Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow GRENGT HEIZEN
quote quote

Wärmepompelen

Eng ekologesch an ekonomesch Léisung

 

Wärmepompelenentzéien der Loft, dem Waasser oder der Äerd Energie, fir Haiser effizient ze hëtzen. Am Géigesaz zu traditionellen Heizsystemer, déi mat fossille Brennstoffer funktionéieren, vun deene mir eis Ofhängegkeet reduzéiere wëllen, hu Wärmepompelen eng niddreg CO2-Bilanz,  wa si mat Ökostroum bedriwwe ginn.

 

Nieft der niddreger CO2-Bilanz bidde Wärmepompelen de Bierger och finanziell a praktesch Virdeeler:

 

Immobiliewäert:

Haiser mat Wärmepompelen sinn um Marché méi attraktiv.

 

Stabil Energiekäschten:

A Kombinatioun mat enger Photovoltaikanlag a Batterien ass eng Wärmepompel e wichtege Schrëtt fir d’Energiekäschte laangfristeg ze kontrolléieren. Sou kënne Hausbesëtzer sech virun onberechenbare Präisverännerunge bei Gas a Pëtrol schützen.

 

Am Wanter hëtzen, am Summer killen:

Well extreem Temperature méi dacks optrieden, kann eng Wärmepompel dat ganzt Joer iwwer en agreabelt Wunnklima garantéieren.

 

Wéineg Entretien:

Am Géigesaz zu Heizungskessele musse Wärmepompele manner dacks vun engem Techniker iwwerpréift ginn, wat Sue spuert.

 

Keng Gerochsbelästegung a keng Lagerung vu Brennstoffer:

Bei Wärmepompele musse just zwee relativ kleng, matenee verbonnen Apparater installéiert ginn: een am Haus an een dobaussen.