Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow You Are The Biosphere
quote quote

D’Biosphäre weltwäit

759 Biosphärereservater an 136 Länner weltwäit

Mat momentan 759 Biosphärereservater, stäerkt d’UNESCO déi nohalteg Entwécklung an 136 Länner ronderëm d’Welt, dorënner 22 transnational Sitten, an dréit esou dozou bäi d’Ziler fir eng nohalteg Entwécklung vun der Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen z’erreechen.

 

Biosphärereservater encouragéiere Léisungen, déi den Erhalt vun der biologescher Diversitéit an hir nohalteg Notzung duerch Mënsche matenee verbannen. Et si Modellregioune fir eng nohalteg Entwécklung an ënnerschiddlechen ökologeschen, sozialen a wirtschaftleche Kontexter. Méi wéi 275 Millioune Leit liewe weltwäit an dëse geschützte Gebidder, dat si méi wéi 3% vun der Weltbevëlkerung.

 

Den UNESCO-Programm Man and the Biosphere“ (MAB), op deem de Prinzip vun de Biosphärereservater baséiert an deem seng Critèren eng Regioun erfëlle muss, fir als Biosphär unerkannt ze ginn, gouf 1970 lancéiert. Et war dee weltwäit éischte Programm, dee sech konkret mat der Relatioun tëscht de Mënschen an der Ëmwelt beschäftegt huet an deen dobäi mat multidisziplinäre Fuerschungsmethode schafft. Dat éischt Biosphärereservat gouf 1978 vun der UNESCO unerkannt.

 

De MAB-Programm an d’Aarbecht vun de Biosphärereservater baséieren op Schlësselstrategien wéi der Sevilla Strategie vun 1995, der MAB Strategie 2015-2025, dem Aktiounsplang vu Lima vun 2016 an dem „Process of Excellence“ vun 2021.

 

 

 

 

 

“Zënter méi wéi engem hallwe Joerhonnert steet den UNESCO Man and the Biosphere Programm un der Spëtzt vum globalen Effort, fir d’Relatioun tëscht dem Mënsch an der Äerd nei ze iwwerdenken.“”

 

Audrey Azoulay, Generaldirektoresch vun der UNESCO

 

© picardophotography – Source: www.freepik.com 

Am Kader vum UNESCO MAB-Programm vernetze sech Biosphärereservater op nationalem, regionalem an internationalem Niveau fir gemeinsam biologesch Diversitéit an nohalteg Entwécklung ze fërderen. Dat dynamescht an interaktiivt Weltnetz vun de Biosphärereservater verbënnt déi verschiddenst Acteuren aus ënnerschiddleche Regiounen a encouragéiert den Austausch vu Wëssen an Erfarung souwéi partizipativen Dialog tëscht den Acteuren vun de Biosphärereservater. D’Zil ass et gemeinsam Approchen z’entwéckelen, déi et Gesellschaften erlaben aktiv un der nohalteger Verännerung deelzehuelen, d’Aarmut effektiv ze bekämpfen an de Respekt vun de kulturelle Wäerter ze fërderen.

Weltkongresser, un deenen all d’Biosphärereservater deelhuelen, ginn a reegelméissegen Ofstänn organiséiert. Zousätzlech gëtt et eng Rëtsch u regionalen Netzwierker am globale Reseau, wéi zum Beispill den EuroMAB, dee Biosphäregebidder aus Europa an Nordamerika regruppéiert, oder den AfriMAB, deen afrikanesch Biosphärereservater zesummebréngt.

 

REGIONAL AN THEMATESCH NETZWIERKER

 

D’Entwécklung vun der internationaler, regionaler, iwwerregionaler an Ökosystem-baséierter Zesummenaarbecht ass e Schlësselelement vum MAB-Programm, wat duerch regional an thematesch Netzwierker vu Biosphärereservater ënnerstëtzt gëtt.

 

Regional an iwwerregional Netzwierker

 

Déi regional a iwwerregional Netzwierker spillen eng Schlësselroll beim Austausch vun Informatiounen an Erfarungen um regionalen Niveau an dëse Regiounen:

 

 

 

 

Afrika – 93 Sitten an 33 Länner

 

Arabesch Länner – 36 Sitten a 14 Länner

 

Asien an Ozeanien – 176 Sitten a 24 Länner

 

Europa an Nordamerika – 309 Sitten an 41 Länner

 

Latäinamerika a Karibik – 134 Sitten an 22 Länner

Ökosystem-Netzwierker

 

Netzwierker, déi sech mat engem Ökosystem oder engem präzise Sujet beschäftegen,  liwwere wichteg Informatiounen iwwer nohalteg Methoden an Optioune fir d’Reduktioun vum an d’Adaptatioun un de Klimawandel. Dozou gehéiere Fuerschungsnetzwierker, Aktivitéite fir d’Kreatioun vu Kapazitéiten a Bildungskooperatioune mat engem Fokus op:

 

Dréche Biedem an Desertifikatioun

 

Mangrovebëscher

 

Mieres-, Küsten- an Inselregiounen

 

Biergregiounen

 

Savannen

 

Tropesch Reebëscher

 

Fiichtgebidder