Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow D'Produiten
quote quote

Minetter Schof

Kennt Där d’Minetter Schof?

 

100 % Minett-Fleesch fir ze genéissen…

 

 … an den Naturschutzgebitter vun der Südregioun

 

E bësse Geschicht

 

D’Schofsrass “Ardennerschof” ass dëser Deeg de Garant fir eng gutt Gestioun vun den Dréchewisen, déi een an den alen Dagebaugebitter fënnt. Firwat ass dat esou wichteg?

 

D’Minnelandschaften, déi am Laf vum 20. Joerhonnert duerch den Dagebau entstane sinn, sinn nom Schluss vun den industriellen Aktivitéiten, an der zweeter Hallschent vun den 1970er, an duerch hir Erklärung zu Naturschutzzonen, no an no an en natierlechen Zoustand zeréck entwéckelen.

 

Haut fënnt een an dësen Naturschutzgebitter an NATURA-2000-Zonen eng aussergewéinlech interessant Biodiversitéit, dacks och an den Dréchewisen. Fir dës an engem Zoustand z’erhalen, gouf ënnert der Koordinatioun vun der Naturverwaltung (ANF) d’Wanderbeweedung agefouert. Den Trapp, deen duerch d’Schutzzonen zitt, dréit dozou bäi d’Verbuschung vun den Dréchewisen ze bekämpfen a Som vun engem Standuert op deen nächsten ze verdeelen, wat hëlleft de Verloscht u Biodiversitéit ze stoppen.

 

D’Ardennerschof: e Gewënn fir d’Ëmwelt

 

En Trapp vun 350 Schof mat hire Lämmer weet, kontrolléiert vun engem Schéifer vum Landwirtschaftsbetrib Kail a Kail vu Biergem op 10 verschiddene Sitten. D’Ziichter vum Minetter Schof, Pol a Guy Kail, sinn déi eenzeg Baueren, déi an de Kärzone vun der “Minett UNESCO Biosphere” Wanderbeweedung praktizéieren. Se sinn houfreg drop, dës menacéiert Rass ze ziichten, déi ugepasst ass un d’Fleeg vun den Dréchewisen a resistent géint d’Wieder an d’Parasitten aus der Regioun ass.

 

Dëse Konservéierungsprojet dréit also zur Fleeg vu remarkabele Landschaften, inklusiv hirer Biodiversitéit, bäi an hëlleft dës Schofsrass z’erhalen.

 

Wonnert Iech also net, wann dir bei enger Wanderung duerch déi al Dagebaugebitter, dëse Béischten, tëscht Mee, wa se an d’Natur ginn, an Dezember, wa se fir de Wanter an de Stall bruecht ginn, begéint. 

Genéisst se einfach!

 

D’Ardennerschof: e Symbol vum Biosphärereservat?

 

De Projet Minetter Schof verkierpert ganz gutt d’Idealer vun der “Minett UNESCO Biosphere“, déi sech duerfir asetzt, Natur a mënschlech Aktivitéiten am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung an Aklang ze bréngen an an engems op d’Biodiversitéit opmierksam ze maachen!

 

D’Auswierkungen op d’Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt vum Konzept vun der Wanderbeweedung. An enger Zäit also, an där de Verbraucher ëmmer méi Interessi u lokale Liewensmëttel weist an d’Valorisatioun vu lokale Produiten aus dem Biosphärereservat a senger Ëmgéigend eng besonnesch Opmierksamkeet zegutt kënnt, huet de Gemengesyndikat PRO-SUD am Minetter Schof e Projet gesinn, mat deem och qualitativ héichwäertegt Fleesch fir eis Ernierung ze liwweren.

 

Net ze vergiessen, an deem Kontext, sinn och den Déiereschutz, d’Erhale vun enger menacéierter Rass an den natierleche Schätz vum Süden, d’Erhale vun der Biodiversitéit an d’Ënnerstëtzung vu lokale Produzenten duerch eng Mark, déi d’Traçabilitéit an d’Connectioun mat enger Regioun ënnersträicht.

 

Hämmelfleesch als ekonomesch Ressource

PRO-SUD huet dowéinst d’Kommerzialiséierung vum Hämmelfleesch vum Minetter Schof ënnerstëtzt. Am Summer 2022 konnt et duerch e Partenariat tëscht engem Bauerebetrib an der ANF, der “Minett UNESCO Biosphere” an der La Provençale eng éischte Kéier verkaf ginn.

 

All Partner spillt hei seng Roll: d’ANF koordinéiert d’Beweedung vun de geschützten Zonen, de Schéifer hält den Trapp op den Dréchewisen, d’Ziichter këmmere sech ëm de landwirtschaftleche Volet vum Projet Minetter Schof, d'”Minett UNESCO Biosphere” huet den Echange tëscht de Partner koordinéiert an, zesumme mat der Agence ID Communication an der Ënnerstëtzung vum Departement vun der Landesplanung (DATer), e Produktdesign fir d’Marque Mmmh…Minett! entwéckelt. Den Ziichter huet d’Etiquette finanzéiert an d’Provençale këmmert sech ëm déi ganz Logistik vum Verkaf a bezilt d’Ziichter entspriechend de Verkafszuelen. 

 

Wou kritt een dëst Fleesch?

D’Fleesch vum Minetter Schof ass e saisonale Produit, deen tëscht Enn Juli an Uganks Dezember disponibel ass.

 

Cahier des charges