2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ an der Minett Biosphere ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

2️⃣0️⃣2️⃣5️⃣ Internationaalt Engagement

D’Minett UNESCO Biosphere – global Vernetzung fir lokal Impakter

 

D’Joer 2025 war d’Joer vun enger Intensivéierung vun eisen internationalen Aktivitéiten, wat d’Roll vun der Minett UNESCO Biosphere als engagéierte Partner an Inspiratiounsquell iwwert hir Grenzen eraus bestätegt huet. Vu klimatescher Resilienz iwwert d’Kultur-Transitioun bis zu enke Kontakter mam UNESCO-Weltnetz vun der Biosphärereservater, hunn eis Initiativen drop ofgezielt, global Erausfuerderungen a lokal Opportunitéiten ze transforméieren.

 

Eisen Engagement huet eis bis a China bruecht, wou mir Lëtzebuerg beim 5. Weltkongress vun de Biosphärereservater zu Hangzhou vertrueden hunn. Hei ware mir aktiv mat agebonnen, fir déi nei Entwécklungsstragie fir d’Weltnetz vun de Biosphärereservater fir 2026-2035 ze gestalten. Doriwwer eraus hu mir hei Kontakter geknäppt déi et erméigleche kënne weider Kooperatiounen am Beräich vun der Klimaadaptatioun ze starten an d’Schafe vun engem YouthMAB-Netzwierk fir de Benelux erméigleche kéinten.

 

Am Oktober hu mir mat Freed knapp 50 Delegéiert vum Interreg Projet CoDe-MoRe aus Éisträich a Slowakei am Minett empfaangen, fir hinnen eis Projete vun der Revalorisatioun vun industrielle Frichen an aus dem Beräich vum nohaltegen Tourismus an dem Ëmweltschutz virzestellen.

 

Weltkongress vun de Biosphärereservater

 

Besuch vun de CoDe-MoRe-Partner

 

 

Zesummenaarbecht mat Partner aus der Groussregioun an Nordwesteuropa!

 

De Projet Cool Neighbourhoods, dee vum Interreg-Programm Nordwesteuropa cofinanzéiert gëtt, ass e weidert Beispill fir eis international Engagementer. Als Anticipatioun op zukünftegen Hëtztstress an eise Stied, deen duerch de Klimawandel zouhuele wäert, schaffe mir un der Implementatioun vu lokale Léisungen, wéi enger 100 m² grousser grénger Mauer an engem Schoulhaff zu Déifferdeng. Am Juli waren d’Projetspartner an der Minett UNESCO Biosphere fir virun un den Tools vum Projet, wéi dem “Neighbourhood Heat Stress Action Plan” ze schaffen. Dës solle laangfristeg garantéieren, dass d’Pilotprojete vun dëser internationaler Kollaboratioun am ganzen Nordweste vun Europa kënne replikéiert ginn. 

 

Déi ökologesch Transitioun geet awer wäit iwwer d’Stadentwécklung eraus. Am Kader vum eLo-Projet begleede mir de Kulturberäich bei der Ëmstellung op méi nohalteg Praktiken. No enger grousser Ëmfro 2025, fir konkret Besoinen z’identifizéieren, preparéiere mir fir 2026 gezielte Formatioune fir déi lokal Veräiner fir d’Froe vun der Transitioun ze sensibiliséieren.

 

Interreg Projet “Cool Neighbourhoods”

 

eLo – Den Interregprojet ATRACT-AB

 

Dës Aktioune weisen eis Iwwerzeegung:

 

Nëmmen duerch Zesummenaarbecht an d’Deele vu Wësse kënne mir eng méi resilient, nohalteg a solidaresch Regioun schafen.