🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow MINETT MASH-UP: DE PODCAST
quote quote

D’Konzept

 

All Mount hĂ«lt de Minett Mash-Up Podcast Iech mat op eng Rees. Fir d’Unerkennung vun der Regioun als UNESCO BiosphĂ€rereservat ass d’Konzept vum Minett Trail entstanen. DĂ«se 90 Kilometer laange Wanderwee queesch duerch dĂ©i 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere verbĂ«nnt d’Stied an d’Dierfer vun der Regioun mateneen a brĂ©ngt de Visiteur op nohalteg Aart a Weis an eenzegaarteg Naturlandschaften a bei exzeptionell Sitte vun der Industriekultur. Nodeems mer 2023 e ganzt Joer laang an de Kabaisercher vum Minett Trails op Besuch waren, fir hei dĂ©i eenzel Episode vum Podcast opzehuelen, stinn an dĂ«sem Joer d’Partnerorganisatioune vum IK-CNCI am MĂ«ttelpunkt vun eiser Rees. All Mount besiche mer ee Partner a stellen Iech seng AktivitĂ©ite vir. Doriwwer eraus entdecke mer am Laf vun 2024 och d’Groussregioun, mat Episoden dĂ©i am Saarland, Loutrengen an der Wallonie opgeholl ginn.

 

All Mount begĂ©inen eis Podcaster interessante PersĂ©inlechkeeten, dĂ©i e Bezuch zum Minett oder dem Groussraum LĂ«tzebuerg hunn an dĂ©i eppes z’erzielen hunn. DĂ«s GĂ€scht kommen aus alle BerĂ€icher (Kultur, Sport, Musek, Business, Recherche, 
) a stelle sech an hir Erfarungen, mĂ€ och hir aktuell Projete vir. Et geet drĂ«ms den Nolauschterer eng Inspiratioun ze ginn, sech selwer ze verwierklechen an dĂ©i grouss Offer u MĂ©iglechkeeten an OpportunitĂ©iten, dĂ©i de Minett bitt, z’entdecken.

 

Wann DĂ€r Loscht op Abenteuer hutt, dann entdeckt mat eisem Podcast deen eenzegaartege Minett!

 

 

 

Iwwert eis

 

De Minett Mash-Up ass eng Zesummenaarbecht tëscht:

 

Minett UNESCO Biosphere

 

 

 

D’BiosphĂ€rreservat am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg besteet aus der ganzer Regioun vum Minett esou wĂ©i allem wat dĂ«s enthĂ€lt. Dat sinn dĂ©i natierlech Landshaften, d’Leit, Flora a Fauna an den industrielle Patrimoine.

 

Zesumme mat senge ville Partner am SĂŒden ass et de Syndikat PRO-SUD, deen verantwortlech ass fir d’BiosphĂ€r ze managen. Duerch d’Organisatioun vun Projeten mat regional Biergerbedeelegung, Sensibilisatiounsaarbecht a Fuerschung, soll dĂ©i nohalteg EntwĂ©cklung an d’Harmonie tĂ«scht Mensch a Natur am Minett gefĂ«rdert ginn.

Industriekultur – CNCI

 

 

 

Industriekultur-CNCI asbl (Centre national de la culture industrielle) sĂ«tzt sech a fir d’Industriekultur an den Industriepatrimoine zu LĂ«tzebuerg. Eent vun hiren Haaptziler ass et e kooperative Reseau opzebaue mat de MusĂ©eĂ«n a Associatiounen dĂ©i am BerĂ€ich vun der Industriekultur aktiv sinn. 

 

Fir dass dĂ«se Patrimoine fir weider Generatiounen erhale bleift, schafft den IK-CNCI ënnert anerem Konzepter aus fir al Industriegebaier a -sitte op kreativ Aart a Weis nei ze notzen. Iwwert interessant Projeten a praktesch AktivitĂ©iten brĂ©ngt d’Asbl de Leit d’Industriekultur mĂ©i no.

MUAR – MusĂ©e vun der Aarbecht

 

 

De MUAR – MusĂ©e vun der Aarbecht ass eng Initiativ vun der Gemeng KĂ€l am Kader vun „Esch 2022 – EuropĂ€esch Kulturhaaptstad“.

 

De MUAR ass deen Ă©ischte MusĂ©e zum Thema Aarbecht zu LĂ«tzebuerg, deen als MusĂ©e ouni Maueren dem Visiteur d’MĂ©iglechkeet gĂ«tt d’Welt vun der Aarbecht, iwwer verschidde Manifestatiounen, wĂ©i SeminĂ€ren, Konferenzen, Concerten an informativ Workshoppen, aus verschiddene BlĂ©ckwĂ©nkelen ze entdecken. Mat dĂ«sem Projet soll den industriellen a kulturelle Patrimoine aus der Minettregioun komplettĂ©iert ginn.