Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett
arrow You Are The Biosphere
quote quote

D’Minett UNESCO Biosphere

Den 28.10.2020 gëtt de Minett als UNESCO Biosphärereservat unerkannt

 

© Marc Weis

2016 huet d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun ugefaang eng méiglech Kandidatur vun der Regioun am Süde vum Land fir dëse prestigiéise Programm, deen 1971 an d’Liewe geruff ginn ass, z‘analyséieren. Obschonns Lëtzebuerg an den dräi kulturelle Programmer vun der UNESCO (Patrimoine mondial, Mémoire du monde, Patrimoine immatériel) vertrueden ass, gëtt et zu deem Ablack keng Lëtzebuerger Participatioun un de Programmer fir d’Valoriséierung vum natierlechen oder geologesche Patrimoine.

 

 

 

Mat logistescher a finanzieller Ënnerstëtzung vum Département de l’aménagement du territoire (DATer) hunn eng ganz Rei Acteuren aus der Politik, der Kultur an der Zivilgesellschaft en detailléierte Kandidatursdossier vun iwwer 400 Säiten zesummegestallt, deen op der Aarbecht, der Fuerschung an den Analyse vu verschiddenen Aarbechtsgruppe baséiert. Den Dossier gouf 2019 vum Gemengesyndikat PRO-SUD als Coordinateur vum Projet, an Zesummenaarbecht mam Minister fir Landesplanung Claude Turmes, der Kulturministesch Sam Tanson, der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Tourismusminister Lex Delles, agereecht.

 

Enn Oktober 2020 huet den Internationale Koordinatiounsrot vum Programm „Man and the Biosphere“ (CIC-MAB) d’Qualitéit vum Kandidatursdossier an d’Potenzial vun der Regioun als Modell fir nohalteg Entwécklung unerkannt an den Dossier vun der Minett UNESCO Biosphere guttgeheescht. D’Unerkennung vum natierleche Räichtum vun de fréieren Dagebaugebidder erlaabt et der Regioun en Deel vun engem prestigiéisen, globale Qualitéitsnetzwierk ze sinn, deen aktuell aus 738 Biosphärreservater an 134 Länner besteet, vun deenen der 22 transnational sinn.

 

De Süde vu Lëtzebuerg – méi wéi Minnen a Schmelzen

 

Gepräägt vu senger Vergaangenheet als Biergbau- an Industrieregioun, war de Süde vu Lëtzebuerg an de leschte véierzeg Joer mat déifgräifende Verännerunge konfrontéiert. Mat Houfert op seng Geschicht huet d‘Regioun et fäerdeg bruecht sech selwer nei z’erfannen, déi richteg Entscheedungen ze huele fir hir Rekonversioun a sech zu enger Regioun z’entwéckelen, wou Innovatioun, wirtschaftlech Entwécklung an eng Approche, déi déi biologesch a kulturell Diversitéit vun der Regioun respektéieren, mat Equiliber an Nohaltegkeet kombinéiert ginn.

 

 

D’Unerkennung als UNESCO Biosphärereservat war e Meilestee fir d’Regioun. Duerch hir Initiativen hunn déi eelef PRO-SUD-Gemengen ëmmer probéiert, originell an innovativ Mesuren ze valoriséieren, z’ënnerstëtzen an z’entwéckelen, fir d’Liewensqualitéit vun hiren Awunner ze verbesseren an d’Natur zousätzlech ze schützen.

 

 

Den UNESCO-Label ass eng Éier, awer och eng Erausfuerderung. D‘Südregioun wëll a verschiddene Beräicher wéi Tourismus, Kultur, Educatioun, Schutz vum industriellen an natierleche Patrimoine oder Stadplanung wieder Efforte maachen, fir d’Integratioun vun hirer Populatioun, déi viru wiisst, ze stäerken an d’Biodiversitéit an all de Liewensraim z‘erhalen. Dës Unerkennung bitt och d’Méiglechkeet eng Inspiratiounsquell fir déi ganz Regioun, awer och fir ganz Lëtzebuerg oder souguer déi franséisch Grenzregioun ze ginn, andeems d’Regioun weist, datt et duerch e lokale Bäitrag méiglech ass zum globale Paradigmewiessel a Richtung nohalteg Gesellschaft bäizedroen.

 

D’Unerkennung an d’Éier, awer och d’Erausfuerderung, déi mat dësem Label verbonnen ass, gi wäit iwwer d’Regioun eraus a beaflossen de ganze Grand-Duché um Niveau vun der Kultur, dem Tourismus, der Ökologie an der Landesplanung.

Effektiv ass d’Entwécklung vu Regiounen e Schlësselthema vun der Landesplanung: andeems d’Koordinatioun vu Politicken op supranationalen, nationalen, regionalen a lokalem Niveau erliichtert, ass de MAB-Label e wäertvollt Instrument fir d’Ziler vun enger nohalteger Landesplanung ëmzesetzen, andeems en eng multisektoriell Gouvernance op villen Niveaue garantéiert.

 

Eng vun de konkrete Mesuren, déi d’Regioun geholl huet, nodeems se den UNESCO-Label krut, ass eng d’Ënnerschreiwe vun enger gemeinsamer Deklaratioun, an där déi eelef Gemenge vum PRO-SUD hire gemeinsame Wëllen ausdrécke fir d’Südregioun, an der noer Zukunft, an e klimaneutraalt Biosphärereservat ze transforméieren.