UNESCO Geodiversity Day 2025
2001 huet d’UNESCO decidéiert, datt de 6. Oktober vun all Joer den internationalen Dag vun der Geodiversitéit ass. Et ass en Dag, dee weltwäit duerfir genotzt gëtt de Mënschen d’Natur mat all hire Facetten nees méi no ze bréngen. Op dësen Dag soll iwwer déi verschidden Aspekter a Funktiounen, déi d’Geodiversitéit huet, informéiert ginn a vermëttelt ginn, firwat et wichteg ass eis Geodiversitéit ze schützen.
Internationalen Dag vun der Geodiversitéit zu Lëtzebuerg
Zënter 2021 mécht och Lëtzebuerg beim Geodiversitéitsdag mat. Dëst Joer ginn um Samschdeg, dem 4. Oktober eng Rei Evenementer organiséiert, déi jidderengem en Abléck an d’Geodiversitéit vun eisem Land bidden. Dat an der Stad Lëtzebuerg, am UNESCO Global Geopark Mëllerdall an der Minett UNESCO Biosphere an och am Naturpark Öewersauer.
Naturwanderungen, Visites guidées oder ënnerierdesch Entdeckungsreesen … Entdeckt de Programm a schreift Iech elo schonn a fir eng vun den geologeschen Entdeckungen, déi mir Iech proposéieren.
D’Evenementer gi vum Naturmusée (MNHN), der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun, der Minett UNESCO Biosphere an dem UNESCO Global Geopark Mëllerdall organiséiert.
Firwat ass Geodiversitéit wichteg?
Geodiversitéit ass den abiotesche Equivalent vun der Biodiversitéit a beschreift d’Diversitéit vu geologeschen, geomorphologeschen, pedologeschen an hydrologeschen Eegenaarten a Prozesser.
D’Geodiversitéit besteet also aus Mineralien, Fielsen, Sedimenter, Fossilien, Buedem, Waasser, Landformen, tektonesch Elementer an hire Strukturen an Arrangementer. Si ëmfaasst all natierlech Prozesser, déi virun op d’Material oder d’Form awierken, ënnerhalen oder änneren (z.B. Tektonik, Erosioun, …). Mënschlech Agrëffer a Prozesser gehéieren net dozou.
Biodiversitéit a Geodiversitéit forméieren déi natierlech Diversitéit vun eisem Planéit.
De komplette Programm op ee Bléck