Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow LéierLabs fir Kanner a Jugendlecher
quote quote

CreaFuture

Workshoppe fir een Ëmwelttheema ze verdéiwen,

8-10 Sessiounen wärend engem Trimester

fir Jonker vun 8 bis 19 Joer

 

 

“CreaFuture”-LéierLabs erlaben et Ëmweltthemen, wéi urban Biodiversitéit, méi detailléiert z’entdecken. D’Participanten analyséieren de Sujet um Terrain, sichen no konkrete Schutzmoossnamen a setzen dës duerno ëm. Fir den Ofschloss vum Projet deelen si hir Erkenntnisser mat anere Kanner a Jugendlecher fir dës fir d’Wichtegkeet vum Ëmweltschutz ze sensibiliséieren.

 

Dëse Workshoppen encouragéiert Kanner a Jugendlecher sech aktiv fir Verännerungen a punkto Nohaltegkeet an Naturschutz z’engagéieren.

 

Beispiller vu CreaFuture-LéierLabs

 

Cap Futur 2024 am Lycée Guillaume Kroll: E Projet, dee Konscht a Wëssenschaft verbonnen huet

 

Een Trimester laang hunn d’Schüler vun enger 7ièmes-Klass d’Biodiversitéit ronderëm hir Schoul an an engem Naturschutzgebitt erfuerscht. De Schwéierpunkt loung op der Diversitéit vun de Planzen an der Bestëbsung. D’Schüler konnten esou uschléissend Espacë kreéieren, déi souwuel insektefrëndlech wéi och ästhetesch agreabel sinn.

 

Fir unzefänken hunn déi Jonk, a Coursen, déi Theorie a Praxis matenee verbonnen hunn, hiert Wëssen iwwer déi verschidde Planzefamilljen an hir ökologesch Roll verdéift. Si hunn hiren Observatiounssënn verfeinert an d’Diversitéit vu Liewensformen entdeckt andeems se verschidden Tools benotzt hunn ewéi: en Observatiounsnotizbuch, wëssenschaftlecht Zeechnen a Planzenerkennungsapplikatiounen.

 

An der zweeter Phas hunn d’Schüler un der Gestaltung an der Installatioun vun enger grénger Mauer deelgeholl an och um Austausche vun enger Wiss duerch eng Blummewiss war si aktiv bedeelegt. An enger Rei kollaborative Coursen si kreativ Iddie fir d’Ästhetik vun der Mauer vun hinnen entwéckelt ginn an déi Jonk hunn u prakteschen Aktivitéiten deelgeholl, wéi zum Beispill d’Preparatioun vum Buedem an d’Séine vun der Blummewiss, souwéi d’Beplanze vun der grénger Mauer.

 

Schlussendlech hunn d’Schüler eng Broschür entwéckelt fir d’Resultater vun hirem Projet mat anere Jonken aus hirem Lycée ze deelen. Dës Aktivitéiten hu gehollef hir Kommunikatiounsfäegkeeten ze stäerken an hinnen et erméiglecht d’Biodiversitéit an d’Nohaltegkeet an hirer Schoul an doriwwer eraus ze fërderen.

 

Experte bei dësem CreaFuture-LéierLab waren:

Malika Pailhès – Sound Ecology

Isabelle Mattern – Isabelle Mattern Studio