht kommen aus alle Beräicher (Kultur, Sport, Musek, Business, Recherche, …) a stelle sech an hir Erfarungen, mä och hir aktuell Projete vir. Et geet drëms den Nolauschterer eng Inspiratioun ze ginn, sech selwer ze verwierklechen an déi grouss Offer u Méiglechkeeten an Opportunitéiten, déi de Minett bitt, z’entdecken.

 

Wann Där Loscht op Abenteuer hutt, dann entdeckt mat eisem Podcast deen eenzegaartege Minett!

 

 

 

Iwwert eis

 

De Minett Mash-Up ass eng Zesummenaarbecht tëscht:

 

Minett UNESCO Biosphere

 

 

 

D’Biosphärreservat am Süde vu Lëtzebuerg besteet aus der ganzer Regioun vum Minett esou wéi allem wat dës enthält. Dat sinn déi natierlech Landshaften, d’Leit, Flora a Fauna an den industrielle Patrimoine.

 

Zesumme mat senge ville Partner am Süden ass et de Syndikat PRO-SUD, deen verantwortlech ass fir d’Biosphär ze managen. Duerch d’Organisatioun vun Projeten mat regional Biergerbedeelegung, Sensibilisatiounsaarbecht a Fuerschung, soll déi nohalteg Entwécklung an d’Harmonie tëscht Mensch a Natur am Minett gefërdert ginn.

Industriekultur – CNCI

 

 

 

Industriekultur-CNCI asbl (Centre national de la culture industrielle) sëtzt sech a fir d’Industriekultur an den Industriepatrimoine zu Lëtzebuerg. Eent vun hiren Haaptziler ass et e kooperative Reseau opzebaue mat de Muséeën a Associatiounen déi am Beräich vun der Industriekultur aktiv sinn. 

 

Fir dass dëse Patrimoine fir weider Generatiounen erhale bleift, schafft den IK-CNCI ënnert anerem Konzepter aus fir al Industriegebaier a -sitte op kreativ Aart a Weis nei ze notzen. Iwwert interessant Projeten a praktesch Aktivitéiten bréngt d’Asbl de Leit d’Industriekultur méi no.

MUAR – Musée vun der Aarbecht

 

 

De MUAR – Musée vun der Aarbecht ass eng Initiativ vun der Gemeng Käl am Kader vun „Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad“.

 

De MUAR ass deen éischte Musée zum Thema Aarbecht zu Lëtzebuerg, deen als Musée ouni Maueren dem Visiteur d’Méiglechkeet gëtt d’Welt vun der Aarbecht, iwwer verschidde Manifestatiounen, wéi Seminären, Konferenzen, Concerten an informativ Workshoppen, aus verschiddene Bléckwénkelen ze entdecken. Mat dësem Projet soll den industriellen a kulturelle Patrimoine aus der Minettregioun komplettéiert ginn.